Radioen

On air

Espresso Beats  |  Richard & Linda Thompson - When I Get To The Border

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En digitale Bannemaart ouni Grenzen?

Bilan EU-Kommissioun

En digitale Bannemaart ouni Grenzen?

D'Schafen vun engem digitale Bannemaart, ouni Grenzen an ouni Hindernisser: dat war eng vun den zéng Prioritéiten, mat deenen d'Kommissioun-Juncker am Joer 2014 ugetrueden ass. Wann aus 28 nationalen Digital-Mäert een eenzegen gëtt, da kéinten doduerch, esou gouf deemools gesot, Honnertdausende vun neien Aarbechtsplaze geschaf a Recettë vu méi wéi 400 Milliarden Euro d'Joer generéiert ginn.

auto_stories

3 min

"Souguer d'Technik-Freake wéi ech wëssen, datt d'Technologie eis Zukunft muss sinn", seet de Jean-Claude Juncker, net ouni Selbstironie, an engem Videoclip um Site vun der Europäescher Kommissioun, an deem de President himself erkläert, firwat den digitale Bannemaart eng vun de Prioritéite vu senger Kommissioun ass.

Déi grouss digital Entreprisë sëtzen an den USA, hir Computere kommen aus China. Europa huet den Zuch iergendwéi verpasst: Zil war an ass et, de Retard opzehuelen.

De Retard ophuelen

"Dafür ist eine wichtige Voraussetzung, dass die europäische Politik digitalpolitische Initiativen vernetzt denkt, sie also mit Cybersicherheit beispielsweise oder mit regionalpolitischen Themen zusammen denkt und auch auf industriepolitische Anliegen wie die Modernisierung von etablierten Industriezweigen ausdehnt."

seet de Robert Stüwe vum Zentrum fir europäesch Integratiounsfuerschung op der Uni Bonn: Deen Zentrum huet genee gemonitored, wat geschitt ass am Laf vun de leschte fënnef Joer, bei den zéng Prioritéiten, also och am digitale Bannemaart.

Ënner de Begrëff "digitale Bannemaart" fale ganz ënnerschiddlech Stéchwierder wéi Dateschutz a Kënschtlech Intelligenz, Droits d'auteurs a Geoblocking, 5G-Infrastruktur an Digitalsteier. A wann een dat alles zesumme kuckt, da kéim een op e gemëschte Bilan, seet den Andrea Renda, Chercheur um Centre for European Policy Studies zu Bréissel.

E gemëschte Bilan

Op där enger Säit huet d'Kommissioun staark Decisiounen duerchgesat a Saachen Dateschutz a Copyright, op där anerer Säit ass den digitale Marché am Kär ëmmer nach esou wéi e viru fënnef Joer war: extrem fragmentéiert, onfäeg den Entreprisen a Konsumenten e komplett integréierte Marché ze bidden, an deem all Servicer fir all Konsumenten zougänglech sinn, egal wéi hir Postleitzuel ass.

Zwar ass zanter Dezember zejoert en europäescht Reglement voll a Kraaft, dat Geoblocking verbitt, mee dat huet sech nach net iwwerall ronderëm geschwat, schéngt et: ëmmer nach si Videoen an dësem Land net available, a kënne Päck an dat anert Land net geliwwert ginn.

Et bleiwe vill Chantieren

Mee wéinstens gëtt et do schonn e Reglement, wat an anere Beräicher nach net de Fall ass: "Et gëtt eng ganz Rei vun Themen - e-Privacy, Digitalsteier a vill anerer - wou d'Initiative vun der Kommissioun sech net a Form vu konkrete politesche Mesurë konkretiséiert hunn.", seet de Spezialist a Saachen digital Ekonomie, den Andrea Renda.

E faire Modell fir eng Besteierung vun de Internetgiganten à la Google, Facebook a Konsorten, op déi d'Europäer sech bis elo net verstännege konnten, ass dee vläicht gréissten Echec gewiescht. Déi nächst Kommissioun wäert do en neien Ulaf huele mussen.

5G bleift en Dossier fir déi nächst Kommissioun

Och a punkto Opbau vum 5G-Reseau fir déi nei Generatioun vun der mobiller Dateniwwerdroung wier net genuch ënnerholl ginn, fënnt den Andrea Renda. De Robert Stüwe vun der Uni Bonn ass domat awer net ganz averstanen:

"Also bei der 5G Infrastruktur fällt die Verantwortung mit Sicherheit nicht allein der Europäischen Kommission oder dem Europäischen Parlament zu. Das ist auch eine zentrale Zuständigkeit der Mitgliedsstaaten, Netzinfrastruktur aufzubauen und auf nationaler Ebene die nötigen Vorkehrungen zu treffen um einen möglichst zügigen Ausbau der 5G-Infrastruktur sicherzustellen."

Och fir déi nächst Kommissioun wäert den digitale Bannemaart eng Prioritéit bleiwen. Bleiwe mussen. Si wäert engersäits nohuelen, wat dës Kommissioun net hikritt huet. An da stelle sech hir och schonn nei Erausfuerderungen: Kënschtlech Intelligenz, den Internet of Things, a wie weess schonn haut, wat net nach alles.

Fakt ass awer och: d'Kommissioun eleng kann d'Defien net meeschteren. Si brauch d'Parlament, d'Memberstaaten. An, an de meeschte Fäll och de private Secteur.