D'Fäll vun Niewewierkungen no Covid-Impfunge maachen zu Lëtzebuerg manner wéi 0,2 Prozent vun all den Impfungen aus. Dat geet aus dem neiste Rapport vun der Pharmacovigilance zu Lëtzebuerg ervir, deen d'lescht Woch publizéiert gouf.
D'Anne-Cécile Vuillemin vun der Pharmacovigilance erkläert, datt grave Fäll kategoriséiert géife ginn. Dorënner falen all d'Nieweneffekter déi zu engem Doudesfall féieren, wou eng Menace vum prognostic vital ass, Fäll déi zu enger Hospitalisatioun féieren oder enger Prolongatioun vun enger Hospitalisatioun, oder persistent, laangwiereg Nieweneffekter.
Ass de Vaccin schold?
An hirem Service gi souwuel Niewewierkunge vun Impfunge wéi och vu Medikamenter gesammelt an analyséiert. Zanter der Zouloossung vun den éischte Covid-19 Impfstoffer Enn 2020 sinn zu Lëtzebuerg 18 Doudesfäll a Verbindung mat der Impfung deklaréiert ginn. Et misst een allerdéngs oppasse bei der Interpretatioun vun dësen Zuelen, ënnersträicht d'Anne-Cécile Vuillemin.
Et géifen net vill Fäll gi bei deenen ee mat fester Iwwerzeegung behaapte kéint, datt et de Vaccin wier a soss näischt.
"Mir hunn ee Fall effektiv vun deem spezifesche Syndrom vun Thrombose an Thrombozytopenie, mam Vaxevria, wou eng Autopsie gemaach ginn ass a wou effektiv de Lien mam Vaccin zimmlech kloer wier."
Sou Fäll géifen et nëmme ganz seelen a Lëtzebuerg, mee och an anere Länner ginn.
Europäesch Datebank Eurovigilance
Déi méiglech Impfreaktiounen oder Impfschied gi vun de Patiente selwer oder vun hirem Dokter iwwert en Formulaire vun der Santé deklaréiert. Zanter ronn 15 Joer schafft een hei mam Centre régional Pharmacovigilance vun Nanzeg zesummen, déi der Lëtzebuerger Santé hir Experten zur Verfügung stelle fir déi medezinesch Analys ze maachen.
Déi gesammelt Fäll ginn dann an eng Datebank codéiert an un déi europäesch Datebank Eurovigilance deklaréiert. Hei gëtt dann u Studie geschafft, déi och vläicht enges Daags dozou féieren, datt méi detailléiert Réckschlëss kënne gezu ginn.
Zousätzlech zu de spontane Fall-Berichter weltwäit géifen och klinesch Studien, epidemiologesch Studien oder toxikologesch Ermëttlunge berécksiichtegt ginn. An nëmmen d'Bewäertung vun all de verfügbaren Donnéeë géif robust Konklusiounen erlaben.
Och d'Lëtzebuerger Patientevertriedung huet an de leschte Joren Aussoen iwwer Niewewierkungen nom Covid-Vaccin opgeholl. D'Patientevertriedung war am Covid-Dossier intern gespléckt, wéi hire Spriecher Georges Clees d'lescht Woch hei op der Antenn zouginn hat. Tëschent 600 a 700 Persounen hätte sech u si adresséiert, esou de Georges Clees vun der Patientevertriedung.
2.500 Fäll vu Niewewierkungen
D'Donnéeë vun der Pharmacovigilance sinn also méi komplett. Trotzdeem behaapt d'Patientevertriedung, hier wier zu Ouere komm, datt verschidden Doktere refuséiert hätten de Formulaire fir betraffe Persounen auszefëllen.
"D 'Leit hu sech do natierlech net seriö geholl gefillt, well se soten: ech hunn d'Impfung kritt, ech hunn elo dat hei, mellt et w.e.g. an dat ass eben do wou mer soen, wann dann op eemol sech esou Meldungen heefen, da kann een natierlech soen: Ok, hei vläicht ass do ee Problem dee mer iwwersinn hunn, da muss een dat ënnersichen awer net einfach soen : Mir huelen dat elo net op."
D'Zuele vun der Pharmacovigilance weisen, datt ronn 2.500 Fäll vun Niewewierkungen no der Covid-Impfung opgeholl ginn. Virun engem Mount hat d'Patientevertriedung an engem oppene Bréif un d'Regierung medezinesch Hëllef an eng finanziell Entschiedegung fir Persoune mat Impfschied gefuerdert. Wéi RTL schreift, hätte bis ewell 7 Persounen eng Demande fir eng Entschiedegung eragereecht.