Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Hannah H - Livin' Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Extra-Wurscht fir d'Alkoholsindustrie

EU-Reegelung

Eng Extra-Wurscht fir d'Alkoholsindustrie

Datt ze vill Alkohol net gesond ass, ass gewosst. Datt Gedrénks mat Alkohol vill Kalorien huet, ass net sou bekannt. Dofir gëtt dacks den Zesummenhang vun Alkoholkonsum an Iwwergewiicht ënnerschat. Trotzdem huet d'EU dem Gedrénks mat Prozenter ee ganz speziellen Traitement accordéiert - anescht wéi bei Liewensmëttel musse keng genee Donnéeën iwwer d'Inhalststoffer op den Etikette stoen. Hei konnt sech d'Lobby vun der Gedrénksindustrie duerchsetzen.

auto_stories

3 min

Iwwer d'Hallschent vun der Populatioun an der EU ass iwwergewiichteg. D'Tendenz geet no uewen. An der EU gëlle streng Reegelen, wann et drëms geet, de Konsumente genee Informatiounen iwwer d'Ingredienten an den Nutritiouns-Wäert vu Liewensmëttel oder Gedrénks ze ginn.

Kalorië vun alkoholeschem Gedrénks dacks ënnerschat

Eng Reegel, déi awer net fir Gedrénks mat méi wéi 1,2 Prozent Alkohol gëllt. Zanter 2011 gëllen an der EU nei Reegele fir d'Liewensmëttelen. Op den Etikette muss genee drop stoen, wat dran ass.

"D'Alkoholsindustrie huet et awer duerch eng intensiv Lobby-Aarbecht fäerdeg bruecht, datt hei eng Ausnam gemaach gëtt an dës Informatiounen net op de Fläsche stoe mussen", erkläert d'Emma Calvert, vum Europäesche Konsumenteschutz Büro zu Bréissel.

Der Expertin no wier et awer grad bei esou Gedrénks néideg, dem Konsument dës Informatiounen ze ginn.

"Mir wëssen, datt d'Konsumenten net gutt Bescheed wëssen iwwer den héije Kaloriëgehalt vum Alkohol. Vill Leit wëssen zum Beispill net, datt ee weidert Glas Wäin owes dat selwecht ass, wéi wann een e Stéck Schockela ësst."

D'Europäesch Kommissioun huet 2017 an engem Rapport festgestallt, dat et net gerechtfäerdegt ass, eng Ausnam fir Béier, Wäin oder Spirituosen ze maachen. Bréissel huet deemools awer decidéiert, der Industrie nach ee Joer Zäit ze ginn, fir selwer eng Propos fir eng Reegel ze maachen.

Dräi verschidde Léisungen

Dat huet d'Gedrénksindustrie 2018 gemaach an dräi verschidde Léisunge fir déi ënnerschiddlech Secteuren op den Dësch geluecht.

Deemno géif den Etiquetage fir d'Wäiproduzente legal gereegelt, während fir Spirituosen a Béier just fräiwëlleg Engagementer gëllen.

Eng chaotesch Approche, seet den Nikolai Pushkarev vun der Europäescher Allianz fir Gesondheet. Fir hien ass et net akzeptabel, datt beim Wäin a bei Spirituosen déi meescht Donnéeë just online fir de Konsument zur Verfügung stinn.

De Vertrieder vun de Spirituose-Produzente gesäit dat anescht. Den Ulrich Adam, Direkter vu Spirits-Europe schwätzt vun enger Victoire fir d'Industrie, déi hien op EU-Niveau representéiert.

Ufanks Juni huet d'Industrie mat der Europäescher Kommissioun ee Memorandum ënnerschriwwen, an deem d'Engagementer schrëftlech festgehale sinn. Domat wier eng harmoniséiert Approche fir d'Spirituosen-Industrie europawäit garantéiert, sou den Urlich Adam.

Et wier domat ze rechnen, datt bis 2020 op engem Véierel vun de Fläschen Energiewäerter ugi sinn, bis 2021 wier dat bei der Hallschent a bis Enn 2022 bei zwee Drëttel vun de Fläschen de Fall sinn.

Déi flexibel Approche wier wichteg fir d'Industrie, a si géif de Konsumenten eng däitlech Plus-value un Informatiounen zoukomme loossen, sou den Ulrich Adam.

Keng legal Contrainte fir Produzenten

Ee fräiwëllegen Engagement awer ass keng Garantie, fënnt d'Emma Calvert vum Europäesche Konsumenteschutz. "Et gëtt der ëmmer, déi d'Informatiounen net wëllen op der Etikett uginn. An ouni Gesetz si si och net forcéiert, dat ze maachen, a si mussen net mat Strofe rechnen.

"Datt een elo muss Detailer iwwer d'Inhaltsstoffer online kucke goe muss, ass dem Europäesche Konsumenteschutz no keng realistesch Léisung, well dat fir vill Konsumenten ze komplizéiert ass", seet d'Emma Calvert.

"Hei kréien d'Alkoholsproduiten eng Extra-Wurscht gebroden. Si hu sech mat Succès dogéint gewiert, dës Informatiounen op de Fläschen ze liwweren."