Radioen

On air

Tockcity  |  Babe Rainbow - Obsession

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng modern Immigratiounspolitik am Déngscht vu Wirtschaft a Gesellschaft

Fräie Mikro

Eng modern Immigratiounspolitik am Déngscht vu Wirtschaft a Gesellschaft

D'Pandemie huet de Manktem un Aarbechtskräften a verschiddene Secteure bei eis staark verschäerft. Parallel dozou wunne Mënschen hei zu Lëtzebuerg, déi gäre wéilte schaffen an deene mer keng Erlabnis dofir ginn. Wéi ass dat ze verstoen, freet d'Laura Zuccoli, Presidentin vun der ASBL ASTI, der Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés.

auto_stories

3 min

D'Laura Zuccoli ass Presidentin vun der ASBL ASTI, der Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés. Foto: Archiv

Den Ament erliewe mer zu Lëtzebuerg an a ganz Europa e Manktem un Aarbechtskräften, och a manner héich qualifizéierte Beräicher ewéi der Logistik, dem Transport, um Bau, am Horeca-Secteur oder bei de Fleegedéngschter.

Zur gläicher Zäit liewen zu Lëtzebuerg Mënschen, déi et ganz schwéier hunn eng Erlabnis ze kréie fir legal bei engem Patron ze schaffen, well se keen europäesche Pass hunn.

Verschiddener schaffen iwwer Joren ouni ugemellt ze sinn. Sie hoffen drop, enges Daags regulariséiert ze ginn. Et kéint een hinne jo eng provisoresch Openthaltsgeneemegung ausstellen a wann se eng Aarbechtsplaz fannen - z.B. an engem Secteur, wou eng Penurie besteet - hinnen eng Aarbechtserlabnis accordéieren.

Well mer eis fräi an Europa beweege kënnen, kommen och Auslänner op Lëtzebuerg, déi e legalen Openthalt an engem aneren EU-Land hunn, déi awer do keng Aarbecht méi fannen an dofir bei eis hiert Gléck probéieren. Dorënner sinn och vill Mënsche mat Diplomer, ënner anerem am Handwierk.

Mee well se keng Nationalitéit aus engem EU-Land hunn, kréie se vun eisen Autoritéite keng Erlabnis fir hei ze schaffen. Eist Immigratiounsgesetz gesäit nämlech vir, datt een als Net-EU-Bierger eng Erlabnis muss ufroen, éier een hei an d'Land schaffe kennt.

Problemer an de Prozeduren

Dës Leit sinn an der Reegel héich motivéiert, si wëlle schaffen, dacks, well se eng Famill am Heemechtsland hunn, déi op hier finanziell Ënnerstëtzung ugewisen ass.

Et sinn dorënner Mënsche mat Diplomer aus Länner, déi bei eis net unerkannt ginn. Sou gi bei de Gesondheetsberuffer nëmmen Diplomer unerkannt, wann d'Formatioun an engem aneren EU-Land gemaach gouf. Eisem Aarbechtsmaart ginn doduerch wäertvoll Aarbechtskräfte verluer, ewéi Dokteren oder Fleegepersonal, déi mer an dëse schwéieren Zäite vu Pandémie dringend brauchen.

Sécher musse mer eis vergewësseren, datt hier Formatiounen eise Standarden entspriechen. Mee am Géigendeel zu anere Länner, déi speziell Programmer fir en Upgrade vun den Initialformatioune fir esou Leit virgesinn, gëtt et bei eis fir si keng Unerkennungscoursen mat enger klorer Prozedur.

De Leit Dieren opmaachen

Mir hunn hei zu Lëtzebuerg och vill Auslänner, déi mat hirem Partner kommen. An déi sinn dacks och zolidd qualifizéiert. Verschidden Etüden, ënner anerem vun der OECD, hu schonn drop higewisen, datt Lëtzebuerg méi Efforte misst maache, fir dëse Leit appropriéiert Begleedungsprogrammer unzebidden, fir se op den Aarbechtsmaart ze kréien.

Firwat gi mer keng sektoriell Erlabnisser fir déi Beräicher, an deenen eng Penurie besteet? Firwat bidde mer keng gezielte Weiderbildunge fir dës Leit an deene Beruffer un? Firwat maache mer hinnen d'Dier net op fir den Apprentissage des Adultes, ginn hinnen d'Méiglechkeet, hiert Liewen ze verdéngen an eng Ausbildung ze kréien, déi mer op eisem Aarbechtsmäert dringend sichen?

Lëtzebuerg brauch eng modern an transparent Immigratiounspolitik, déi eiser ekonomescher Realitéit an eisen demografeschen Erausfuerderungen ugepasst ass.

Eis Wirtschaft jäizt a jéimert, den Déngschtleeschtungssecteur kräischt a klot - an d'Politik stécht weiderhin de Kapp an de Sand.

E bësse politesche Courage a Wëlle si gefrot!


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.