Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Energiepräisser: Regierung annoncéiert Mesurë fir Privatstéit

Russland-Konflikt

Energiepräisser: Regierung annoncéiert Mesurë fir Privatstéit

Wéinst dem Russland-Konflikt huet d'Lëtzebuerger Regierung de Mëtteg Mesure fir d'Privatstéit fir e staatleche Käschtepunkt vu 75 Milliounen Euro annoncéiert. Wéinst dem russesche Krich an der Ukrain sinn d'Energiepräisser scho staark geklommen a maachen dat den Erwaardungen no och weider. Déi verschidde Mesurë goufen haut am Regierungsrot decidéiert.

auto_stories

1 min

Lauschteren


Éischt Mesure: D'Energiebedreiwer sollen de Cliente keng Reseauskäschte méi facturéieren, a kréichen déi vum Staat kompenséiert. Dat kéint fir e Stot eng Erspuernis vu bis zu 500 Euro d'Joer ausmaachen, esou den Energieminister Claude Turmes op der Pressekonferenz nom Regierungsrot.

Zweetens wier et d'Zil fir d'Stroumpräisser dëst an d'nächst Joer ze stabiliséieren. Drëttens gëtt fir Leit mat méi nidderegem Revenu eng Energieprimm vun 200 bis 400 Euro d'Joer agefouert - zousätzlech zur Hausse vun der Allocation de vie chère, déi d'Regierung schonn de leschten Hierscht decidéiert hat, esou d'Familljeministesch Corinne Cahen. "Mir wäerten all riskéieren d'Konsequenzen ze spieren", esou de Message vum Premier Xavier Bettel.

Fir d'Betriber gëtt nach un engem spezifesche Mesurëpak geschafft, sot de Wirtschaftsminister Franz Fayot, do géifen et verschidde Piste ginn, zum Beispill de Chômage partiel. De Mesurëpak fir d'Betriber soll zu engem spéideren Zäitpunkt annoncéiert ginn.