Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng mëttel- a laangfristeg Perspektiv kréien

Wirtschaft

Eng mëttel- a laangfristeg Perspektiv kréien

De Luc Frieden gleeft net un eng séier Reprise vun der Économie. De fréiere Finanzminister an aktuelle President vun der Handelskammer mengt, datt d'Wirtschaft sech nëmme lues vum Corona-Schock erhuele wäert, an datt et wuel dräi Joer dauert, bis se nees um Niveau vu virun der Kris ukomm ass.

auto_stories

3 min

De Luc Frieden réit dozou, eng Staatsschold op engem Niveau vun ënner 25 Prozent vum PIB unzestriewen an op Steiererhéijungen ze verzichten.

"Wéi finanzéiert een den Defizit? Entweder datt een d'Depensë reduzéiert oder d'Recetten héicht. An d'Recetten erhéijen ass natierlech kontraproduktiv fir d'Ekonomie, fir de Konsum, fir den Invest. An dofir ass dat keng gutt Léisung."

Fir de Luc Frieden misst et kuerzfristeg ouni Steiererhéijunge goen, well dat "Gëft" fir déi wirtschaftlech Entwécklung wier. "An ech géif och mengen, datt ee mëttel- a laangfristeg soll keng Steiererhéijunge maachen." D'Steieren zu Lëtzebuerg wiere relativ héich am internationale Verglach.

"An dofir mengen ech, datt een elo an der Kris en Defizit kann acceptéieren, deen een net duerch Steiere muss finanzéieren. A mëttel- a laangfristeg muss ee kucken, datt een éischtens Rahmebedingunge schaaft, déi d'Ekonomie dreiwen, spruddele loossen, an domat méi Recettë kréien. An zweetens, datt een dann och kuckt, le cas échéant, verschidden Ausgaben ze reduzéieren, fir datt den Defizit net ze grouss ass."

Mëttel- a laangfristeg Perspektiven

E Mëttwoch stellt den DP-Finanzminister Pierre Gramegna dee Staatsbudget fir d'Joer 2021 vir. Fir d'Entreprise wier et hei wichtegt, datt et mëttel- a laangfristeg Perspektive ginn, seet de President vun der Handelskammer. "Ech mengen, d'Leit brauchen en Element vun Optimismus a vun Hoffnung."

Et wier wichteg Signaler ze sende fir ze weisen, a wéi eng Richtung et geet, "souwuel kuerzfristeg mat den Hëllefen, wéi och laangfristeg, datt se (d'Betriber, ndlr) kënnen ausbauen". Fir de Luc Frieden si Steierreduktiounen och eng Méiglechkeet, déi ee mëttelfristeg op de Wee kéint bréngen.

Fir de President vun der Handelskammer ass et wichteg neie Betriber ze signaliséieren, datt se wëllkomm sinn. "Mir kënnen eis net op deem ausroue wou mer elo sinn, mir mussen och e Land bleiwen, dat auslännesch Investisseuren och an Zukunft wäert unzéien." Anescht kéint een de Liewensstandard a -qualitéit net assuréieren, seet de Luc Frieden.

Eng Balance fannen

De Staat wier natierlech gefuerdert, fir de Betriber erëm op d'Spreng ze hëllefen. Mee dat misst net onbedéngt Geld kaschten. E wirtschaftsfrëndlecht Ëmfeld kéint een och mat anere Mesurë schafen. De Luc Frieden nennt als Beispill "keng iwwerdriwwen Oplagen" oder d'Simplification administrative.

Fir de President vun der Handelskammer gehéiert de richtegen Equiliber tëschent der Ëmwelt an der Ekonomie derbäi, mee "et kann een net bei all Päiperlek a bei all Schleek, deen dorëmmer ass - an ech karikaturéieren dat bewosst - soen, dofir kënne mer do näischt maachen."