Radioen

On air

De Moien  |  De Senegal steet viru grousse Verännerungen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Energieimporter aus Russland: "Dat ass Realpolitik"

Konsequenze vum Ukrain-Krich

Energieimporter aus Russland: "Dat ass Realpolitik"

Datt d'Europäesch Unioun de russesche Krich géint d'Ukrain duerch Energieimporter mat finanzéiert, ass fir d'DP-Finanzministerin eng Tatsaach, un där een net vun haut op muer eppes kéint änneren. Am 100,7-Interview erkläert d'Yuriko Backes, wéi Lëtzebuerg déi aktuell Ongewëssheeten an hiren Ae ka meeschteren.

auto_stories

3 min

D'Finanzministerin Yuriko Backes. Foto: Archiv.

"Realpolitik", esou beschreift d'Finanzministerin Yuriko Backes d'Tatsaach, datt Europa duerch Energieimporter de russesche Krich mat finanzéiert. Et wier wichteg, datt d'Europäesch Unioun déi Ofhängegkeet méiglechst séier iwwerwënnt. Mee vun haut op muer wier dat net méiglech.

Och datt déi russesch Gazprombank net sanktionéiert gëtt, wier duerch déi "realpolitesch Situatioun, wou mir ofhängeg si vu russeschem Gas" ze erklären, esou d'Yuriko Backes. D'Bank, déi dem gréisste russeschen Energiekonzern Gazprom gehéiert, huet och ee Siège zu Lëtzebuerg.

"Sanktioune ginn Eescht geholl"

Wéi vill Avoire vu russesche Societéiten a Bierger hei am Land agefruer goufen, wollt d'Finanzministerin net präziséieren. D'Yuriko Backes betount awer, datt déi Lëtzebuerger Autoritéiten déi europäesche Sanktiounen Eescht géifen huelen.

Muss Lëtzebuerg wéinst dem Ukrain-Krich seng Wirtschaftsrelatioune mat autokratesche Staate wéi Russland oder China grondsätzlech a Fro stellen? Dorop "gëtt et keng gutt Äntwert", seet d'Finanzministerin. Fir d'Finanzplaz wieren aner Marchéë souwisou méi wichteg an dës Situatioun wier eng Opportunitéit fir sech weider ze diversifiéieren.

Héich Energiepräisser: Staat soll méi hëllefen

Fir d'Finanzministerin ass kloer, datt d'Regierung de Stéit an de Betriber, déi wéinst den héijen Energiepräisser a Schwieregkeete geroden, wäert hëllefen. Een entspriechende Mesurëpak, deen iwwer déi schonn annoncéiert Hëllefen eraus geet, géif elo preparéiert an dann op der geplangter Tripartite mat de Sozialpartner diskutéiert ginn.

Hir Suerg wier et, datt d'Regierung de Budget misst am Grëff behalen. Datt eventuell nei Scholde missten opgeholl ginn, schléisst d'Yuriko Backes net prinzipiell aus. Et wier awer nach vill ze fréi, fir dozou eng Ausso ze maachen:

"Mir mussen ee Gesamtkonzept hunn. Et huet kee Wäert elo ze kucken, wéi eng Scholde mir mussen huelen. Et ka gutt sinn, datt dat wäert kommen. Ech weess dat elo haut net. Mir musse kucken, wéi dat elo weider geet. Ech fannen et relativ traureg, datt verschidde Leit probéieren, d'Bierger géint de Staat opzestëppelen. De Staat ass responsabel do fir den Interêt vun der Allgemengheet. De Staat beräichert sech net hei an enger Kris. Wat mir musse kucken, ass fir eppes opzestellen, wat deenen ze gutt kënnt, déi elo Hëllef wäerte brauchen."

Wëll d'Regierung wéinst de geopolitesche Risiken an de Käschten, déi mam Import vu fossiler Energie verbonne sinn, elo eventuell méi séier op d'Recetten aus dem Spritverkaf verzichten ewéi bis ewell geplangt? Doriwwer misst een diskutéieren, seet d'Yuriko Backes. Kloer wier, datt déi gréng Transitioun misst kommen.

Index-Tranche am Abrëll

D'Finanzministerin geet dovunner aus, datt déi nächst Index-Tranche am Abrëll wäert erfalen. D'Salairen a Pensioune ware réischt am Oktober fir d'lescht automatesch geklommen.

Ob den Index-Mechanismus wéinst der staarker Inflatioun muss ugepasst ginn, wollt d'Finanzministerin net kommentéieren. Dat wier een Diskussiounspunkt fir d'Tripartite.