Radioen

On air

Resonanzen  |  Der Albena Petrovic hire musekaleschen Zoufluchtsuert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng nei englesch-sproocheg Grondschoul zu Märel

International School Michel Lucius

Eng nei englesch-sproocheg Grondschoul zu Märel

Zu Lëtzebuerg schwätze vill Leit Englesch. Zënter der leschter Schoulrentrée gëtt et dann och déi éischt ëffentlech englesch-sproocheg Grondschoul. Hir Capacitéite sinn allerdéngs limitéiert.

auto_stories

4 min

Ënnert all de Sproochen, déi déi aktiv auslännesch Residenten zu Lëtzebuerg am Beschte beherrschen, kënnt déi englesch Sprooch enger Statec-Etude no op déi zweet Plaz. Zënter der leschter Schoulrentrée gëtt et zu Märel eng nei Grondschoul, an där d'Kanner op Englesch enseignéiert ginn: D'International School Michel Lucius ass eng ëffentlech, englesch-sproocheg Grondschoul, déi zum Lycée mam selwechten Numm gehéiert. Et ass net déi éischt Schoul an dësem Genre. Zanter der Rentrée 2016 gëtt et zu Déifferdeng schonn eng International Schoul. Och zu Clierf an zu Munneref sinn esou Schoule geplangt.

Britesche System

Am Moment schaffe fënnef Lëtzebuerger a 17 englesch-sproocheg Enseignanten an der International School Michel Lucius, seet hir Directrice Pascale Petry. D'Bedingung wier, datt een Englesch kéint schwätze wéi ee Mammesproochler.

An der Grondschoul si Kanner vu 45 Nationalitéiten a mat 27 verschiddene Mammesproochen. Et ass zwar eng englesch-sproocheg international Schoul, awer och eng ëffentlech Schoul. Sou ass zum Beispill d'Stonnenzuel pro Woch déi selwecht, wéi an allen anere Lëtzebuerger Schoulen. De Contenu vun de Coursen ass awer éischter um englesche System orientéiert, seet d'Pascale Petry.

"Mir hunn eis ganz aktiv fir de britesche System entscheet, well et deen ass, deen am beschten op eis Schüler a Schülerinne passt."

Lëtzebuergesch als Integratiounssprooch

Am éischten an zweete Schouljoer léieren d'Kanner Lëtzebuergesch als Kommunikatiouns- an Integratiounssprooch. Vum drëtte Schouljoer un, gëtt och schreiwe geléiert. Dëse System géif de Famillen an de Kanner d'Méiglechkeet bidden, fir sech an der Lëtzebuerger Gesellschaft z'integréieren, seet den Daniel Redinger, Responsabele vun der Grondschoul.

Am drëtte Schouljoer kann ee sech tëscht Däitsch a Franséisch als Friemsprooch decidéieren. Domat hunn d'Schüler aus enger internationaler Schoul nom sechste Schouljoer allerdéngs net onbedéngt dee selwechten Niveau, wéi déi, déi an enger Lëtzebuerger Schoul waren. Kanner aus Famillen, déi keng vun de Schoulsprooche géife schwätzen, kéinte ganz kloer duerno net an e Lëtzebuerger Secondaire goen, seet d'Pascale Petry. Et wier geplangt, datt een duerno op enger englesch-sproocheger Septième géif weiderfueren.

D'Eltere schéngen dat net als Nodeel ze gesinn. An der Michel Lucius Primary School sinn den Ament 260 Schüler ageschriwwen. Et hätte sech der awer 450 ugemellt gehat. Et hätt ee sech missten un de Capacitéite vun de Gebailechkeeten an der Zuel vun den Enseignanten orientéieren, seet d'Pascale Petry.

"Déi zwou Saachen hunn zesummen erginn, datt mir 16 Klasse konnte mateneen opmaachen."

Schoul als Wirtschaftsfacteur

Dës grouss Nofro gëtt och vun enger Etude vum Educatiounsministère vu viru véier Joer confirméiert. Mataarbechter vun internationalen Entreprisen, déi sech zu Lëtzebuerg néier gelooss hunn, goufe befrot, wat fir si wichteg ass, wa si op Lëtzebuerg schaffen a wunne kommen. 60 Prozent vun de befrote Leit ginn d'Schoul-Offer als decisiv un.

Fir d'Schouljoer 2016-2017 goufen et laang Waardelëschte bei Privatschoulen. Dat wéilt ee mat der neier Offer vun ëffentlechen, internationale Schoulen änneren. "Et ass natierlech och e Wirtschaftsfacteur", seet den Educatiounsminister Claude Meisch. De Ministère géif dacks vun Entreprisen oder Famille kontaktéiert ginn, déi driwwer nodenken, op Lëtzebuerg ze kommen a sech iwwer d'Capacitéite vun internationale Schoule wëllen informéieren. Virun allem wéilt een awer der Lëtzebuerger Populatioun mat hiren ënnerschiddleche Sproochkompetenze gerecht ginn.

Garantie fir de Suivi?

Am Juli hat d'Gewerkschaft vum Léierpersonal SEW kritiséiert, dass d'Directrice vun der Grondschoul och d'Directrice vum Lycée Michel Lucius ass. D'Pascale Petry gesäit dat allerdéngs net problematesch. Dat wier eng Garantie fir e Suivi tëscht deenen zwee Schoulsystemer.

Zu deem Suivi gehéiert och, datt d'Examen all aus Groussbritannien geliwwert ginn an och do nees verbessert ginn, seet d'Pascale Petry. Dës Standardisatioun soll zum Schluss vun der schoulescher Carrière zu engem Diplom féieren, deen Accès op d'Uni garantéiert.