Radioen

On air

Resonanzen  |  Duke Ellington - Harlem - BBC National Orchestra of Wales

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En zweeten Impeachment fir den Donald Trump?

US-President

En zweeten Impeachment fir den Donald Trump?

Den Donald Trump ass nach néng Deeg un der Muecht an den USA. Seng lescht Woch gëtt eng brenzeleg, och fir hien, well en zweeten Impeachment am amerikanesche Kongress schéngt elo warscheinlech.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Spriecherin am amerikanesche Representantenhaus, d'Demokratin Nancy Pelosi, war eng vun honnerte Parlamentarier, déi sech am Kongress hu misse verstoppen, wou d'Randaléierer et gepackt hunn d'Gebai ze erstiermen. Elo wëllt si, mee och all hir demokratesch Kolleegen an e puer Republikaner, den Donald Trump nach virum Enn vu sengem Mandat lassginn.

Eng éischt Optioun wier e logesche Récktrëtt vum President, dee seng Supporter dovun iwwerzeegt hat, datt hien an net den Joe Biden d'Wal am November gewonnen hätt. Hien hat si e Mëttwoch opgeruff Richtung Kapitol ze marschéieren. Zerécktriede wëllt den Trump awer net, hien huet fir dës Woch esouguer nach eng Rees virgesinn, an den Texas op d'Grenz, fir iwwer d'Mauer ze schwätzen.

En Ultimatum fir de Mike Pence

D'Nancy Pelosi huet elo aner Pläng. Deen éischten ass et dem Vizepresident Mike Pence en Ultimatum ze setze fir mat der Regierung de President aus sengem Amt ze geheien. D'Konstitutioun gesäit dat vir, wann iwwer d'Hallschent vun der Regierung der Meenung ass, datt de President ze krank oder ze geféierlech ass. De Mike Pence géif an deem Fall Interimpresident ginn. Bis elo huet de Vizepresident awer keen Interessi un esou enger radikaler Mesure gewisen.

Den Ultimatum vum Representantenhaus, deen héchstwarscheinlech en Dënschdeg gestëmmt wäert ginn, wäert also wuel auslafen. An deem Moment géing den Impeachment ufänken. Esou eppes kann eng Zäit daueren, besonnesch well et jo de Senat ass, deen an esou engem Fall zu engem Geriicht gëtt.

Interessanterweis kann en Impeachment och nach nom Enn vun enger Presidence stattfannen. Dee géif dem Donald Trump zum Beispill verbidde sech nees als Kandidat fir e politescht Amt ze stellen, an déi Optioun kéint esouguer e puer Republikaner gefalen.