Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Parquet Courts - Tenderness

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëlwen: Am Schied vun der "grousser Politik"

Gemengewalen 2023

Ëlwen: Am Schied vun der "grousser Politik"

Soubal d'Awunnerzuel vun enger Gemeng iwwer 3.000 Awunner klëmmt, gëtt de Walsystem ëmgestallt: Da stinn net méi just eenzel Kandidaten um Walziedel, mee och verschidde Lëschten. Zu Ëlwen ass dat bei dëse Gemengewale fir d'zweet de Fall. Mee d'Parteien hunn et ëmmer nach schwéier an der nërdlechster Gemeng vum Land.

auto_stories

7 min

Ëlwen ass déi nërdlechst Gemeng am Land. (Foto: Rick Mertens)

Lauschtert de Reportage a voller Längtplay_arrow


Dënschdes owes, kuerz viru siwen Auer am Gemengenhaus zu Ëlwen. No an no fannen déi eelef Conseilleren aus dem Gemengerot hire Wee an de Festsall um éischte Stack. D'Zapanlag hannert dem Comptoir ass haut net ugeschloss, well et sti 15 Punkten um Ordre du jour, déi bis an de spéiden Owend era mussen ofgeschaaft ginn.

De Buergermeeschter Edy Mertens wëllt dofir net, datt d'Sëtzung mat ze vill Verspéidung ufänkt.

Vill Iwwerschneidunge bei de Walprogrammer

Éischte Punkt ass haut eng Presentatioun vun der Fierschtesch, déi fir de Gemengebësch responsabel ass. Si erkläert, firwat d'Holz aus dem Bësch an Zukunft soll mat engem Label zertifiéiert ginn, an och datt an engem Nopeschduerf geschwënn ee kënschtleche Wéier am Kader vun enger Renaturéierung soll zougeschott ginn. Net jidderee fënnt dat awer eng gutt Iddi.

"Dat ass zwar eng Sauerei! Als Géidger Jong fannen ech dat e bëssen eng mësslech Situatioun, wëll déi Léckt aus Géidgen, déi wousste gar net wat kënnt. (...) Well dat ass den Zentrum vum Doareff, do kënnt elo eng Supp, ee risege Koup Schäiss dohin..."

Trotz dësen däitleche Wieder sinn um Enn all d'Conseilleren sech eens: D'Bierger zu Géidgen sollen nach eng Kéier iwwer d'Renaturéierung informéiert ginn, an och de Gemengebësch gëtt mam Label zertifiéiert.

Et ass net déi eenzeg Kéier op dësem Owend, datt d'Ëlwener Gemengeconseillere sech eens sinn: Decisiounen am Konsens gehéieren an der nërdlechster Gemeng vum Land zum politeschen Alldag.

An dat ass kuerz virun de Gemengewalen net vill anescht ewéi soss, seet de Mario Glod, Schoulmeeschter vun Huldang.

"Et leeft elo zimmlech roueg a gemächlech."

De 56-Järege setzt am Moment fir d'CSV am Gemengerot a gehéiert domat zur Oppositiounssäit. Hie verstoppt net, datt de Programm vu senger Lëscht sech zu groussen Deeler mat de Propose vun der Majoritéit iwwerschneit.

"D'Problemer sinn do, an déi kenne mir. Dat sinn infrastrukturell Problemer. Datt mir musse kucken, eis Infrastrukturen an der Réi ze halen. Respektiv, datt dat wat muss gefléckt ginn, zäitno gefléckt gëtt. A mir musse kucken, datt mir den Ausbau vun eiser Schoul, Crèche a Maison Relais op d'Réi kréien."

De Mario Glod virun der oppener Schwemm zu Ëlwen.

Harmonie tëschent Majoritéit an Oppositioun

D'Harmonie am Ëlwener Gemengerot war an de leschte Jore souguer esou grouss, datt et ee Moment esou ausgesinn huet, wéi wa Majoritéit an Oppositioun géife fusionéiere fir gemeinsam an d'Walen ze goen.

"Si haten eis am Summer gefrot: Solle mir net eng Lëscht unique maachen?"

Dozou ass et awer net komm. De Mario Glod a seng Ekipp hunn d'Offer vun der Majoritéit net ugeholl, an hunn nees eng eege Lescht op d'Been gestallt. Mat engem Ënnerscheed: Et ass dës Kéier eng oppe Lëscht, a keng offiziell CSV-Lëscht méi.

"Fir d'Leit ze iwwerzeegen eng Parteikaart ze huelen: do sinn der och net méi esou vill, déi sech dovun iwwerzeege loossen. Da gëtt ee vläit méi Leit eng Chance fir matzemaachen, wann's de sees: mir sinn elo parteionofhängeg."

