Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ëmmer méi Bierger un der Energietransitioun interesséiert

Erneierbar Energie

Ëmmer méi Bierger un der Energietransitioun interesséiert

Bei der Klima-Agence gouf et d'lescht Joer iwwer 12.000 Berodungen. Dat sinn iwwer 20 Prozent méi wéi d'Joer virdrun. Zanter 15 Joer funktionéiert d'Klima-Agence als nationale Service a beréit Privatpersounen, Gemengen an Entreprisen a Saachen Energietransitioun. Bal ee Véierel vun de Berodunge ginn awer nach bei de Leit doheem duerchgefouert.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Vill Berodungsnofroen hu sech op Photovoltaikanlagen konzentréiert. Dat géif weisen, datt d'Thema erneierbar Energien d'Bierger ëmmer méi interesséiert, fënnt d'Klima-Agence. Et géif ee feststellen, datt hiere Public Cible vill méi heterogen ginn ass.

Et geet och dorëm, Energie ze spueren

Ëmmer méi Leit wéilten net méi nëmmen wéinst dem Ëmweltschutz, ma och aus Käschtegrënn Energie spueren. Grad elo an der Energiekris, erkläert d'Sarah Juchems. D'Klima-Agence géif dofir och Berodungen ubidden fir Energie anzespueren.

"An do hu mir och eng spezifesch Berodungsoffer fir Menagen déi an enger Précarité énergétique sinn. Dat ass zesumme mam Familljeministère."

Konventioun mat verschiddene Ministèren

De Service funktionéiert iwwer eng Konventioun mat de Ministèrë fir Energie, Ëmwelt a Logement. Bis den 1. Juli dëst Joer goufen d'Berodungsservicer vun de Gemengen finanzéiert.

Zu Déifferdeng konnten zanter Abrëll mam Pilotprojet "Zesumme renovéieren" 41 Proprietären ee personaliséierte Projet a Saachen energeetesch Renovatioun kréien.

Déi grouss an déi kléng Betriber encadréieren

Zejoert huet d'Klima-Agence ausserdeem de Programm "Klimapakt fir Betriber" lancéiert, mam But, Entreprisen an der Energietransitioun ze begleeden. Mëttlerweil sinn hei déi 49 gréissten Energie-Verbraucher mat dobäi. Dozou gehéieren ënnert anerem Arcelor Mittal a Goodyear.

Och déi kleng Betriber wéilt ee méi encadréieren, erkläert den Direkter Fenn Faber. A Betriber mat net méi wéi 15 Mataarbechter wier net déi Expertise fir op deene Sujeten ze schaffen

"An et ass och grad dowéinst, firwat et eis Initiativ Klimapakt fir Betriber an awer och d'Übungen am Mëllerdall déi mir maachen och dobäi kommen. Fir einfach rauszefannen, wat dee beschten Encadrement ass, dee mir do kënnen ubidden."

Et ass d'Zil vun der Klima-Agence, de klengen Entreprisen transparent ze maachen, wat et fir Ressourcen zu Lëtzebuerg gëtt, betount den Direkter Fenn Faber.