arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmsetze vum Waringo-Rapport "primordial a prioritär"

Yuriko Backes

|
reading time

1 min

Ëmsetze vum Waringo-Rapport "primordial a prioritär"

D'Ëmsetze vum Waringo-Rapport wier fir d'Yuriko Backes "primordial a prioritär", deelt den Haff eis mat. Si géif "op eng intensiv Aart a Weis" zesumme mam Grand-Duc a mat der Regierung, respektiv mam Staatsministère, "Hand an Hand" schaffen, fir de Reformprozess "esou séier wéi méiglech duerchzezéien".

reading time

1 min

D'Yuriko Backes, zanter dem 1. Juni déi nei Maréchale de la Cour, wëllt dem radio 100,7 keen Interview zur aktueller Situatioun um Haff ginn a géif Detailer iwwer Personaldossiere vum Haff och net kommentéieren.

Schrëftlech deelt den Haff op Nofro hi mat, datt de Michel Heintz nach Chef de Cabinet vum Grand-Duc wier. Sollt et zu personellen Ännerunge kommen, géif den Haff dat matdeelen.

Wéi den Onlinemagasinn reporter.lu gëschter gemellt huet, a mir et confirméiert kruten, huet den Haff Enn Mee de Chef de Cabinet vum Grand-Duc entlooss. Eréischt no enger Interventioun vum Premier Xavier Bettel wier d'Kënnegung zeréckgezu ginn.