Energie war 2022 mam Ukrain-Krich an dem Stopp vun de russesche Gasliwwerungen op eemol e ganz grousst Theema. Och beim Encevo Grupp huet ee missen ëmdenken, sou de President vum Verwaltungsrot Marco Hoffmann.
"An dem Kontext hu sech erëm eng Kéier Froe vun der Versuergungssécherheet gestallt an enger Qualitéit, déi mir hei an Europa scho laang net méi kannt hunn."
Et hätt een déi staatlech Mesure séier ëmgesat, de finanzielle Risiko miniméiert an eng Energiespuercampagne duerchgezunn. Donieft goufen d'Noutfallpläng iwwerschafft. Staatlech Bäihëllefen an eng virsiichteg Akafspolitik hätte verhënnert, datt de Client déi grouss Schwankungen um Marché ze spiere krut. Sou goungen d'Venten u Gas d'lescht Joer ëm 31 Prozent zréck, déi vu Stroum allerdéngs ëm 9 Prozent an d'Luucht.
Neie Schwong an der Energietransitioun
Mee d'Kris hätt och der Energietransitioun neie Schwong ginn. Mat Investitiounen an Héicht vun 335 Milliounen Euro wëll de Grupp d'Stroumnetz ausbauen a Photovoltaik-Projeten ëmsetzen, zum Beispill an der Äifel. Parallel gëtt den Chargy System fir E-Mobilitéit ausgebaut, sou den Encevos Direkter Claude Seywert.
"Mir kucken, wéi vill getankt gëtt. Do ass am Joer 2022 eng 7,7 Gigawattstonne Stroum getankt ginn um Chargy-Reseau. Dat ass méi wéi duebel esou vill wéi dat Joer virdrun."
Fir d'Zukunft wëll een dann och Uschloss un den europäesche Waasserstoffreseau kréien, dee virun Allem fir d'Industrie interessant ass.
E groussen Onsécherheetsfacteur bleift awer virun Allem den aktuelle geopolitesche Kontext. Dat e chineeseschen Energie-Konzern mat 24,9 Prozent um Grupp bedeelegt ass, mécht de Manager allerdéngs keng Suergen.