Radioen

On air

Kultur um 5  |  LCD Soundsystem - Time To Get Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Gefor fir d'Onofhängegkeet

Radio 100,7

Eng Gefor fir d'Onofhängegkeet

De radio 100,7 brauch een neit Gesetz, soen europäesch Experten. Dat weisen awer och problematesch Entwécklungen um Enn vun dëser Legislaturperiod. Eng Mediechronik vun der Chefredaktioun.

auto_stories

6 min

D'Gebai vum radio 100,7

D'Redaktioun vum radio 100,7 ass onofhängeg. An de leschte fënnef Joer gouf keen Afloss op eis journalistesch Aarbecht geholl a mir konnte fräi schaffen. Dat weisen eis alldeeglech Aarbecht an eis investigativ Recherchen, wéi zum Beispill an der Srel-Affär a beim Chamberleak.

Zur Onofhängegkeet vun engem ëffentlech-rechtleche Radio gehéiert awer och seng Gouvernance: Dës muss garantéieren, datt de Verwaltungsrot op eng transparent Manéier am Interessi vun der Ëffentlechkeet handelt an net vu Politiker oder eenzele Conseilsmemberen.

Wéi vulnerabel de Radio als Institutioun ass, wann déi Onofhängegkeet net garantéiert ass, weist dat lescht Joer.

Warnung vun europäeschen Experten

Am Fréijoer huet de radio 100,7 en Audit maache gelooss: D'"Peer Review" vun der European Broadcasting Union (EBU). Europäesch Experte vun ëffentleche-rechtleche Radioen hu ville Mataarbechter vum 100,7 an anere Leit zwee Deeg laang vu moies bis owes Lächer an de Bauch gefrot. De Rapport vun Abrëll 2018 ass ëffentlech.

De Radio gëtt hei gelueft. Zum Beispill heescht et, datt vill jonk Journalisten immens motivéiert sinn a sech staark mam ëffentlech-rechtlechen Optrag identifizéieren.

Et gouf awer och Kritik um interne Fonctionnement, grad ewéi un der externer Gouvernance. Am Betrib goufe verschidde Recommandatioune séier ëmgesat. Aner Recommandatiounen, un de Verwaltungsrot an d'Politik, sinn ignoréiert ginn.

Problematesch Reformbeméiungen

"Den aktuelle Gouvernance-System ënnerläit dem Risiko vun enger Politiséierung", wat eng "Gefor fir d'Onofhängegkeet" vum radio 100,7 kéint sinn, steet am Rapport. Et wier e Risiko, datt de Budget vum Radio vun der Regierung fixéiert gëtt an datt déi néng Conseilsmembere vun der Regierung nominéiert ginn. D'EBU wollt hire juristeschen Departement zur Verfügung stelle fir alternativ Modeller ze proposéieren. De Verwaltungsrot huet bis haut net doriwwer diskutéiert. D'Politik huet et och net opgegraff.

Am Contraire: Virum Summer huet de Staatsministère un enger Reform vum groussherzogleche Reglement vum 100,7 geschafft. Am Text: Eng Limitatioun vum Mandat vun den zukünftegen Direkteren op fënnef Joer. Wat ee Problem ass, wann eleng d'Regierung déi néng Membere vum Verwaltungsrot designéiert an déi néng Conseillere mat enger Zwee-Drëttel- Majoritéit den Direkter erauswielen. Mat deem System kann all Regierung den ëffentlech-rechtleche Radio kontrolléieren.

Och am proposéierten Text: De Regierungsrot sollt zoustänneg gi fir d'Conditiounen an d'Modalitéite vun der Remuneratioun vun den 100,7-Mataarbechter. Och dat e richtege Problem: De Lien tëschent Regierung a Radio géif nach méi enk ginn an iwwer d'Paie kann ee vill Afloss huelen.

Mediepolitesch Interessekonflikter

D'Propos illustréiert och, datt et am Ministère ee ganz konkrete Risiko vun Interessekonflikter gëtt. Wier de Ministère fir d'Paie vun de Journalisten zoustänneg, an e géif se erofsetzen, da kann dat déi privat Konkurrenz fir d'Journaliste méi attraktiv maachen. D'Paie kënnen also schlecht an engem Ministère festgeluecht ginn, wou de Chef de Cabinet vum Premier de Paul Konsbruck ass, fréiere Journalist an haut als Commissaire du Gouvernement am Verwaltungsrot vum RTL-Mammenhaus CLT.

Datt de Paul Konsbruck och an de leschte Budgetsverhandlunge vum radio 100,7 vertruede war, geheit weider Froen op. Gläichzäiteg war de Beamten un de Verhandlunge fir déi nei RTL-Konventioun bedeelegt: De kommerzielle Sender kritt vun 2021 un eng direkt Subventioun vun zéng Milliounen Euro d'Joer. Eng "Géigeleeschtung" fir e "Service public".

