Vulnerabel Gruppen, vulnerabel Kanner a vulnerabel Leit sinn e puer vun der Variatiounen, déi a villen ëffentlechen Discoursë virkomm sinn. Well den Terme ze vage ass, komme verschidde Variabelen op - virop "Leit iwwer 65", "Leit mat Virerkrankungen", "Leit mat enger Behënnerung".
D'Praxis fir Leit ze kategoriséiere bréngt en extra Bagage mat sech: op Basis vun där Definitioun gi speziell Mesurë fir dës Kategorie vu Leit implementéiert. Persounen, déi engem gréissere Risiko vun engem schwierege Krankheetsverlaf ausgesat sinn, sollt ee besonnesch schützen. Wëssenschaftlech Erkenntnisser iwwer de Covid-19 begrënnen dëse Reflex.
Mee: D'Kategoriséierung no vulnerable Gruppen huet zwar dozou bäigedroen, de Risk vun enger Infektioun ze diminuéieren, mee se huet d'Separatioun an déi sozial Exklusioun vun deene Léit nach méi verstäerkt.
Wou ass d'Politik?
Et ass donieft eng méi grondsätzlech a strukturell Fro, net just elo wärend der Covid-Phas, wei een eeler Leit a Leit mat enger Behënnerung encadréiert a fir hiert Wuel suergt. Et ass zu Lëtzebuerg ni zu deene katastrophalen Zoustänn a Fleegeheemer komm wei zum Beispill a Spuenien. Trotzdeem: Berodung, Schutzmaterial, Ënnerstëtzung an eng koherent Linn fir den Handicap- a Fleegesecteur hu gefeelt oder waren ongenügend. Dat war den Avis vun der Directrice vun der APEMH géigeniwwer dem 100,7.
An d'Covid-Kris huet vläicht an deene Strukture Problemer opgedeckt, déi et scho virdru goufen. An zwee konkrete Fäll goung oder geet nach Rieds vun Abusen a Missmanagement, an zwar am Blannenheem a bei der Fondatioun Kräizbierg : d'Mënscherechtskommissioun an den OGBL hunn Alarm geschloen, grad ewéi Betraffener, hier Famillen an Personal. Et ass net ze verstoen, datt d'Politik wéineg vun deene Fäll wëll wëssen: Wou ass hei deen dach sou gutt-gemengte Reflex, déi "vulnerabel" Léit wëllen ze schützen?
Vun "Empowerment" keng Spuer
An da, fir op den Term "vulnerabel" Leit zeréckzekommen: Et suggeréiert, datt een aneren d'Responsabilitéit iwwerhuele muss. Een, deen et besser weess, een, deen am Interêt vun der vulnerabeler Persoun oder Grupp schwätzt. Vun "Empowerment", den Terme du jour virun net all ze laanger Zäit, keng Spuer méi.