Radioen

On air

Resonanzen  |  Jazz and the City

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Dokter vu Metz forméiert Kolleegen an der Ukrain

Krichsmedezin

En Dokter vu Metz forméiert Kolleegen an der Ukrain

An der Ukrain gi sech weider haart Gefechter am Oste vum Land erwaart. Dausenden Zivilisten an der Ukrain an Zaldoten op béide Säite si scho wärend dësem Krich tëschent Russland an der Ukrain gestuerwen. D'Spideeler si voll mat Blesséierten. Well ee sech elo op e laange Krich astellt, mussen och d'Dokteren an der Ukrain nei forméiert ginn. Blessuren, déi am moderne Krich méi heefeg sinn, mussen traitéiert ginn. Fir d'Formatioun vun den Dokteren an der Ukrain ass en Dokter vu Metz responsabel. Den Dokter Raphaël Pitti ass Expert an der Krichsmedezin an huet och schonn a Syrien Infrastrukturen opgebaut fir Dokteren op déi schlëmmst Verletzunge virzebereeden.

Eise Korrespondent Philip Crowther huet deen 72-Joer alen Dokter aus der Grenzregioun getraff, zu Lwiw, am Weste vun der Ukrain.

auto_stories

4 min

Bei eisem Gespréich an engem Café am historeschen Zentrum zu Lwiw soll de Dokter Raphaël Pitti mir erkläre wéi hien an der Ukrain Dokteren op d'Konsequenze vum Krich virbereede wëllt. Hie mécht dat unhand vun engem Plang vum Land, deen hien op dem Dësch dee mir deelen ausbreet. Et ass e Plang net vun der Ukrain mee vu Syrien.

De Raphäel Pitti mat enger Landkaart vu Syrien

Dat eleng ass schonn en Detail deen Angscht mécht fir d'Ukrain. Hien erwaart sech en änleche Krich vun der russescher Arméi déi jo a Syrien d'Arméi vum Bashar Al-Assad ënnerstëtzt.

Russland kreest Stied an, bombardéiert se intensiv an terroriséiert domat d'Populatioun. D'Russe benotzen all Zort vu Waff, och chemesch Waffen. Ënner anerem Chlorgas, Napalm, Phospor. Russland géif eng Belagerungssituatioun hierstellen, d'Versuergung mat Elektresch a mat Drénkwaasser géif gestéiert ginn, genee wéi d'Versuergung mat Liewensmëttel. Si maachen dat, bis datt d'Zivilpopulatioun an déi arméiert Verteidegungsforcen no enger Zäit opginn.

Elementer vun deenen Taktike gesäit ee schonn a Stied wéi Kharkiv am Nordosten a Mariupol am Südosten. Déi zwou Stied leien am Donbas, wou dem Wladimir Putin seng Arméi probéiert e méi groussen Terrain ënner hier Kontroll ze kréien. Déi grausam Biller aus de Viruerter vu Kiew, wat d'russesch Arméi do hannerlooss huet, ass och en Indice fir déi modern russesch Aart a Weis Krich ze maachen.

Diskussiounen iwwer eng Ausbildungsstruktur lafen

De Raphaël Pitti representéiert eng Associatioun déi UOSSM heescht, Union des Organisations de Secours et Soins Médicaux. Hie wëllt Dokteren an Infirmiere forméieren, hei an der Ukrain, an engem Centre de Formation deen esou séier wéi méiglech soll opgebaut ginn. Lwiw am Westen, wou et nach gréisstendeels roueg ass, wier eng logesch Plaz fir esou eng Infrastruktur. Mat de Responsabelen hei gëtt elo doriwwer diskutéiert.

Well d'Dokteren an d'Spideeler musse virbereet ginn op d'Verletzungen déi dëse russesche Krich mat sech bréngt.

Den Expert erwaart sech e schlëmme Krich, vill Doudeger a schwéier Verletzter

An hie weess vu wat hie schwätzt. De Raphaël Pitti erwaart sech an der Ukrain e Krich wéi deen a Syrien, e ganz schlëmme Krich. Eng ganz pessimistesch Aussiicht fir d'Ukrain vum Mann deen 33 Mol a Syrien gereest ass an alles gesinn huet, an deene leschten zéng Joer.

"Des blessures qui sont liées à la situation de catastrophe. Ce sont les écrasements, éventuellement, des membres. Ce sont les pertes de substances, ce sont les lésions épouvantables et qui amènent quelquefois l'amputation, parce qu'il est impossible de réparer. Ce sont des hémorragies, des traumatismes du thorax. Ce sont des traumatismes crâniens, ce sont des pathologies de cette nature. Ce sont aussi des brulures, qui s'accompagnent en même temps, c'est tout cette pathologie, mais c'est au même temps des situations d'afflux de victimes au niveau de l'hôpital pour lequel il va falloir essayer de trier: ceux qui peuvent attendre et ceux qui ne peuvent pas attendre. Et dans ceux qui ne peuvent pas attendre, il y a malheureusement des gens qu'on va laisser mourir."

"Il n'y a pas d'engagement sans sacrifice."

A Syrien huet seng Associatioun, d'UOSSM, véier Infrastrukture gebaut. 34.000 Leit goufe forméiert. De Raphäel Pitti huet eng immens donkel Aussicht fir d'Ukrain mee och fir de Rescht vun Europa.

"Les Ukrainiens ont à se battre et à montrer en même temps qu'ils se battaient. Je pense que le président a raison quand il dit 'nous nous battons pour Vous'. Au fonds il rejoint ce que je suis en train de dire: C'est par rapport à nous et par rapport aux valeurs que nous voulons défendre. Est-ce que nous sommes prêts à défendre ces valeurs? Aujourd'hui nous sommes prêts à armer. Mais nous continuons à acheter du pétrole à Poutine et nous lui donnons tous les jours 650 millions qui lui payent en même temps la guerre qu'il crée en Ukraine. Est-ce que nous sommes prêts au sacrifices de dire 'Non, c'est terminé, nous n'achèterons plus un seul millilitre de pétrole ou de gaz à Poutine. Est-ce que nous sommes prêts à ces sacrifices? Je Vous dis: "Il n'y a pas d'engagement sans sacrifice."

Den Dokter ass an Algerie gebuer, war Flüchtling a Frankräich, a seet dat dat him de Wee gewisen huet fir säin humanitären Engagement. Hie war Dokter an der franséischer Arméi bis 2004. Elo Member vum Conseil Municipal zu Metz.

Hien hofft datt hie mat sengen elo 72 Joer an deenen nächst zéng Joer keng 33 Mol an d'Ukrain reese muss. Dat war säi Bilan bis elo am Krich a Syrien.