D'Vertrieder vun der konventioneller Landwirtschaft waren nom Agrarsommet zefridden. De Landwirtschaftsminister hat hire Fuerderunge schonn am Virfeld vun der Reunioun Rechnung gedroen, ënner anerem wat de Punkt vun der Reduktioun vum Véibestand am geplangten Agrargesetz ubelaangt.
En ze héije Véibestand
Ënner verschidde Konditiounen dierfe Bauerebetriber zukünfteg dann awer weider wuessen. Um Enn alles technesch Upassungen, déi de generelle Problem vum ze héije Véibestand am Grand-Duché net léisen, mengt de Raymond Aendekerk, Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg.
Dee misst un de Landverbrauch ugepasst ginn, et sollten also just sou vill Déieren um Betrib, respektiv zu Lëtzebuerg gehale ginn, wéi se och iwwer d'Gréngland gefiddert kënne ginn:
"An dat ass momentan guer net de Fall. Iwwert d'Halschent vun der Mëllech déi zu Lëtzebuerg produzéiert gëtt, kënnt aus dem Kraaftfudder an dat kënnt deelweis vum Aker oder et kënnt suguer aus Importfuddermëttel, wou dann erëm Deforestatioun domat verbonnen ass."
Eng nohalteg Landwirtschaft mat Véihaltung
Et misst eng Virgab ginn, datt mat deene Ressourcë geschafft gëtt, déi mer hei am Land hunn, betount de Raymond Aendekerk. Dee Moment kéint eng nohalteg Landwirtschaft opgebaut ginn, zu där d'Véihaltung natierlech och weiderhi kéint gehéieren.
Dat gesäit d'Direktesch vun der Biovereenegung Lëtzebuerg d'selwecht. D'Daniela Noesen bedauert, datt d'Biolandwirtschaft um Agrarsommet keen Thema gewiescht wier, obschonns d'EU an och Lëtzebuerg sech ambitiéis Ziler an deem Beräich ginn hunn. Et géif ëmmer gewaart ginn bis et ze spéit ass...
"Mir picken eis an eise Problematiken ëmmer een Deel eraus, wou mer wëssen, do fänkt et un enk ze ginn, a mir kucken net wäit genuch fir och ganzheetlech en Zesummenhank hinzestellen, datt mer fir d'Transition écologique de Bio vill méi misste mat op de Wee huelen."
D'Ëmstellung attraktiv maachen
D'Daniela Noesen betount, datt am Agrarsecteur eng Bereetschaft do wier, fir méi ëmwelt- a klimafrëndlech ze ginn. Ma d'Politik misst den néidege Kader an déi néideg Incentives schafen, fir esou eng Ëmstellung attraktiv ze maachen.
"Et muss eng Honoréierung stattfannen, déi an engem System leeft, datt mer och innerhalb vun der Saach virukommen. Spréch och einfach Ressource wéi Waasser, Buedem, wéi Déierewuel, all déi Saachen, fir déi ze verbesseren, dofir bräichte mer e System deen de Bauer och honoréiert."
Et bleift also vill Aarbecht. An deem Kontext begréissen d'Ëmweltverbänn an d'Biobaueren, datt en Zukunftsdësch soll geschaf ginn, un deem nieft den direkte Vertrieder aus der Bio an der konventioneller Landwirtschaft och Vertrieder aus der Zivilgesellschaft solle sëtzen.