Sozialwahlen 2019 "Eng harmonesch Sozialgestaltung vun de Paie garantéieren"

De Postsyndikat stellt keng Kandidaten op fir d'Wahle fir d'Salariatskammer. Et hätt een net d'Leit, déi sech dofir géifen interesséieren, seet de President vum Postsyndikat Gilbert Goergen. Et wéilt ee léiwer am Betrib an der Delegatioun matschaffen.

Mick Entringer / cbi

Claude Strasser a Gilbert Goergen
De Claude Strasser, Generaldirekter bei der Post, an de Gilbert Goergen, President vum Postsyndikat am Face-à-face.

De Postsyndikat, deen un d'Staatsbeamtegewerkschaft gegliddert ass, huet aktuell fënnef vu 15 Vertrieder an der Personaldelegatioun. Den OGBL an de LCGB hunn och all Kéier fënnef Vertrieder. Bei de Sozialwahle wëllt de Postsyndikat eng absolut Majoritéit erreechen, fir kënnen den nächste Kollektivvertrag mat ze ënnerschreiwen. Ob dat juristesch méiglech ass, ass net kloer.

De Postgeneraldirekter Claude Strasser seet dozou: "Et ass just esou, datt wa mir eng Tripartite vis-a-vis sëtzen hätten, déi awer net onbedéngt dozou féiert, datt de Prozess méi einfach gëtt oder méi schnell virukënnt. Munchmol gesi mir, huet ee méi d'Gefill, d'Diskussiounen oder Point de divergence, ënner den dräi Gewerkschaften, wéi mir der heiansdo selwer ausmaachen."

Ënnerschiddlech Statute vum Post-Personal

Bei der Post ginn et ënnerschiddlech Statue vum Personal. Fir de Gilbert Goergen, President vum Postsyndikat, ass dat eng Erausfuerderung: "Wann een déi eng Säit Fonctionnairen an Employé publicen huet, an déi aner Säit huet ee Leit aus dem Salariat, da muss een awer kucken ee Spagat ze maachen tëschent deenen zwee Statuten, an déi Leit mussen och kënne mateneeschaffen."

Dës verschidde Statute géifen Tensioune provozéieren, déi net gutt fir de Betrib wieren, seet de Gilbert Goergen:

"An déi Jalousien, déi dann um Terrain sinn, bréngen dem Betrib mengen ech net all ze vill. Ech kucken och, wéi vill d'Ofgäng sinn, Leit, déi bei eis schaffe kommen, déi awer no enger Rei vu Méint dann awer mol fort ginn - wat awer och an der Privatindustrie esou ass, datt d'Leit dohinner kommen, a wa si dann eng besser fannen, gi si fort. Mee u sech hate mir dee Fall ni. Mir hunn eis Leit gutt forméiert a konnte laang vun hinne soi-disant profitéieren. Mee d'Leit haten och Loscht drop, bei der Post ze schaffen."

Revendicatioune fir de Kollektivvertrag

Fir de Postsyndikat ass et am Wichtegsten, datt am neie Kollektivvertrag d'Paien an alle Strukturen erëm op een Niveau kéinte kommen, datt d'Leit de Betrib net erëm no dräi bis véier Méint verloosse géifen, erkläert de Gilbert Goergen. Et wéilt een eng "harmonesch Sozialgestaltung vun de Paie" kënne garantéieren.

De Claude Strasser äntwert dorop:

"Vläicht awer ee Wuert zu deene ville Leit, déi eis géife verloossen. Also mir hunn en Taux de rotation bei der Post, deen ass extrem niddreg, do géifen déi meeschten Entreprisen am Land sech d'Fangeren dono lecken. An déi Departen, déi mir hunn, dat ass effektiv richteg, där ginn et der eng Rëtsch vläicht méi, wéi an der Vergaangenheet, dat huet awer méi mengen ech mat engem generelle gesellschaftleche Phenomen ze dinn, datt et hautdesdaags méi schwéier ass, eenzel Leit fir bestëmmten Aarbechten ze motivéieren. An do wou mir schnell Ofgäng hunn, ass ganz oft well den Job, zum Beispill dee vum Bréifdréier, wéi zum Beispill dee vun de Leit, déi dobaussen um Chantier schaffen, munchmol e penibelen an haarden Job ass. A mir gesinn, datt d'Leit sech net ëmmer däers bewosst sinn, wa si eng Aarbecht unhuelen."

