arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Titan an der Bredouille

Sport Aktuell

|
reading time

3 min

En Titan an der Bredouille

Den FC Barcelona huet uerg finanziell an sportlech Problemer. Dëse Sonnde gëtt e neie President vum Traditiounsveräi gewielt. De Gewënner soll de Club nees op déi richteg Bunn bréngen.

reading time

3 min

1899 vun engem Schwäizer gegrënnt, ass de "Futbol Club Barcelona" ee vun den Aushängeschëlder vun der beléifter Groussstad, an iwwerhaapt fir déi ganz Regioun Katalounien.

Vill Touriste versichen en Ticket ze kréie fir e Match an dee risege Camp Nou-Stadion kucken ze goen. An wa schonn, wéi sou dacks, ausverkaaft ass, maachen der amplaz en Tour duerch de Musée vum Veräin oder kafen eppes am offizielle Clubbuttek.

Fir d'Katalane selwer ass den FC Barcelona eng Institutioun, mat där ee sech reegelméisseg géint den Zentralpouvoir zu Madrid kann duerchsetzen. Dofir heescht de Motto vum Club och "Més que un Club" , méi wéi just e Veräin.

E Club mat groussen Nimm

Barça, wéi de Veräin ofgekierzt heescht, huet op de soziale Medie weltwäit mat déi meeschte Fans. Legende wéi Johan Cruyff, Diego Maradona, d'Brasilianer Ronaldo, Ronaldinho a Romario oder nach Pep Guardiola hunn an der Zäit dee bordeaux-bloo gesträiften Trikot vu Barça ugedoen.

Mee zanter iwwer zéng Joer gëtt de Veräi vum Megastar Lionel Messi ugefouert. Matt der argentinescher Nummer 10 huet den FC Barcelona seng wuel erfollegräichsten Era duerchgemaach. Huet, am Passé, well de Present gesäit alles anescht wéi roseg aus. Och wann een am spuenesche Championnat nach e Wuert ka matschwätzen, gëtt et vu Joer zu Joer an der Champions League méi schwéier fir d'Blaugrana.

De Lionel Messi ass mat villem net averstanen

Verléiere gehéiert am Sport dozou, Mee Defaite vun 0-4, 1-4 oder 2-8 sinn engem Traditiounsveräi wéi den FC Barcelona onwierdeg. Un eng weider "Remontada" d'nächst Woch géint de Paris St. Germain gleeft haut kee méi.

An natierlech huet dës delikat Phas um sportleche Plang eppes mat der Laun vum Superstar vun der Ekipp, dem Lionel Messi, ze dinn. Dëse schéngt zudéifst enttäuscht ze si mat rezenten Decisioune vum Veräin, ënner anerem fir seng Kolleege Luis Suarez an Neymar ze verkafen, respektiv net zeréck ze kafen.

Matt Ach an Krach konnt de leschte Summer en Depart vum Messi verhënnert huet. Kuerz drop war den Drock op de Präsident Josep Bartomeu ze grouss ginn, well dëse sech mam Messi ugeluecht hat.

Hien huet Enn 2020 säin Hutt geholl, an de Presidenteposte gëtt zanterhier op Interimsbasis gefouert. Bis zu de Wale fir e neie President dëse Sonnden, de 7. Mäerz. Well a Spuenien ginn et nach ëmmer Veräiner, wou d'Memberen, dat heescht d'Fans, de President wielen.

Barça zielt ronn 150.000 Memberen, och bekannt als "Socios". An am Virfeld vum Votte ginn et richteg Walzentrale vun den dräi Kandidaten, Walsloganen an och Televisiounsdebatten, wéi an der Welt vun der grousser Politik.

Grouss finanziell Erausfuerderungen

Favorit fir dëse Sonnden zum neie Präsident gewielt ze ginn, ass de Joan Laporta, dee schonn tëscht 2003 an 2010 un der Spëtzt vum FC Barcelona stoung, iert en duerch e Mësstrauensvotte huet missten demissionéieren.

Mee egal fir wie sech d'Socios um Enn entscheede wäerten: eng grouss Erausfuerderung, vläicht déi gréisst, bleift déi riseg Schold vum Veräin. Barça soll spuenesche Medien no an Tëschenzäit eng Dette vun iwwer enger Milliard Euro hunn.

A vu datt de "Camp Nou"-Stadion fir déi nächst Zäit wéinst Covid nach ëmmer keng Spectateure wäert empfänken, entfält och eng wichteg Source fir Recettë fir den FC Barcelona. Ënner deenen Ëmstänn wäert et schwiereg gi weiderhi genuch Suen ze hu fir dem Lionel Messi seng Pai ze bezuelen.