Datt et am Staatsministère mediepolitesch Interessekonflikter ginn, bei deenen den ëffentlech-rechtleche Radio de Kierzeren zitt, weist och eng rezent Ausso vum Premier- a Medieminister Xavier Bettel (DP). Hien hätt dem radio 100,7 keng Moyene wëlle gi fir och ee méisproochege Programm ze maachen, aus Récksiicht op de Businessplang vu "L'Essentiel Radio".

Eng "Vertrauenspersoun" als President

Am Fréijoer 2017 hunn den Direkter an de Chefredakter vum radio 100,7 de Medieminister, d'Chamber an de staatleche Service des médias ëffentlech kritiséiert wéinst der neier Konventioun mat RTL. E puer Méint drop koum d'Nominatioun vum Laurent Loschetter.

De Premier hätt un der Spëtzt vum Conseil eng "Vertrauenspersoun" gewollt fir de Radio virunzebréngen, sot de Laurent Loschetter dëse Sonndeg op eiser 25 Joer-Feier. Hie géif seng Roll e bëssen anescht verstoe "wéi am Dictionnaire beschriwwen".

13 Méint méi spéit huet de radio 100,7 en Direkter verluer, dee fënnef Joer laang fir méi Unerkennung a méi Moyene fir den ëffentlech-rechtleche Radio gekämpft huet. En héije Beamten aus dem Staatsminstère sot eis, de Premier hätt déi fréier Presidentin vum Verwaltungsrot ofgesat, well si ze vill enk mam Direkter zesummegeschafft hätt.

Chaos am Verwaltungsrot

Am Verwaltungsrot vum radio 100,7 gouf et an de leschten zwielef Méint Chaos. Engersäits well de Medieministère d'Prozeduren net eescht hëlt. D'Mandat vum Nico Helminger ass den 10. August ofgelaf an hätt misse bis den 10. September nei besat sinn. Bis haut ass dat awer net geschitt. An enger wichteger Phas, an där ënner anerem d'Weiche fir eng nei Direktioun gestallt ginn, ass dat e Problem.

Nach méi schlëmm: Och d'Mandat vum Michèle Vallenthini ass den 10. August ofgelaf ouni bis haut verlängert ze ginn. D'Michèle Vallenthini war awer de 7. September am Conseil an huet mat ofgestëmmt. D'Decisioune vum Conseil vun deem Dag, dorënner d'Nominatioun vum neie Programmchef, sinn doduerch strikt geholl prozedural net richteg ofgelaf.

Anere Grond, dee fir de Chaos am Conseil genannt gëtt, ass de Féierungsstil vum President. A Conseilskreesser heescht et, de Conseil wier an der Lescht heiansdo nëmme spéit oder deelweis guer net iwwer verschidden Entwécklungen informéiert ginn. Doriwwer musse verschidde Conseilsmemberen net frou gewiescht sinn: Am Abrëll hate si eisen Informatiounen no nämlech eng intensiv Diskussioun iwwer de Fonctionnement vum Conseil an d'Transparenz vun den Echangen.

Een iwwerstierzten Depart

Et ass ze bedaueren, datt de Jean-Paul Hoffmann sech net dozou äussert, ob d'Gouvernance-Problemer eppes mat senger Demissioun ze dinn hunn. Och géigeniwwer den 100,7-Mataarbechter seet hie just, no fënnef Joer wier et dee richtege Moment engem aneren d'Feld ze iwwerloossen. Dowéinst huet d'Redaktioun hir eege Recherche iwwer déi méiglech Hannergrënn vun der Demissioun ze maachen. Seng Demissioun gëtt och ënner senge Sympathisante kritiséiert.

Eppes ass kloer: Anescht wéi an der Press ze liese war, ass d'Ursaach net d'Nominatioun vum Yann Logelin als neie Programmchef. Dës Nominatioun baséiert op enger konsensueller Decisioun vun de Responsabele vum Radio.

Kloer ass och: Den Direkter léisst de Radio mat dësem iwwerstierzten Depart am Stach, amplaz weider fir Changementer ze kämpfen. Dowéinst gesi mir et als eis Responsabilitéit fir d'Ëffentlechkeet iwwer déi strukturell Problemer hinzeweisen, déi dës Institutioun vulnerabel maachen.

Onofhängegkeet a Kredibilitéit garantéieren

D'Onofhängegkeet vum ëffentlech-rechtleche Radio ass a Gefor, well se net gesetzlech garantéiert ass, mee vum gudde Wëlle vun enger Regierung ofhänkt. De Radio brauch en Deontologiekodex fir säi Verwaltungsrot. E brauch en onofhängege President, nach éier en neien Direkter designéiert gëtt.

Et geet hei ëm wichteg a grouss Prinzipien an net ëm Persounen. Dofir brauch de Radio en neit Gesetz, mat am Virfeld enger sachlecher Debatt iwwer de Finanzéierungsmodell an d'Nominatiounsprozedur vun de Conseilsmemberen.

Am Ausland ginn et vill gutt Beispiller, wéi een en ëffentlech-rechtleche Radio esou opstellt, datt en am Interessi vun der Ëffentlechkeet ka schaffen. An datt déi Kredibilitéit, déi mir opgebaut hunn, garantéiert bleift.