Souwuel d'Martine Hansen wéi de Gilles Roth stellen déi nei Co-Presidence fir déi gréisst Oppositiouns-Fraktioun an d'Linn mat der Virstellung vum Claude Wiseler fir déi geplangten Duebelspëtzt bei der Partei. De Gilles Roth präziséiert:
"D'Madamm Hansen huet dat och als eng super Iddi fonnt. An ech mengen, datt et och esou ass, datt déi Chimie tëschent dem Här Wiseler, deene Leit, déi an der Partei sinn, an an der Fraktioun, datt déi stëmmt."
Der Martine Hansen no, wier d'Iddi fir eng nei Duebel-Spëtzt och bei der CSV-Fraktioun vun hir komm:
"Ech war och um CSJ-Kongress, an do ass och vun Duebelspëtzte geschwat ginn. Dofir hunn ech dann och de Virschlag gemaach, datt mer dat dann och géifen an der Fraktioun maachen. (...) Et ass eng Nouveautéit: dat gëtt et nach a soss kenger Fraktioun."
D'Co-Fraktiounscheffin ass dann och net der Meenung, datt d'Decisioun fir eng Fraktiouns-Duebelspëtzt bei der CSV hir Chancë fir eng Spëtzekandidatur bei de Chamberwalen 2023 kéint reduzéiert hunn.
Iwwer d'Spëtzekandidature fir 2023 wier nach ni diskutéiert ginn, behaapt d'Martine Hansen. De Gilles Roth mengt, dat géif sech "vum selwen an de Summerméint 2023" decidéieren.
Wa si net wëlles hätt bis 2023 un der Fraktiounsspëtzt ze bleiwen, dann hätt si dës Léisung net virgeschloen, esou nach d'Martine Hansen.
Zur Fro, ob béid Co-Presidente bis 2023 op hire Poste bleiwen, seet de Gilles Roth: "Ech ginn do mol dovun aus, mee an der Politik weess een ni."