Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En neie Wuesstemsmodell

Wuesstem

En neie Wuesstemsmodell

Lëtzebuerg geet am Verkéierschaos ënner. D'Land bräicht en anere Wuesstemsmodell, seet de François Bausch. Den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister kënnegt mam MODU 2.0 eng nei Mobilitéitsstrategie fir d'Period 2023-2033 un. Hannergrond liwweren Etüden iwwert Landesplanung, d'Mobilitéitsverhalen an eng Käschten-Notzungsetüde bei Infrastrukturbauten.

auto_stories

3 min

François Bausch: Lëtzebuerg brauch en anere Wuesstemsmodell.

180.000 Frontaliere kommen all Dag op Lëtzebuerg schaffen, nieft den 220.000 Lëtzebuerger, déi all Dag op d'Aarbecht, an de Supermarché an erëm heem mussen. Dobäi kommen 100.000 Schüler, 10.000 nei Awunner all Joer, an zousätzlech tëscht 12.000 a 15.000 nei Aarbechtsplazen.

Ënnerschiddlech Wuesstemsmodeller

"Mir mussen dee Wuesstemsmodell, an deem mir dra sinn, a Fro stellen", esou de François Bausch. Déi vill Investissementer an d'Infrastrukture fir d'Mobilitéit an Zukunft, géingen eleng net duer goen. "Well iergendwa ginn d'Leit och op d'Barrikaden. Et ass och laangfristeg net ze finanzéieren, fir Milliarden a Milliarden an d'Infrastrukturen ze stiechen. Wann d'Konjunktur eng Kéier noléisst, kréie mir dat net méi gestemmt."

Digitaliséierung an eng méi héich Produktivitéit wäre just en Deel vun der Léisung. Et misst een e Bilan maachen, op déi Dausenden an Dausenden Aarbechtsplazen, déi geschaaft gi sinn zu Lëtzebuerg, net méi kaschten, wéi se erabréngen. Et misst ee sech iwwerleeën, op een all Entreprise misst unhuelen. Esou ass de François Bausch dogéint, datt de Glaswoll-Produzent Knauf op Lëtzebuerg kënnt, fir dee "krampfhaft" no engem Terrain gesicht géing ginn.

Am Wirtschaftsministère géing eng Etüde gemaach ginn iwwert de wirtschaftlechen Impakt vun den Entreprisen, déi op Lëtzebuerg ugezu gi. Et wär wichteg ze kucken, wa sech eng Entreprise zu Lëtzebuerg néierléisst, ob se och heihi passt. Déi Fro wär och fir de Wirtschaftsminister wichteg, och wann den Etienne Schneider vläicht eng aner Virstellung vu Wuesstem hätt, wéi de François Bausch.

Puer Etüden an eng Strategie

Enn Januar ass an der Chamber eng Debatt iwwert d'Wuesstemsfro geplangt. Da wëll de François Bausch der Chamber an der Ëffentlechkeet aktualiséiert Zuelen zur Landesplanung virstellen. Dat wären alarmant Zuelen, déi een net ignoréiere kéint. Am Mee wëllt hien eng nei grouss Mobilitéitsstrategie virstellen. De MODU 2.0 soll opzezeechnen, wéi d'Mobilitéit sech no 2023 zu Lëtzebuerg soll weider entwéckelen. Da wäerten och nei Investitiouns-Projete fir d'Zukunft virgestallt ginn.

D'Basis vun der neier Strategie bilden zwou grouss Etüden iwwert d'Mobilitéitsverhale vun de Leit an eng Käschten-Notzungsetüde bei Infrastrukturbauten, wou och den Impakt op d'Ëmwelt abezu gëtt. "Dat geet vun enger Vëlosinfrastruktur bis zu engem Tram, Zuch, Auto a Stroossen, déi gebaut ginn, fir am Virfeld ze chiffréieren, wat et kascht a bréngt. Net just um Niveau vum Invest, mä och, wéi vill Land verbrauch gëtt, a wat den Impakt op d'Ëmwelt an op d'Loftqualitéit ass." Zil wär fir eng Objektivéierung an d'Diskussioun ze kréien. Déi Etüdë géingen ëffentlech zougänglech gemaach ginn.

Nei Projeten

De François Bausch mengt, datt nach 20 bis 25 Joer Zäit géinge bleiwen, fir de Wuesstem zu Lëtzebuerg ëmzesteieren a méi nohalteg ze gestalten. Dofir missten awer haut eng Rei Decisioune geholl gi fir d'Infrastrukturen an de Verkéier. Et dierft een de Problemer net hannendru lafen. Dowéinst géing bei der Eisebunn net just d'Netzkapazitéit weider ausgebaut ginn, mä et géing een och 400 Milliounen Euro an d'Material investéieren. "Dat ass déi gréissten Ausschreiwung an der Geschicht vun der Lëtzebuerger Eisebunn", seet de François Bausch. Aner Projete sinn: d'Verduebelung vum Gleis op der Streck Ettelbréck-Ëlwen, an eng Ubannung vum ëffentlechen Transport vun de Frichen Esch-Schëffleng un d'Stad Lëtzebuerg.