arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Chance oder ee Risiko?

Parlamentswahlen am Libanon

|
reading time

1 min

Eng Chance oder ee Risiko?

reading time

1 min

Vun haut un, an iwwert déi nächst véier Deeg ass de Libanon am Stëllstand. Schoulen an ëffentlech Institutiounen hunn zou, dëst fir e reiwungslosen Oflaf vun de Wahlen kënnen z'assuréieren. De Sonndeg wielen d'Libanesen 128 Deputéiert ënnert bal 600 Kandidaten. Et stellt sech d'Fro, wéi eng konkret Perspektiven d'Wahlen dem Libanon kënne bréngen.

Et ass fir d'éischt zënter 2009 dass an dëser arabescher Republik Parlamentswahlen organiséiert ginn.

De Libanon gëtt eigentlech als parlamentaresch Demokratie verstanen. Wéi koum et dozou, datt wärend néng Joer keng Wahlen organiséiert goufen?