Radioen

On air

Notturno  |  Gregario - Godwin Point In 4

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng ganzheetlech Offer

Precoce a Crèchen

Eng ganzheetlech Offer

De Prozentsaz vu Kanner, déi an de Precoce ginn, geet liicht erof am Verglach mat der Gesamt-Kannerzuel hei am Land. Dat seet de Premier Conseiller am Educatiounsministère, de Pierre Reding. Et wier eng "gesond Konkurrenz" tëschent dem Precoce an de Crèchen entstanen, déi jo 20 Stonne gratis Betreiung ubidden. De Precoce géif doduerch awer net riskéieren een Auslafmodell ze ginn.

auto_stories

3 min

D'Schülerzuelen am Precoce wiere plus ou moins stabel, esou de Pierre Reding. Vun 2014 bis elo leie se bei ronn 4.000. Op den Dag gëschter bei genee 4.296, esou de Pierre Reding, mee déi gesamt Zuel vun de Kanner géif an de leschte puer Joren eropgoen, "sou datt de Pourcentage, wéi vill Kanner vun all eise Kanner an de Precoce ginn, liicht erofgeet."

"Gesond Konkurrenz"?

De Pierre Reding geet dovunner aus, datt déi aner Kanner vu Gratisstonnen an der Crèche wäerte profitéieren. Senger Meenung no wier eng "gesond Konkurrenz" tëscht dem Precoce an de Crèchen entstanen. D'Federatioun vu private Betreiungsstrukturen deelt déi Ausso net. D'Offer wier komplementär, seet den Arthur Carvas, President vun der FELSEA. Et wier vill an de Crèche-Secteur investéiert ginn, fir eng Qualitéits-Betreiung z'assuréieren. Datt d'Zesummenaarbecht tëscht dem Precoce an de maisons relais soll verstäerkt ginn, fir méi eng ganzheetlech Offer ze schafen, gesäit hien éischter kritesch. Dat wier ee politesche Choix.

"A wann d'Gemeng déi Volontéit huet, an déi néideg Moyenen huet, fir déi Investissementer ze maachen, datt dat zum Beispill op engem nämlechte Campus ka sinn, da struewele mir zwar. Well dat ass eng Kategorie vu Kanner, vun dräi bis véier Joer, déi eis verluer ginn - jo. Da falen déi eng oder aner Crèche fort, dat kann ee Riskio sinn. Dat kann ech awer haut net esou behaapten, dat muss een dann eng Kéier kucken."

Ma net all d'Eltere wéilten op esou eng Offer zeréck gräifen, esou nach den Arthus Carvas. Eng eventuell Entscheedung fir d'Zesummenaarbecht tëscht Precoce a maisons relais ze verstäerken misst senger Meenung no iwwerdeems mat den Acteuren um Terrain diskutéiert ginn.

Zwee verschidde Modeller

Wéi vill Dräijäreger, déi an de Precoce kéinte goen, an enger Crèche ageschriwwe sinn, ass fir den Ament net gewosst. Een Ënnerscheed tëschent béide Modeller ass, datt sech am Precoce Léierpersonal ëm d'Kanner këmmert. D'Crèche musse sech hirersäits un de Bildungsrahmeplang halen.

De Pierre Reding erkläert, datt d'Crèche vläicht "eng Grëtz manner schoulesch" wier wéi de Precoce. "Dat schéngt mir och eng Ursaach ze sinn, firwat sech vläicht Elteren fir dat eent oder dat anert entscheeden. Déi eng déi soe vläicht, mir loossen eist Kand nach do, wou et elo schonn zwee/dräi Joer war - nämlech an der Crèche. An déi aner decidéiere sech vläicht schonn dofir, d'Kand dohinner ze ginn, wou et herno bleift, nämlech an der Schoul."

Zesummenaarbecht fir d'Elteren ze erliichteren

Ob an enger Lokalitéit vill Kanner am Precoce ageschriwwe sinn, wier awer ënner anerem och ofhängeg dovun, ob d'Kand all Schouldag an de Precoce kéint goen, ob nach Admissiounen no der Rentrée méiglech sinn, an - ob eng Zesummenaarbecht tëschent der Maison relais an dem Precoce besteet, esou nach de Pierre Reding.

Wann dat de Fall wier, da wier dat fir d'Elteren eng Erliichterung. "An et ass eng aner Situatioun, wéi wann d'Elteren all Kéier musse virun der Dier stoen an hir d'Kand bréngen an ofhuelen, wann d'Schoul ugeet."

Keen Impakt fir Léierpersonal

Déi Collaboratioun soll net just fir de Precoce, mee fir déi ganz Grondschoul verstäerkt gi fir méi eng ganzheetlech Offer ze schafen.

Och wann d'Schülerzuel am Precoce net géif zouhuelen, misst d'Léierpersonal sech keng Suergen ëm hir Aarbechtsplaz maachen, esou nach de Pierre Reding. Iwwerleeunge fir de Mindest-Aschoulalter vu véier op dräi Joer erofzesetzen gëtt et iwwregens net.


Detailer mam Françoise Keller:

Lauschterenplay_arrow