Radioen

On air

De Weekend  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng gerecht Unerkennung vun der Aarbecht vun de Frontalieren

Fräie Mikro

Eng gerecht Unerkennung vun der Aarbecht vun de Frontalieren

Ouni d'Frontaliere géife ganz Beräicher am Land zesummebriechen - ënner anerem d'Gesondheet an d'Fleeg. Awer wou bleift d'Unerkennung vun hirer Aarbecht, déi eis Politiker wärend der Pandemie ëmmer erëm ënnerstrach hunn, freet am Fräie Mikro d'Laura Zuccoli, Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

Den 31. Mäerz ass d'Zuel vu 500.000 Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg iwwerschratt ginn. Eng Hausse vun 3,7 Prozent an engem Joer. Ronn 42 Prozent vun alle Salariéë si Grenzgänger. Déi méi héich Salairen zu Lëtzebuerg droe sécher zur Motivatioun bäi, fir op d'Aarbecht ze kommen an dobäi stonnelaang am Trafic ze hänken.

Nëmmen en Drëttel vun de Frontaliere si Fraen. Zu zwee Frontalieren ze sinn, an ëmmer zur Zäit doheem ukommen, wann d'Kanner aus der Schoul oder der Maison Relais kommen , ass schwéier. Frontalieren hunn zwar Urecht op e chèque service, och wa si hier Kanner an hirem Land betreie loossen, mee si kënnen nëmmen dovu profitéieren, wann dës Strukturen, den héije Norme vu Lëtzebuerg entspriechen - an dat ass net oft de Fall an der Groussregioun.

Lëtzebuerger Investitioune beschränke sech reng op den Transport

An de Randgemenge ronderëm eis Grenze gi vill Lotissementer gebaut fir Frontalieren, op déi mir ugewise sinn an déi vun ëmmer méi wäit hierkommen. D'Infrastrukturkäschte mussen dës Géigende selwer droen. Eng gutt Affär fir de Lëtzebuerger Staat, dee jo d'Lounsteieren asäckelt mee zum Beispill net fir d'Grondausbildung vun de Frontalierskanner muss opkommen. D'Cour des Comptes huet bei der Kontroll vun den Ausgabe vun 2019 e Boni vu 4,1 Milliarden Euro bei der Lounsteier festgestallt. Bal d'Hallschent vun den Ugestallten zu Lëtzebuerg si Frontalieren. Hir Lounsteier fléisst an d'Lëtzebuerger Keess. Mat hire Sue maache mer grouss Investissementer am Interêt vun der Liewensqualitéit vun de Mënschen déi hei wunnen. Um Bockel vun deenen, déi se abezuelt hunn.

553 Gemengen an der Belsch mat Awunner, déi zu Lëtzebuerg schaffen, kréien dëst Joer 48 Milliounen ausbezuelt fir Käschten am Zesummenhang mat de Schoulen oder der ausserschoulescher Betreiung. En Deel vun de Lounsteieren, déi belsch Frontalieren abezuelen. Frankräich an Däitschland, vu wou 2/3 vun eise Frontalieren hierkommen, kréien näischt, obwuel si dat zënter Jore froen. Lëtzebuerg bedeelegt sech wuel a béide Länner un där enger oder anerer punktueller Investitioun, mee et bleift reng op den Transport limitéiert, wéi zum Beispill den Amenagement vun engem Park & Ride oder d'Erweiderung vun engem Quai!

Eng realistesch Ëmverdeelung vun der Recetten ass néideg

An anere Länner, wou vill Frontaliere wunnen, ginn dës Lounsteieren aneschters verdeelt. Am Schwäizer Jura oder an Däitschland ginn d'Steieren do bezuelt, wou d'Leit wunnen. Frankräich iwwerweist eng Kompensatioun un déi Länner, aus deene Frontalieren hierkommen. Am Kanton Genève, wou vergläichbar Zuele vu Frontalieren aus Frankräich an d'Schwäiz schaffe ginn, besteet e Schlëssel, no dem déi abezuelte Steieren automatesch u Frankräich weidergeleet ginn.

Wann ee Land vun der Groussregioun profitéiert, dann ass et Lëtzebuerg. Zu Paräis, Berlin oder Bréissel kucke se oft mat vill Mësstrauen op eis. Eng ugemoossen Unerkennung vun der Aarbecht vun de Frontalieren erfuerdert dofir och eng realistesch Ëmverdeelung vun de Recetten, déi si eisem Budget abréngen. Dovu profitéieren d'Grenzgänger an hir Famillen, d'Awunner vun der Grenzregioun an net zulescht och d'Lëtzebuerger.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren.