40.000 däitsch Frontaliere schaffen zu Lëtzebuerg. Fir Drock aus der schwiereger Verkéierssituatioun ze huelen, déi dorausser entsteet, sollte grenziwwerschreidend Aktivitéitszone geschaaft ginn. Den Heinrich Kreft huet vun enger "Sonderwirtschaftszone" un der Grenz geschwat. Zum Beispill tëschent Iechternach an Irrel.
Dofir missten awer steierlech Viraussetzunge geschaaft ginn. D'Steiere ginn do bezuelt, wou ee schafft. An Däitschland gëllt d'Reegel, wann däitsch Frontalieren, déi zu Lëtzebuerg schaffen, iwwer 19 Deeg am Joer ausserhalb vu Lëtzebuerg täteg sinn, datt si dann an Däitschland besteiert ginn.
Zur aktueller Kris tëschent Russland an der Ukrain an der Roll, déi Däitschland am Konflikt kéint anhuelen, mengt den däitsche Botschafter net, datt et zum Krich kéint kommen. Et géif een d'Spannungen awer eescht huelen. Den US-President Donald Trump hätt sécherlech erkannt, datt Däitschland zu Russland an der Ukrain wichteg Bezéiungen hätt, déi och genotzt sollte gi fir déi Kris ze entschäerfen, esou den Heinrich Kreft.