Radioen

On air

Notturno  |  Wye Oak - Every Day Like The Last

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Eng nei Plattform fir digital Kompetenzen

Digitaliséierung

Eng nei Plattform fir digital Kompetenzen

Bis 2030 sollen an Europa 80 Prozent vun de Leit digital Grondkenntnisser hunn an 20 Milliounen IT-Spezialisten um Aarbechtsmarché sinn. Dat sot d'Vertriederin vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg bei der Presentatioun vun der neier Plattform digitalskills.lu. Dësen Outil ass am Kader vum europäesche Joer vun de Kompetenze lancéiert ginn, mam Zil d'Kompetenzen an Talenter am digitale Beräich weider ze entwéckelen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Europa an d'Bierger fit maache fir den digitalen Zäitalter, dat wier d'Zil, esou d'Anne Calteux virun der Press. Iwwer 75 Prozent vun de Patronen an Europa géife fannen, datt si net déi richteg ausgebilten Aarbechtskraaft hunn. Just 37 Prozent vun den Erwuessene géife reegelméisseg Formatioune maachen.

En Zil vum europäesche Joer vun de Kompetenze wier et fir sech der Problematik bewosst ze sinn, erkläert d'Anne Caleux. D'Sensibilisatioun par Rapport zu deem Probleem, deen a ganz Europa géif virleien. Och zu Lëtzebuerg wéilt een ee Kader schafe fir dogéint unzegoen.

Ze vill Zäit verluer

Et hätt een ze laang eenzel gehandelt, esou de Staats- a Medieminister Xavier Bettel bei der Presentatioun vun der neier Plattform. Bei der Digitalisatioun wier Europa net de Leader.

"Wa mir wëllen eng Onofhängegkeet behale vis à vis vun esou ville Secteuren, déi an Zukunft eng digital Roll nach weider wäerte kréien, ass et wichteg, datt mir als europäesche Kontinent do och méi Onofhängegkeet kréien, wéi dat bis elo de Fall ass."

Datt den digitale Beräich eng ëmmer méi grouss Roll wäert spillen, weisen och d'Zuele vun der ADEM. Wéi hir Direktesch Isabelle Schlesser erkläert, wier d'Informatik dee Beräich an deem et am meeschten oppe Poste géing ginn, awer och dee mat de mannste Kandidaten.

D'Isabelle Schlesser weist dorop hin, datt pro Posten deen deklaréiert géif ginn, d'ADEM am Secteur vun der IT nëmmen 0,17 Kandidate géif kréien.

Et wier awer net nëmmen an den IT-Beruffer wichteg déi digital Kompetenzen ze hunn, esou nach Isabelle Schlesser. Bei 61 Prozent vun all den Job-Offeren wier en Ëmgang mam Computer gefrot.