LCGB "Eng Kris fänkt een net eréischt un ze bewältege wa se eriwwer ass"

D'Krisepolitik hätt am Moment kee globaalt Konzept, mee géif just aus eenzelne Léisunge fir eenzel Problemer bestoen. Dat seet de Patrick Dury, dee leschte Samschdeg mat méi wéi 95 Prozent vun de Stëmmen als President vum LCGB confirméiert gouf.

Maurice Molitor (Interview) / Tessy Troes (Web)

Patrick Dury
De Patrick Dury ass zanter 2011 Nationalpresident vum LCGB.

Den alen a neie President vum LCGB fuerdert, datt zäitno eng Reunioun vun der nationaler Tripartite aberuff gëtt.Et wier d'Aufgab vun der Tripartite, e globaalt Konzept ze skizzéieren, mat Krisen-Mesuren, déi zesummenhänken.

Wéi fest d'Patronat nach zum Lëtzebuerger Sozialmodell steet, wier net kloer ze erkennen, sou de Patrick Dury. Am Hierscht 2019 hätt den deemolegen UEL-President de Sozialdialog opgekënnegt. Wärend der Kris a bis haut hätt et awer och Momenter vu ganz gudder Zesummenaarbecht ginn.

Verhandlungsrecht verdeedegen

Seng Gewerkschaft wéilt keen eliminéieren, sou nach de President vum LCGB. Am Bankesecteur hätte seng Gewerkschaft an den OGBL zwar zesumme gefrot, datt de Bankesyndikat ALEBA seng sektoriell Representativitéit oferkannt kritt. Dobäi wier et awer net drëm gaangen e Konkurrent lass ze ginn:

"Dat wat hei geschitt ass, ass, datt déi gréisst Gewerkschaft an deem Secteur, déi u sech awer keng sektoriell Representativitéit méi huet, eleng verhandele gaangen ass. Si huet eis emol net matgeholl. Mir hunn näischt anescht gemaach wéi eis eist Verhandlungsrecht ze garantéieren, fir dat ze verdeedegen."

Digitaliséierung an Zäite vu Pandemie

D'Digitaliséierung, déi duerch d'Pandemie séier u Gewiicht gewonnen huet, ass fir de Patrick Dury eng Medail mat zwou Facetten: et gi Leit, déi riskéieren op der Streck ze bleiwen, mee d'Produktivitéit géif an d'Luucht goen. Dat soll nei Iwwerleeungen opmaachen, esou de President vum chrëschtleche Gewerkschaftsbond:

"Wann een hei elo géif mierken, datt d'Ekonomie an engem anere Rhythmus dréint, datt mat manner Leit vill méi Aarbecht ka gemaach ginn, da muss een iwwer eng Aarbechtszäit-Verkierzung kënne schwätzen. Ech kann elo haut kee Prozentsaz nennen, kee Modell. Dat muss sech erginn, aus der Entwécklung."

Virun aacht Deeg hat de Vize-Premier an Aarbechtsminister Dan Kersch um LSAP-Kongress eng änlech Ausso gemaach.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Patrick Dury
Industriepolitik

D'Regierung géif eng Politik bedreiwen, déi "Aarbechtsplaze verhënnert, amplaz der ze schafen", seet de Patrick Dury vum LCGB. De Réckzuch vu Fage wier eng "Faillite-Erklärung" fir d'Industriepolitik.

Luxemburger Wort
Sozialkonflikt bei Saint Paul Luxembourg

D'Verhandlunge fir den ugekënnegte Sozialplang beim Grupp Saint-Paul Luxembourg ginn de Mëtteg an déi drëtte Ronn. Den LCGB fuerdert, datt d'Beschäftegungsgarantie - wéi se am Kollektivvertrag virgesinn ass - respektéiert gëtt.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen