Chamberwahlen 2018 Revis: Endlech "aktivéiert"

D'Reform vum RMG géif Monoparentallen a Kanner an de Mëttelpunkt stellen, seet d'DP-Presidentin a Familljeministesch Corinne Cahen. De REVIS géif "den zweeten Erwuessenen am Stot" endlech "aktivéieren". Et misst een "iwwer de ganze Steiersystem" kucken, an och do Kanner an de Mëttelpunkt stellen.

Mick Entringer / cbi

Corinne Cahen
D'DP-Presidentin Corinne Cahen

D'DP géif eng ganz sozial Politik maachen an d'Thema Aarmut géif hir besonnesch um Häerz leien, seet d'Parteipresidentin a Familljeministesch Corinne Cahen. Um Parteikongress waren Aarmut a sozial Kohesioun keng Themen. D'Caritas hat kritiséiert, datt mat der Reform vum RMG, deen duerch de REVIS ersat gëtt, d'Recht op soziaalt Mindestakommes verluer geet.

Mat der Reform vum RMG géife grad d'Kanner an d'Monoparentallen an de Mëttelpunkt gestallt ginn, erkläert d'Corinne Cahen. D'Zil vum REVIS wier et, de Leit, deenen et net esou gutt geet, ze hëllefe fir op déi eege Féiss ze falen. Et géif ee géint d'Aarmut maachen, andeems den zweeten Erwuessenen am Stot géif "aktivéiert" ginn, esou d'Corinne Cahen. Wann ee méi "aktivéiert" wier, géif een dann och méi Sue kréien. Momentan wier et esou, datt wann een am RMG eng bestëmmten Zuel u Stonnen "aktivéiert" ass, net méi Sue géif kréien, héchstens nach manner.

Ënnert "aktivéiert" versteet d'Corinne Cahen net nëmme schaffe goen, mee och Mesuren, déi d'Leit vum Office national d'inclusion sociale proposéiert kréien, zum Beispill Sproochecoursen. Net jidderee kéint nämlech schaffe goen, mee och déi Leit géifen zu der Gesellschaft gehéieren. Et kéint een déi Leit awer net fale loossen..

Eng Steierklass fir Leit mat Kanner?

Och bei der Steierpolitik wëll d'Corinne Cahen hirer Partei virschloe fir d'Kanner an de Mëttelpunkt ze setzen, a méi Gerechtegkeet an d'Steierklassen ze kréien. D'Parteipresident freet sech, ob et normal wier, wann eng Witfra oder e Witmann dräi Joer nom Doud vun hirem Partner an eng aner Steierklass géif falen. Op d'Fro, ob een eng Steierklass fir jidderee mat Kanner sollt maachen, seet d'Corinne Cahen, datt si dat hirer Partei proposéiert hätt.

D'DP-Parteipresidentin ënnersträicht, datt et wichteg wier, d'Leit all d'selwecht ze behandelen. "Et ass och schéin a gutt, wann d'Leit bestuet sinn, et ass och schéin a gutt wann 'Leit net bestuet sinn. Dat geet am Fong geholl [...] de Staat net direkt eppes un." Et misst een den Accent op Kanner leeën.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Marc Baum
Chamberwahlen 2018

"Wann een e Projet "Revenu d'inclusion sociale" nennt, an dee leit 25 Prozent ënnert deem wat eng Famill zu Lëtzebuerg brauch fir dezent ze liewen, dann ass dat en Hohn", seet de Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk.

Programm

Net verpassen

  • Voices vum Max Richter

    Max Richter

    Dem brittesche Komponist seng nei Kompositioun gëtt um internationalen Dag vun de Mënscherechter, den 10. Dezember, am Reseau vun der Union Européenne de Radio-Télévision diffuséiert.

    Dësen Donneschdeg, owes um 8 Auer - och um radio 100,7

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen