Eelef Prozent vun de Befroten hunn an der Ëmfro uginn, datt hire Kompetenz-Niveau am Ëmgang mam Internet schwaach wier. 42 Prozent hunn op Mannst eng Kéier op d'Hëllef vun enger anerer Persoun zeréckgegraff fir den Internet ze benotzen.
Ze vill administrativ Servicer online?
D'Internet-Notzer ginn an der Etude an dräi Gruppen agedeelt: Leit déi den Internet vill, duerchschnëttlech oder wéineg notzen.
Am Grupp vun deenen, déi den Internet wéineg notzen, dat sinn 28 Prozent vun de Leit, huet all Fënneften uginn, sech gestresst ze fille beim Surfen.
Ee Véierel vun deem Grupp fënnt, datt den Internet d'Liewe méi komplizéiert mécht, a méi wéi d'Hallschent stéiert sech dorunner, datt verschidden administrativ Servicer just nach online disponibel sinn.
Mee fir déi digital Inclusioun ze verbessere gesäit den Digitalisatiounsministère eng Rei Projete vir.
De "mandat numérique" soll hëllefen
Esou solle Persounen, déi Schwieregkeete mam Notze vum Internet hunn, op d'Hëllef vu forméierte Leit kënnen zeréckgräifen. Beim geplangte Projet vum "mandat numérique", deen et enger Persoun erlaabt fir eng aner Persoun online administrativ Demarchen ze erleedegen, wier déi juristesch Analys elo ofgeschloss, schreift den Digitalisatiounsministère an engem Communiqué.
De Centre des technologies et de l'informatioun de l'Etat CTIE wier iwwerdeems amgaangen déi technesch Aspekter ze analyséiere fir MyGuichet.lu och an deem Sënn unzepassen.