Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Culture The Kid - Bmw Golf

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En éischten Iwwerbléck iwwer déi europawäit Wahlresultater

Europawahlen 2019

En éischten Iwwerbléck iwwer déi europawäit Wahlresultater

Déi grouss Volleksparteien dierften hir Majoritéit am Europaparlament verluer hunn. Gréng an EU-Kritiker hunn a ville Länner bäigewonnen. D'Wahlbedeelegung ass iwwerdeems op ville Plaze geklommen. En éischten Iwwerbléck.

auto_stories

1 min

Éischte Projektiounen no kéinten déi Europäesch Vollekspartei (EVP) an d'Sozialdemokraten (S&D) zesummen iwwer 80 Sëtz am EU-Parlament verléieren. Domat géifen d'Volleksparteie fir d'éischte Kéier an der Geschicht vum Parlament hir Majoritéit verléieren.

Bäigewonnen hunn op der anerer Säit d'EU-Skeptiker. A Frankräich zum Beispill ass de Rassemblement National vun der Marine Le Pen éischten Héichrechnunge no déi stäerkste Kraaft ginn. Dat franséischt Vollek hätt seng Stëmm héiere gelooss, sot d'Marine Le Pen. A verschiddenen däitsche Regiounen huet d'AfD méi Stëmme wéi d'Unioun vun CDU an CSU krut. Och an Italien sinn d'EU-Kritiker gutt gewielt ginn: d'Lega vum Matteo Salvini ass do der éischter Prognose stäerkste Kraaft ginn.

Queesch duerch Europa hunn awer och déi gréng Parteie gutt Resultater gemaach. An Däitschland sinn déi Gréng mat der Spëtzekandidatin Ska Keller zweetstäerkste Kraaft ginn a kéinten iwwer 20 Prozent klammen.

A ganz Europa ass den Trend an eng méi héich Wahlbedeelegung gaangen. Éischt Projektioune schätzen, datt europawäit méi wéi 50 Prozent kéinten un den Europawahlen deelgeholl hunn. 2014 hu just knapps 42 Prozent vun de wahlberechtegten Europäer matgewielt.