Lobbyismus Elo da vum Space-Business gepuscht

De Vize-Premier a Wirtschaftsminister däerf sech nees feiere loossen. Politico, een amerikanesche Magasinn, deen zënter e puer Joer an Europa zesumme mam Bildzeitung-Verlag Springer verëffentlecht gëtt a sech un e Krees vun aflossräiche Lieser adresséiert, huet den Etienne Schneider an engem Klassement vun europäesche Perséinlechkeeten ernimmt. De Space-Business puscht heimat een Hoffnungsdréier, vun deem si sech natierlech e Retour sur investissement erwaart.

Michel Delage

Kommentar Michel Delage
Michel Delage

"The 28 people who are shaping, shaking and stirring Europe" - 28 Leit, déi Europa formen, rëselen a beweegen. Sous-entendu: an engem Sënn, deen den Interête vun de Promoteure vun där Lëscht vum Magasinn Politico entgéint kënnt. Op Plaz 12 steet The Space miner, wéi dat - op d'mannst an deem Fall bestëmmt - stolzt Aarbechterkand Etienne Schneider bezeechent gëtt, den Titel iwwert engem Portrait, deen dem Lëtzebuerger Politiker seng Space resources-Intitiativ mat Sympathie, also ganz onkritesch duerstellt.

D'Press hei am Land huet déi Consecratioun mat där selwechter Sympathie zur Kenntnis geholl. Op sengem Twitter-Account sot sech den Haaptinteresséierte "geéiert" an huet dat och alles äifreg gedeelt.

Gesponsert Mediecampagne

Dobäi huet keen ervirgehuewen, obwuel et kee Geheimnis ass, datt dat Klassement vu Politico eng gesponsert Mediecampagne ass, gesponsert vun den zwou grousse multinationalen Entreprisen ABInBev a Merck. Een direkten Zesummenhang tëschent dem Etienne Schneider an dem belsche Brauereikonzern ABInBev läit - wéi et ausgesäit - net direkt op der Hand, héchstens a Form vun enger intensiver Frequentatioun vu Bistroe während Bréisseler Studentenzäiten.

Bei Merck ass dat anescht. Merck ass ee groussen däitsche Chimie- a Pharma-Konzern, iwwregens deen eelsten op der Welt. D'Entreprise vun Darmstadt investéiert allerdéngs och an all méiglech Technologien, dorënner Fuerschungsprojeten iwwert ... Ressourcen aus dem Weltall! Am Kader vun engem Space exploration masters, zum Beispill deen, déi europäesch Weltraum-Agence ESA am Juni lancéiert hat, huet Merck zesumme mat Airbus ee Projet gesponsert. Ënnert de sechs Sponsoren, déi hire respektive Präis gestëft hunn: De Lëtzebuerger Wirtschaftsministère. Mëtt November war dann och op der NewSpace Europe-Konferenz um Kierchbierg d'Präisiwwerreechung.

Hoffnungsdréier solle mëttel- bis laangfristeg liwweren

Nodeems den Etienne Schneider d'Potential vum Asteroide-Biergbau erkannt huet, huet d'Industrie, wéi et schéngt, och elo d'Potential vum Etienne Schneider erkannt. Hitparadë wéi déi vu Politico si keng Klassementer, déi unhand vun objektive Critèren opgestallt ginn. Et si Kommunikatiouns-Campagnen, mat deene Konzerner wéi ebe Merck d'Carrièrë vun éiergäizege Politiker ënnerstëtzen. Déi ausgewielten Hoffnungsdréier sollen eng national an international Credibilitéit kréien, fir mëttel- a laangfristeg deen erwaarte Retour sur investissement kënnen ze liwweren.

Beispillsweis den däitschen FDP-Politiker Christian Lindner, dee viru kuerzem eng Regierungskoalitioun mat den Uniouns-Parteien an deene Grénge refuséiert huet. Dee Lindner kënnt am Politico-Klassement op déi éischt Plaz. Net datt hie schonn all ze vill Opweises hätt, mä gewësse Milieue schéngen op de Shooting Star ze setzen. Vläicht een nächsten däitsche Kanzler, wie weess?

Dat beschte Beispill vu gesponserter Carrière bitt iwwerdeems de Jean-Claude Juncker, deen de Keller an de Späicher voll mat Medailen, Uerden a soss Auszeechnunge vun interesséierte wirtschaftlechen a politesche Kreesser hänken huet. Mam Jean-Claude Juncker hunn d'Lëtzebuerger Finanzplaz an och Däitschland een iwwer laang Joren zouverlässegen Alliéierten opgebaut. Och dem Etienne Schneider kéint ähnlech Grousses bléien. Virausgesat en hält d'Linn - virun allem déi politesch.

An der Mediathéik:

Chronik / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Koichi Wakata
Staatsvisite

Bei der Staatsvisite a Japan gouf en Accord fir eng Kooperatioun am Weltraum-Secteur ënnerschriwwen. Och d'Japan Aerospace Exploration Agency stellt sech als interessante Partner fir Lëtzebuerg duer.

Groundstation
Weltraumindustrie

Lëtzebuerg ass e Pionéier, wat Weltraum-Investissementer ugeet, seet de Journalist Peter de Selding. Lëtzebuerg wier bereet, Risiken anzegoen. Doduerch géif d'Land an Europa un éischter Plaz stoen.

Houston, Tx/usa - Circa July 2013: Astronauts In Space Suits In Lyndon B. Johnson Space Center, Hous
Spaceresources

Déi international Promotioun vu spaceresources.lu ass e Succès. D'Ekonomie vun de Weltall-Ressourcë muss sech nach entwéckelen.

asteroid.jpg
Space Mining

D'Ofbaue vu Mineralien am Weltall kléngt wéi Science-Fiction, ass awer keng. Lëtzebuerg wëll an deem Beräich Pionéieraarbecht leeschten. An et gëtt och éischt Unzeechen, datt dee Plang kéint opgoen.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen