Fräie Mikro En transparent Parlament

D'Chamber ass amgaang iwwer en sougenannt Transparenzregister nozedenken. Dat soll der Korruptioun entgéint wierken an d'Demokratie stäerken. Et kéint awer och genau de Géigendeel bewierken, mengt am Fräie Mikro vun haut de Jean-Jacques Rommes. De fréieren Direkter vun der Unioun vun den Entreprisen an der Bankevereenegung ABBL freet sech, ob doriwwer wierklech nogeduecht gouf.

Meenung Jean-Jacques Rommes

D'Transparenz ass keng Dugend, sief et nëmme well et keen Altruismus ass. D'Transparenz ass en amoralescht Damoklesschwäert an ënner hirem Hellegeschäin ass si zweedeiteg: noutwendeg fir de gudde Fonctionnement vun Demokratien a gläichzäiteg en onverzichtbaren Alliéierte vun Diktaturen. Mee mat "Transparenz" ass gutt Politik maachen.

Grellt Liicht soll donkel Geselle verdreiwen

Dofir steet déi Notioun am Virdergrond, wann eis Parlamentarier sech deemnächst selwer Fesselen uleeën an all Kontakt verëffentleche wëllen, deen si mat sougenannte Lobbyen hunn. Dat kléngt gutt. Eng Lobby ass schliisslech eppes Lusches. Do probéiere Leit hanner zouenen Dieren d'Politik gefügeg maachen. Elo soll do also endlech dat grellt Licht vun der Transparenz déi donkel Geselle verdreiwen.

Déi alldeeglech Wourecht ass eng vëlleg aner. D'Deputéierte solle Gesetzer fir Land a Leit maachen, stellvertriedend fir all déi sëllege Meenungen an Interessi déi et nu emol eben an enger lieweger Demokratie ginn. Mee wou sollen si déi Positiounen da kennen, wann net duerch de Kontakt mat Land a Leit? A wéi soll dee Kontakt dann organiséiert ginn, wann net doduerch, datt sech déi wibbeleg a lieweg Kräfte vum Land organiséieren an artikuléieren? Dofir ginn et Gewerkschaften, Beruffsverbänn, net-staatlech Organisatiounen etc.

Och 60 Deputéierte kënnen d'Kompetenz vu sougenannten "Pressure-groups" net ersetzen. Déi sinn och kengeswees heemlech ënnerwee. Am Géigendeel, si réngen all Dag ëm Opmierksamkeet a géifen am Léifsten de Mikro guer net méi ofginn. Si sinn am Staat dat, wat ee "Corps intermédiaires" nennt. All Diktatur suergt dofir, datt si gläichgeschalt ginn. An all Demokratie sinn si en onverzichtbaren Deel vun der ëffentlecher Diskussioun - ouni si wier Kakophonie, wéi mir all Dag an de soziale Medie gesinn.

E Generalverdacht gëtt institutionaliséiert

Datt déi Organisatiounen sech deemnächst sollen an e Register aschreiwen: geschenkt! Mee hei soll elo all Deputéierten, all Mount, all eenzele Kontakt mat enger vun deenen Organisatiounen, mat de Sujeten déi beschwat goufen, ëffentlech an d'Vitrinn stellen. Wann net, gëtt de Parlamentarier sanktionéiert. Muencheen dreemt schonn haut dovun, dat soll och fir Ministeren a Fonctionnaire gëllen. Dobäi weess jiddereen, deen de Politbetrieb kennt, datt konstruktiv Verhandlungen duerch fréizäiteg Ëffentlechkeet onméiglech ginn. A ganz dovun ofgesinn, datt grad e klengt Land wéi Lëtzebuerg domat den Avantage vun de kuerze Weeër am Kär erstéckt, gëtt hei e Generalverdacht institutionaliséiert a reegelrecht geschürt.

Wa muer elo d'Press beriicht, datt eng Partei, zum Beispill zu engem Gesetz ronderëm d'Pollueur-Payeur-Problematik, de Mouvement écologique empfaangen huet an eng aner d'Industriellefederatioun, wat mengt Dir dann, datt domat wäert insinuéiert ginn? D'Resultat wäert sinn, datt vill nëtzlech Kontakter guer net méi stattfannen, datt d'Politik spierbar manner Informatioune wäert hunn, datt si déi "aner Säit" an engen Debat net méi wäerte wëllen héieren, an datt déi sozial Medie wäerten iwwerhuelen.

Erfonnt ginn esou Transparenze vu räichlech ontransparente Gesellen, déi mat Nimm wéi GAFI oder GRECO d'Welt verbesseren. Esou Gruppe vun héijen internationale Beamten, déi kaum engem Parlament jee Rechenschaft ofleeën, komme vu Natur aus ni zur Konklusioun, dee Problem fir dee si geschaaft goufen, géif et iergendwou net nennenswäert ginn. Fir hiren intrinsesche Korruptiounsproblem, dee si domat hunn sech permanent selwer Bedeitung ze ginn, si si blann.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Chamberdebatt
Transparenzregester

D'Chamber soll oppe leeën, wien Afloss op d'Aarbecht vun den Deputéierte wëllt huelen. Déi proposéiert Reegelen, no deenen den neie Regëster soll funktionéieren, suerge fir Meenungsdivergenzen bei de Koalitiounspartner.

Sessioun am Bundestag
Däitschland

Den däitsche Bundestag huet gëschter Owend fir e Lobbyregëster votéiert, dat an Zukunft fir méi Transparenz suerge soll. Skandaler aus de leschte Wochen haten den Drock verstäerkt. Vum Dësch ass de Problem awer nach net.

Greco-2
Greco-Rapporten

Guer keen, oder net genuch Fortschrëtter: Dat ass d'Feststellung vum Greco, dem Grupp vu Staaten géint d'Korruptioun an zwee Rapporten iwwer Lëtzebuerg. Virun allem d'Chamber, d'Regierung an d'Police gi kritiséiert.

Danièle Weber Réckbléck
Lobbytransprenz

D'Europaparlament gëtt sech méi streng Reegelen am Ëmgang mat Lobbyisten. Dat heescht awer net, datt all Lobbyist sech elo muss an ee Regëster aschreiwen. De Wocheréckbléck mat der Danièle Weber.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen