Europawahlen 2019 Eng Majoritéit aus der Mëtt

De Spëtzekandidat vun der Europäescher Vollekspartei seet, hie wéilt am nächsten Europaparlament net mat Parteien zesummeschaffen, déi riets vu senger Partei stinn.

Rick Mertens / cbi

Manfred Weber
De Manfred Weber ass Spëtzekandidat fir EU-Kommissionspresident ze ginn

Am 100,7-Interview betount de Manfred Weber, hie wéilt net op d'Stëmme vu rietsnationalen EU-Deputéierten zeréckgräife fir Kommissiounspresident ze ginn. Mat Rietspopulisten a Rietsnationale kéint ee keen neit Europa opbauen, esou den CSU-Politiker, dofir wéilt hien eng Majoritéit an der "prodemokratescher, europäescher Mëtt" fannen.

Blockade verhënneren

Fir de Spëtzekandidat vun der Europäescher Vollekspartei ass d'Steierkonkurrenz tëschent de verschiddenen EU-Länner eng gutt Saach. De Manfred Weber seet, déi eenzel EU-Länner dierften hir Steiertauxen net vu Bréissel diktéiert kréien.

Op verschidde Problemer missten d'Finanzminister awer eng Äntwert fannen. Et dierft net zu Blockade kommen, an dofir misst een doriwwer schwätze fir d'Ofstëmmungsmethoden ze änneren. De Manfred Weber nennt hei konkret d'Beispill vun de Steierlächer, wou d'Bierger kloer Äntwerten erwaarden.

Am Moment hunn déi eenzel EU-Länner d'Méiglechkeet, europäesch Decisiounen am Steierberäich ze blockéieren, wa se net domat averstane sinn. Op EU-Niveau gëtt awer doriwwer diskutéiert, dëst Vetorecht ofzeschwächen. D'Lëtzebuerger Regierung ass dogéint, datt de System geännert gëtt.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Philippe Lamberts
Europapolitik

De belschen Europadeputéierte Philippe Lamberts hat 2014 am Europaparlament fir de Jean-Claude Juncker gestëmmt, mee géint seng Kommissioun. Hie weist sech awer enttäuscht vum Lëtzebuerger.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen