Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ "Eng Gewerkschaft steet a fält mam Terrain"

Sozialwahlen 2019

"Eng Gewerkschaft steet a fält mam Terrain"

Dem OGBL géif et net ëm eng Eenheetsgewerkschaft goen, mee ëm eng eenzeg Gewerkschaft, seet den LCGB-President Patrick Dury. An der Vergaangenheet hätt ee plazeweis gutt mateneegeschafft, dat wier vum OGBL op en Enn bruecht ginn. Wann ee wéilt zesummeschaffen, da misst een deen aneren och respektéieren, esou de Patrick Dury.

auto_stories

2 min

De Patrick Dury hofft, datt den LCGB gestäerkt aus de Sozialwahlen ervirgeet.

De Chrëschtleche Gewerkschaftsbond hätt an de leschten zwee Joer iwwer 5.000 nei Memberen dobäi gewonnen. Den LCGB rechent domadder fir gestäerkt aus de Sozialwahlen am Mäerz ervirzegoen. Schwéierpunkttheme fir d'Wahle sinn ënner anerem d'Stäerkung vun der Kafkraaft, Steierpolitik, Aarbechtszäiten, Bekämpfung vum Chômage, an en Zesummeféiere vum Privatsecteur mam ëffentlechen Déngscht. Dës national Themen hätten en direkte Bezuch op d'Problematiken an de Betriber, seet de Patrick Dury:

"Wann ech zum Beispill iwwer Theme wéi d'Digitalisatioun schwätzen, dann ass dat u sech keen nationaalt Thema, mee en Thema, dat d'Leit um Terrain all Dag beréiert. En Thema, dat d'Leit an hirer Aarbecht direkt touchéiert. Wann Aarbechtsplaze verschwannen, wann nei Aarbechtsmethoden entstinn, wann nei Aarbechtsformen am Betrib entstinn, ass dat um Terrain. Esou datt een net menge kann, datt eng national Campagne näischt mam Terrain ze dinn hätt. Eng Gewerkschaft steet a fält mam Terrain."

Prinzipien, déi fir jiddwereen d'selwecht sinn

Et wéilt een och de Privatsecteur an den ëffentlechen Déngscht méi no zesummeféieren:

"Ech wëll elo dovunner schwätzen, datt mir gewësse Prinzipien hei am Land mussen hunn, déi fir all Mënsch d'selwecht sinn, wéi zum Beispill d'Krankheet. Mir hunn am Secteur privé haut ëmmer nach de Problem, datt e Mënsch no 78 Wochen u sech seng Existenz riskéiert ze verléieren. Mir sinn der Meenung am LCGB, datt e Mënsch, dee schwéier krank ass, mir schwätzen hei vu kriibskranke Leit, vu Leit, déi Häerzproblemer hunn, u sech esou laang ka krank sinn, bis hien erëm gesond ass. Oder wann hien net méi gesond gëtt, an eng Invaliderent ka goen. Dat ass haut u sech net garantéiert a mir wäerten eis do net gi bis mir u sech do eng Léisung fonnt hunn, déi zefriddestellend ass."

En zweet, konkret Beispill wieren Zäitspuerkonten, déi nach virun de Chamberwahle fir de Secteur public gestëmmt goufen. "De Secteur privé waart elo nach drop. Dat si kleng awer fein Differenzen. A mir hätte gär, datt dat u sech an eng Richtung geet.", esou de Patrick Dury.

Dezent vum Mindestloun liewen

Een anert Schwéierpunktthema vum LCGB fir d'Wahlen ass d'Stäerkung vun der Kafkraaft. D'Regierung hat 100 Euro netto méi fir d'Salariéë versprach. Een Deel dovunner gouf mat der Hausse vum Mindestloun op den 1. Januar ëmgesat. De Rescht soll nach iwwer eng aner Reegelung nokommen.

Fir de Patrick Dury geet dat awer net duer: Hie fuerdert eng automatesch Upassung vum Mindestloun un de Seuil de pauvreté, fir datt een de Phenomen vun der "working poor" Klass net géif kréien, mee datt een och vum Mindestloun dezent kéint liewen.