Beim Etablissement public Post schaffen eng 3.500 Leit: zur Hallschent Staatsbeamten a Salariéen. Déi ënnerschiddlech Statuten ze geréiere wier net ëmmer einfach, sot de Postgeneraldirekter Claude Strasser. Mëttlerweil hätt ee sech awer dorunner gewinnt, an et géif wéineg Problemer am Alldag ginn. De Gilbert Goergen vum Postsyndikat schwätzt sengersäits vun Näid a Barrièren tëschent de Leit.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Nicolas Buck
Sozialwahlen

D'Patronat wëllt an den nächste Jore keng nei Initiativ fir d'Aféiere vun engem Auslännerwahlrecht ze lancéieren, seet den Nicolas Buck. Den Nach-President vun der FEDIL gëtt a knapp engem Mount den neien UEL-President.

De Jean-Claude Poos vun der NGL-SNEP
Sozialwahlen 2019

D'NGL-SNEP kandidéiert bei de Sozialwahlen net méi fir d'Salariatskammer. Fir kleng Gewerkschafte wier dat ze opwändeg. Wéi eng Bedeitung hunn d'Sozialwahle fir eng kleng Gewerkschaft wéi d'NGL-SNEP?

Eng Versammlung
Sozialwahlen 2019

An enger S.A., bei där de Staat iwwer 25 Prozent vun de Parten huet, muss d'Personal am Verwaltungsrot vertruede sinn. Dat gëtt net ëmmer agehalen, well keen d'Applikatioun vum Gesetz afuerdert.

Estelle Winter, Dores Azeredo
Sozialwahlen 2019

D'Aarbechtskonditiounen am Botzsecteur wiere ganz schwiereg, soen d'Estelle Winter an d'Doris Azeredo. D'Salariéen hätten extrem flexibel Aarbechtszäiten, vun hinne géif eng grouss Mobilitéit erwaart ginn.

Chambre des Salariés
Sozialwahlen 2019

All Betrib mat iwwer 15 Salariéë muss eng Personaldelegatioun hunn. Hir Aufgab ass et, fir d'Interesse vun de Salariéen a Saachen Aarbechtskonditioune géintiwwer dem Patron ze vertrieden.

Tiago Ferreira an de Jean-Luc De Matteis
Bausecteur

Et géif e groussen Drock gi fir Bauprojete méi séier fäerdeg ze kréien, do si sech den Tiago Ferreira an de Jean-Luc De Matteis eens. Béid Gewerkschaftler fuerdere méi Kontrolle vun der ITM um Terrain.

Jean-Jacques Rommes
Wirtschaft a Soziales

Dës Attitüd vun der Regierung kéint een am Aarbechtsrecht feststellen, genee wéi an der Finanzpolitik, der Gouvernance vun der Sécurité Sociale, de Pensiounen an deemnächst och am Konsumenteschutz, sou de Jean-Jacques Rommes.

Laurent Mertz
Sozialwahlen

D'ALEBA ass der Meenung, datt deen zousätzleche gesetzleche Congésdag och am Banken- an Assurancësecteur fälleg ass, seet de Generalsekretär vun der Gewerkschaft Laurent Mertz.

Websäite vu Gewerkschaften
Sozialwahlen 2019

Bei de Sozialwahlen am Mäerz sinn iwwer 500.000 Persoune wahlberechtegt. Dorënner Lëtzebuerger, Frontalieren an Auslänner. D'Villsproochegkeet ass een Thema, dat d'Gewerkschafte berücksichtegen.

Patrick Dury
Sozialwahlen 2019

Dem OGBL géif et net ëm eng Eenheetsgewerkschaft goen, mee ëm eng eenzeg Gewerkschaft, seet den LCGB-President Patrick Dury. D'Zesummenaarbecht aus der Vergaangenheet hätt den OGBL op en Enn bruecht.

Konferenz clc iwwer d'Sozialwahlen
Sozialwahlen

Vu wéini u muss e Betrib eng Personaldelegatioun stellen? Mussen an engem Betrib mat méi Gesellschaften och méi Personaldelegatioune gewielt ginn? D'confédération luxembourgeoise du commerce liwwert Äntwerten.

Andre Roeltgen
Sozialwahlen

Den OGBL wëllt no de Sozialwahle weiderhin de President vun der Salariatskammer stellen, seet den André Roeltgen. Hie wëllt awer net kommentéieren, ob hie selwer um Posten interesséiert ass.

Jean-Claude Reding
Sozialwahlen 2019

No zéng Joer un der Spëtzt vun der CSL wëllt de Jean-Claude Reding net méi als CSL-President kandidéieren. Als Successeur kann hie sech den OGBL-President André Roeltgen gutt virstellen.

Bréifwahl
Sozialwahlen 2019

264 Kandidate vu sechs Gewerkschafte gi mat an d'Wahle fir d'Salariatskammer. Déi 60 Membere vun der CSL ginn am Mäerz per Bréifwahl gewielt. Wahlberechtegt sinn 526.476 Salariéen a Pensionéierter.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen