Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Wéi gesäit d‘Zukunft vun de Schigebidder aus?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng dramatesch Situatioun fir de Secteur"

Héich Sprit-Präisser

"Eng dramatesch Situatioun fir de Secteur"

De Romain Hoffmann, President vum Groupement pétrolier, stellt fest, datt een nach ni esou héich Sprit-Präisser gehat hätt. Dës Situatioun géif de Moment och op d'Käschte vum Secteur goen.

auto_stories

2 min

D'Tanken ass esou deier wéi nach ni: de Super-Bensinn mat 98 Oktan kascht zënter e Samschdeg bal 1,80 Euro. Den Diesel ass mat ronn 1,73 Euro méi deier wéi de Bensinn mat 95 Oktan, deen zënter e Freideg bal 1,66 Euro kascht. An Däitschland sinn d'Spritpräisser e Méindeg an der Moyenne eng éischte Kéier iwwer 2 Euro pro Liter geklommen.

Et wier de Moment ganz schwéier ze soen, ob a wéini dat och hei am Land kéint de Fall sinn, seet de Romain Hoffmann:

"De Spritpräis op der Pompel, do ass ee gudden Deel och Steieren, dat heescht d'Accisen an d'TVA. Beim 95er-Bensinn zum Beispill sinn dat beim Präis vun haut 46 Prozent, beim Diesel sinn et ronn 40 Prozent. Dat heescht et hänkt och nach vum Euro-Dollar-Cours of."

D'Réiueleg-Präisser wiere ganz erratesch, ganz onvorhersehbar, seet de President vum Groupement pétrolier weider.

"Dat geet och vill op d'Käschte vum Secteur"

D'Ursaach wier déi "dramatesch Situatioun an der Ukrain". Och géifen et relativ spéit Präis-Upassungen duerch de Wirtschaftsministère ginn. Wéinst de reglementéierte Präisser fir d'Pëtrol-Produkter hei am Land géif dat de Moment och vill op d'Käschte vum Secteur goen, erkläert de Romain Hoffmann:

"Et kann ee soen, datt op Deeg wéi de leschte Freideg sécherlech all Liter mat Perte verkaaft ginn ass. Mir hunn eng marge brut, wou mer alles musse bezuelen, de Secteur (...), déi ëm déi 12-14 Cent läit. Wann e Präis-Changement um Diesel beispillsweis kënnt: Déi Literen, déi den Dag virdrun da verkaaft goufen - op d'mannst déi - déi goufen alleguerte mat enger relativ grousser Perte verkaaft. An do schwätze mer da vu 5 bis 10-15 Cent de Liter. Dat ass schonn eng dramatesch Situatioun fir de Secteur."

De President vum Groupement pétrolier geet och dovun aus, datt wéinst den héije Spritpräisser sécherlech manner wäert getankt ginn. D'Leit géifen dann op Alternativen ëmklammen, wéi beispillsweis den ëffentlechen Transport.