De Buergermeeschter kann déi Argumentatioun gutt novollzéien. Den Edy Mertens souz zwar bis 2018 fir d'DP an der Chamber. Zu Ëlwen trëtt hien awer, wéi bei de leschte Gemengewalen, mat enger Biergerlëscht un. Eng DP-Lëscht hätt hie net emol probéiert zesummen ze kréien, betount de fréieren Député-Maire:

"Dat ass net dran, well wa Leit sech op ee Mol mussen outen, oder si mussen eng Parteikaart huele fir iwwerhaapt op déi Lëscht ze kommen, da maachen se et net. Ech weess dat. Ech kënnen d'Leit alleguerten eenzel hei an der ganzer Gemeng. Also eelef Stéck fënnt ee sécher net."

Den Edy Mertens, Buergermeeschter vun Ëlwen.

"Ech kennen deen, ech wielen deen"

Dat gesäit de Steve Schmitz e bëssen anescht. De 44 Joer alen Eisebunner wunnt zënter dräi Joer zu Ëlwen an huet dëst Joer fir déi éischte Kéier eng ADR-Lëscht opgestallt. D'ADR ass domat déi eenzeg Partei, déi ee Plakat op der Gemengeplaz nieft dem Sprangbuer hänken huet.

Mee wann ee sech d'Plakater ukuckt, da fält op, datt um ADR-Plakat manner Käpp sinn, wéi op deene vun de Biergerlëschten: D'Partei trëtt just mat siwe Kandidaten un, obwuel eelef Sëtz am Ëlwener Gemengerot ze vergi sinn.

"Ech hu probéiert, d'Lëscht voll ze kréien, mee Dir musst och verstoen, hei am Éislek sinn d'Leit nach ëmmer gewinnt: Ech kennen deen, ech wielen deen."

D'Walverhale géif nach ëmmer dovu beaflosst ginn, datt d'Leit zu Ëlwen bis virun e puer Joer gewinnt waren, just Käpp ze wielen, mengt de Steve Schmitz. Als Partei géif engem dofir vill Skepsis entgéint schloen.

"Dat war wierklech ganz, ganz schwiereg. Vill Leit hu mir och gesot: 'Dir sot elo dat - beweist eis et.' An da kann een nach eng Kéier driwwer schwätzen, op ee matgeet oder net."

An der Walcampagne wëllt de Steve Schmitz d'Wieler elo mol domat iwwerzeegen, datt hien sech fir méi Biergerbedeelegung an eng besser Gesondheetsversuergung am Norde vum Land ausschwätzt. An dofir, datt d'Gemeng méi effikass handelt.

"Hei hutt Dir de Parking vum Internat. Dat ass eng Schotterpist. Am Wanter ass et méi Bulli ewéi soss eppes. A mir fannen einfach, datt een dee Parking schnellstméiglech soll fäerdeg maache mat Makadamm."

De Steve Schmitz vun der ADR.

"Sënnlos" Debaten

Eng direkt Ausernanersetzung iwwer e sou Sujete mat de Vertrieder vun deenen anere Lëschten ass wärend der Walcampagne zu Ëlwen awer net virgesinn. Déi dräi Lëschte lueden d'Bierger op separat Walversammlungen an, fir hir Proposë virzestellen. Een Debat ënnerteneen ass awer net virgesinn.

An och eng Invitatioun fir esou een Debat bei eis um Radio huet de Buergermeeschter Edy Mertens net ugeholl.

"Ech weess net, wat bei esou engem Face-a-Face soll erauskommen."

Esou een Debat mécht a sengen Aen an enger klenger Gemeng wéi Ëlwen kee Sënn, well de Spillraum vum Gemengerot souwisou begrenzt ass.

"Et kënnt jo drop un, wat geschitt. Wat kann ech maachen? Et gi Gesetzer, et gi Richtlinnen, et gëtt de Staat, dee matschwätzt, an un deen ee sech muss halen. Et ass jo och kee Wunschkonzert, datt deen ee seet, ech hätt gär viru menger Dier eng Bushaltestell, deen aneren och nach. Nee, et muss ee jo wierklech global dat Ganzt kucken, an da kucken, dat fir de Bierger ëmzesetzen, wat an der grousser Politik decidéiert gëtt."

Den Ëlwener Buergermeeschter ass iwwerzeegt, datt déi Ëmsetzung a klenge Gemengen am beschte funktionéiert, wa keng Parteipolitik dertëschent funkt.

A fir déi Usiicht géif hien am nächsten Ëlwener Gemengerot och zimmlech sécher eng Majoritéit kréien. Egal wéi d'Walen ausginn.

Iwwerreschter vun alen DP-Plakater zu Ëlwen.