Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  King Pari - Wait A Minute

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Emile Eicher: "Spuermoossnamen net just fir de Wanter mee fir d'Zukunft"

Gas spueren zu Lëtzebuerg

Emile Eicher: "Spuermoossnamen net just fir de Wanter mee fir d'Zukunft"

Den Emile Eicher, President vum Syvicol, erkläert datt och d'Gemengen hei am Land musse matschaffen, wa Lëtzebuerg säi Gasverbrauch ab August ëm 15 Prozent reduzéiere wëll. D'Gespréicher mat der Regierung wären amgaang, mam Energieminister Claude Turmes hätt hien scho geschwat, an eng Entrevue mam Premier stéing un.

auto_stories

3 min

Den President vum Syvicol, den Emile Eicher.

Lauschterenplay_arrow

De Wanter an Europa kéint kal ginn, wa Russland decidéiert, de Gas ofzestellen. Déi ambitionéiert 15 Prozent, déi d'EU elo spuere wëll, fir datt et am Wanter net enk gëtt mat de Reserven, mussen iergendwou hierkommen.

Privat Stéid, Spideeler an Altersheimer kommen net a Fro, an zu Lëtzebuerg sollen och d'Schoulen net betraff sinn, esou den Emile Eicher vum Gemengesyndikat Syvicol.

Moderniséierung vun hëtzen a beliichten

D'Gemenge kënnen awer hiren Deel bäidroen. Zum Beispill géif et kee Sënn maachen, fir eng Sportshal oder e Centre culturel deeglaang ze hëtze wa keen dra wier, seet den Emile Eicher. Hei bräicht een e System, deen op Reservatioun funktionéiert an d'Gebai nëmmen dann hëtzt, wann et och benotzt gëtt.

D'Gemengen hätten deelweis scho grouss Fortschrëtter gemaach, allerdéngs hätt nach laang net all Gemeng den néidege Budget, fir zum Beispill hir Infrastruktur ze moderniséieren.

Laut dem Emile Eicher misst een elo fir d'éischt bei der Moderniséierung vun den Heizungen an der Beliichtung vun ëffentleche Gebaier an och vun der Stroossebeliichtung usetzen. De Clierfer Buergermeeschter betount awer, datt déi Entwécklungen och nohalteg solle sinn - et misst een net just fir dëse Wanter spueren, mee op laang Siicht manner Energie verbrauchen.

Potential bei Aarbechtsgewunnechten

Mee och um Niveau vun der Aarbecht kéint et Ännerunge ginn: Den Teletravail kéint hëllefen, manner ze hëtzen. An der Covid-Period hätt een hei eng Partie Erfarunge gemaach wéi ee sech séier reorganiséiere kann. Dofir mengt den Emile Eichen, datt dat kee Problem dierft si mee datt dat eleng awer net géif duergoen:

"Et muss ee sech och laangfristeg bewosst ginn, datt mir eng Rei vun Energie-Spuermoossnamen aféieren - net just fir dëse Wanter, mee fir d'Zukunft."

Dozou gehéiert laut dem Clierfer Buergermeeschter och den Ausbau vu erneierbaren Energien op kommunalem Niveau an eng Moderniséierung vun der Infrastruktur. Fir déi kënnen ëmzesetzen, brauch et allerdéngs Suen - an déi huet nach laang net all Gemeng, sou den Emile Eicher.

Gemenge musse virgoe fir Bierger ze sensibiliséieren

Lauschtert den Emile Eicherplay_arrow

Et misst een och d'Bierger mobiliséieren a sensibiliséieren, fir esou vill ewéi méiglech ze spueren an d'Energie dem Bedarf gerecht ze benotzen, seet den Emile Eicher.

Hei géif et och flott Pilotprojete ginn, mat deenen een de Leit kéint weisen, wéi een ouni vill Aschränkunge ganz effizient kéint Energie spueren. "An do mussen d'Gemengen, mengen ech, virgoen", seet den Direkter vum Syvicol.