Radioen

On air

Tockcity  |  Ride - Monaco

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En neie Kale Krich?

Fräie Mikro

En neie Kale Krich?

Den 1. Februar dëst Joer hunn d'USA sech aus engem Vertrag erausgezunn, dee si 1987 mat der fréierer Sowjetunioun geschloss hate fir déi géigesäiteg Bedrohung duerch Atomwaffen ze reduzéieren. D'Simone Beck fäert eng nei Oprëschtung.

auto_stories

3 min

Simone Beck

Virun 32 Joer haten de President Reagan an de Generalsekretär Gorbatchow dee Vertrag ënnerschriwwen, aus deem d'USA sech dësen 1. Februar zeréckgezunn hunn. An deem sougenannten INF-Vertrag hunn déi zwee Staatsmänner decidéiert, d'Mëttelstreckerakéiten an hire Länner ze zerstéieren. Dat ware Rakéiten, déi op Land stoungen an nuklear Sprengkäpp op Distanzen tëschent 500 a 5.500 Kilometer transportéiere konnten.

Pershing géint SS-20

Dësen Traité huet enger Zäit vun Angscht an Tensioun en Enn gesat. An de 70er Joren hat d'Sowjetunioun ugefaangen, hir SS-20-Mëttelstreckerakéiten esou ze stationéieren, datt se Ziler a Westeuropa an an den USA erreeche konnten. Doropshin huet d'NATO hire berühmten Doppelbeschluss gefaasst: Si géif och, mat den amerikanesche Pershing II, Mëttelstreckerakéiten op westeuropäeschem Buedem opriichten, déi d'Sowjetunioun an hir Satellittestaaten ugräife kéinten. Den zweeten Deel vun deem Beschloss huet vun den USA an der UDSSR verlaangt, Gespréicher iwwer d'Reduzéierung vun hire Mëttelstreckerakéiten opzehuelen. Eng bewonnerenswäert Logik: fir d'éischt fir Dausende Milliarden opriichten an dann ofrappen.

Den INF-Vertrag

Den INF-Vertrag, deen 1987 zu Washington ënnerschriwwen an en halleft Joer duerno zu Moskau a Kraaft gesat gouf, war zäitlech net begrenzt. Och waren d'USA an d'UDSSR mat géigesäitege Kontrollen averstanen. Experten hu wärend den 90er Jore bis 2001 iwwer 1.000 Mol gepréift - heiansdo och onugemellt - ob deen anere Vertragspartner sech géif un den Traité halen.

1991, dräi Joer nom Akraafttriede vum INF-Vertrag gouf et keng Sowjetunioun méi. Russland gouf hire juristeschen Nofolger an domat den neie Vertragspartner vun den USA an der NATO.

Nei Rakéiten an Europa?

Mat der Weltsituatioun an dem Wiessel vun de Muechtverhältnisser ännert och d'Haltung vis-à-vis vun eeleren Traitéen. 2004 hunn d'Russen eng éischter Kéier verlaude gelooss, si wéilten aus dem INF-Vertrag erausklammen. 2007 huet de Wladimir Putin deklaréiert, hie geséich net an, datt Russland sech un Aschränkungen hale misst, un déi Länner wéi China, Nordkorea, Indien, oder den Iran net gebonne wieren.

2014 seet den amerikanesche Verdeedegungsministère, Russland hätt landgestützte Rakéitesystemer mat enger Reechwäit bis zu 5.500 km getest an esou den INF-Vertrag gebrach. Den neie russeschen Equipement wier mobil asetzbar, an et wiere Rakéiten op dräi Plazen installéiert, vun deene Westeuropa kéint erreecht ginn. Russland kontert mat ähnleche Virwërf a schléisst och d'Drone mat an, déi absolut déi selwecht Effekter hätte wéi klassesch Mëttelstreckerakéiten.

Säbelrassele wéi an der keelster Zäit vum Kale Krich

Den 20. Oktober 2018 kënnegt de President Donald Trump un, d'USA géife sech aus dem INF-Vertrag zeréckzéien, wat dann och den 1. Februar dëst Joer offiziell geschitt ass. D'Reaktioun aus dem Kreml huet net laang op sech waarde gelooss: de Vladimir Putin sot, datt am Fall wou amerikanesch Mëttelstreckerakéite géifen an Europa installéiert ginn, Russland net nëmme géif déi Länner ugräifen, wou se stinn, mee och d'USA selwer. Dat wier schliisslech nëmme legitim, wann hien alles géif maachen, säi Land ze verdeedegen.

Et huet ee wierklech den Androck, d'Zäit wier zeréckgedréit ginn. Et gëtt mam Säbel gerasselt, wéi an der keelster Zäit vum Kale Krich. Hu mir nees eng Zäit virun eis, wou mir Ausdréck wéi Overkill oder MAD fir Mutuall assured destruction aus der Mattekëscht mussen huelen? Eppes ass jiddefalls sécher, deemools wéi haut: wien als éischte schéisst, stierft als zweeten.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.