"Un terrible constat d'échec", sou den Editorial vun der Dageszeitung La Libre Belgique dësen Donneschdeg. Am Echo kann een dat dat heite liesen: "Souligner l'urgence après avoir perdu des jours autour de disputes politiques. Tout cela sent l'improvisation". An och a Flandern ginn et vive Kriticken an der Press. Et hätt een näischt, awer och guer näischt vum leschte Joer geléiert.
Leschte Freideg hat d'Regierung trotz enger relativ kritescher Situatioun keng weider Mesuren decidéiert. An an der Tëschenzäit sinn ëmmer méi Covid-Patienten an d'Klinicken ageliwwert ginn. Och wann d'Hausse net esou dramatesch ass wéi bei der zweeter Well am Oktober, sou datt eng Saturatioun vun den Intensivstatiounen ze fäerten, wou momentan zirka 650 Patiente versuergt ginn.
E Coup fir d'Entreprisen
D'Mesuren, déi no villen Diskussiounen dëse Mëttwoch fir véier Wochen decidéiert goufen, gesinn ënner anerem e Reesverbuet an d'Ausland oder Zoumaache vun allen net-medezinesche Kontaktberuffer wéi zum Beispill Coiffeure vir.
E Schlag an d'Gesiicht vun Entreprisen, déi hir Dieren eréischt virun engem Mount no véier Méint Fermeture konnten opmaachen. Och sougenannten "net-essentiell" Geschäfter dierfen nëmmen op Rendezvous empfänken, an dat maximal 50 Leit. Eng Milliard Euro géifen déi Mesuren de Geschäfter fir ee Mount kaschten, dat huet hier Federatioun ausgerechent. An 20 Prozent vun hinne géifen esou en drëtte Lockdown net iwwerliewen.
Och d'Schoule ginn nees zou
Kontroverse gouf et och ëm d'Zoumaache vun de Schoulen, déi eng Woch virun der Ouschtervakanz ufänkt. Hei war et virgesinn, nëmmen de Primaire an de Secondaire zouzemaachen, an d'Spillschoul opzeloossen, fir datt d'Elteren sech besser organiséiere kéinten.
D'Gewerkschaften hunn awer gemengt, Spillschoul wier keng Garderie, an dat wier e Manktem vu Respekt fir d'Léierpersonal, déi mol net prioritär fir d'Impfung sinn. Et gouf schliisslech dësen Donneschdeg decidéiert, och d'Maternellen zouzemaachen.
E kuerzen, mee intensive Lockdown, fir de Summer ze retten, dat hat de Premierminister Alexander De Croo gemengt. Éischt Resultater vun de Mesuren däerf ee wuel an zirka 10 Deeg erwaarden.