Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher & Maxime Delpierre - Drips

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En neien transatlantesche Klima?

Fräie Mikro

En neien transatlantesche Klima?

De Mëttwoch huet de President Biden seng grouss Europarees ugetrueden. Datt hie fir säin éischten Auslandsdeplacement Europa gewielt huet, huet eng staark Symbolkraaft, mengt d'Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO Kommissioun.

auto_stories

3 min

An engem Bäitrag an der Washington Post[1] schreift de President Biden, hie géif op senger éischter Auslandsrees déi demokratesch Partner treffen, déi den USA am nooste stinn: de G7 Grupp, d'Nato-Staaten an d'Leader vun der EU. Anescht wéi säi Virgänger wëllt de President Biden den Engagement vun den USA fir hier demokratesch Alliéiert erneieren a mat hinnen zesummen d'Erausfuerderunge vun onser Zäit ugoen. Hien zielt der e puer op: d'Covid 19 Pandemie, de Klimawandel an déi schiedlech Handlungen "the harmful activities" vu Russland a China. Dee wirtschaftlechen Opschwong, deen d'USA am Moment erliewen, mécht se méi staark, awer eréischt zesumme mat aneren Demokratië kéint wierklech eppes verännert ginn. Mir si wierklech wäit ewech vun dem "America First" -Discours vu sengem Virgänger, deen d'NATO als en obsolete Veräin ofgedunn huet.

Wann de Joe Biden zum Schluss vu senger Europareess de Vladimir Putin zu Genf trefft, huet hie mat Nato an EU geschwat a wëllt et kloer maachen, datt d'USA an Europa aus engem Mond schwätzen, wa se déi Risiken op d'Tapéit bréngen, déi d'aktuell Politik vu Russland fir d'Sécherheet an Europa duerstellt, ugefaangen "with its aggression in Ukraine". De President Biden wëllt konstruktiv mat Russland zesumme schaffen, besonnesch wat d'Limitatioun vun de grousse Waffesystemer ugeet, toleréiert awer keng Violatioun vun US-amerikanescher Souveränitéit, wéi zum Beispill Amëschung a Walen.

"A global clean-energy transition"

Ee fir d'ganz Welt wichtegen Akzent leet de President Biden op eng wa schonn net global, da wéinstens transatlantesch Zesummenaarbecht fir de Klimaschutz. Esouwuel d'EU wéi d'USA hu sech jo engagéiert, bis 2050 klimaneutral ze ginn. Bis 2030 wëlle si allebéid hier Dreiwhausgas-Emissiounen ëm d'Halschecht erofsetzen. Dat geet - dës an déi Säit vum Atlantik - net ouni massiv Investitiounen a propper Energiequellen an innovativ Fuerschung. Eng weider sënnvoll Moossnam wier eng Verallgemengerung vun engem héijen CO2-Präis. Eréischt esou kann erreecht ginn, dass d'Klimaerwiermung ënnert deenen zwee Grad bleift, déi bei der Paräisser Klimakonferenz 2015 festgehale goufen. De gordesche Knuet, deen d'EU an d'USA also mussen duerchschloen, ass dee vun enger wirtschaftlecher Entwécklung am Respekt vun Ëmwelt a Klimaschutz. Wärend de President Trump aus dem Paräisser Klimaofkommes erausgeklommen ass, well et der amerikanesche Wirtschaft géif schueden, seet den Joe Biden: "When people talk about climate, I think jobs".

Awer effiziente Klimaschutz ass eppes fir räich Länner. An esou riskéieren all Efforten, déi Europa an d'USA zesumme uginn, eng Drëps op e waarme Steen ze bleiwen, wa si deenen aarme Länner net hëllefen a wann déi Haaptpollueure wéi China net zur Verantwortung gezu ginn. Awer en transatlantesche Green Deal wier ëmmerhi schonn en Ufank.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.