Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Black Marble - Somewhere

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Elmen: Bezuelbar Wunnengen a (bal) keng Autoen

Innovative Quartier an der Gemeng Kielen

Elmen: Bezuelbar Wunnengen a (bal) keng Autoen

D'Wunnengskris ass och bei dëse Walen ee vun den Haapttheemen. Zu Ollem, an der Gemeng Kielen, baut d'SNHBM - Société Nationale des Habitations à Bon Marché - ee ganz neie Quartier. Do ginn net nëmme bezuelbar Wunnengen ugebueden, mee de Quartier mam Numm Elmen ass a villen Hisiichten innovativ. Zum Beispill ass de Quartier quasi auto-fräi. A ronn zéng Joer wäert e ganz fäerdeg sinn, mat da méi wéi 2.000 Awunner.

auto_stories

4 min

Elo scho wunnen eng 100 Leit zu Elmen. Eng vun dësen Awunner duerfte mir treffen, fir een Abléck an den neie Quartier ze kréien.

Haiser aus Holz

Si wier ganz frou hei zu Elmen, seet si eis.

"Ursprénglech hunn ech zu Kielen gewunnt, mat mengem Meedchen an engem Appartement. Dunn hu mir hei vun deem Projet hei héieren, an dunn hu mir geduecht, dat wier awer flott, mol eng Kéier an engem Haus ze wunnen."

Hir Demande gouf akzeptéiert. Am Dezember ass si als eng vun den éischte mat hirer 16-Joer aler Duechter op Elmen geplënnert. D'Haus huet ongeféier 150 Meter Carré, véier Schlofzëmmeren, ee Living, eng Terrass an ee Gaart.

Hiert Haus ass, wéi all Haiser zu Elmen, gréisstendeels aus Holz, an huet eng gutt Energieeffizienz. Gehëtzt gëtt mat Wäermpompel an et si Solar Panneauen um Dag.

De Präis: Deemools ongeféier 600.000 Euro, Subventiounen abegraff. Eng 375 Haiser a grad esou vill Appartementer fir iwwer 2.000 Awunner entstinn an dräi Phasen op deem 27 Hektar groussen Terrain.

Déi jonk Leit an der Gemeng halen

Bei den Demande gi Leit aus de Gemenge Kielen a Käerch prioritär behandelt, esou de Kielener CSV Buergermeeschter Felix Eischen.

"Dat ass jo och e bëssen d'Philosophie vun deem Ganzen, wou mir soen, datt mir gär hätten, datt och jonk Leit, déi hei grouss goufen, awer an där deierer Gemeng hei zu Kielen d'Méiglechkeet kréien, hei ze bleiwen, an un eng Wunneng zu engem abordabele Präis ze kommen."

D'SNHBM ass Proprietäre vun den Terrainen. Beim Kaf vun enger Wunneng gëtt et ee Bail emphythéotique vu 99 Joer. D'Gemeng investéiert hirersäits an Infrastrukturen. Dorënner eng 45 Milliounen Euro fir eng nei Grondschoul, mat Maison relais, déi fir d'Rentrée 2024-25 soll opgoen.

Foto: Pierre Reyland

Elmen gëtt am Fong een neit Duerf, mat Supermarché, Butteker, engem Café a Brasserie.

Innovativ ass d'Mobilitéitskonzept. De Quartier ass quasi autofräi. Et kann een zwar kuerz bei d'Wunneng fueren, fir eppes ofzeliwweren zum Beispill. Mee eng privat Garage a Parkplaz gëtt et net. Den Auto parkt een an engem zentrale Parhaus.

Fir d'Awunnerin, bei der mir op Besuch sinn, war dëst keen Argument fir net heihinner ze plënneren.

"Vu mir bis an d'Parkhaus, ech hunn et gezielt, sinn et 120 Schrëtt. Dat ass also net terribel wäit."

Terribel wier par konter den Trafick a Kaméidi an hirer aler Wunneng zu Kiele gewiescht. Zu Elmen géifen d'Stroossen eben de Leit, a net den Autoe gehéieren. Wann een een Auto géing héieren, da wier dat mëttlerweil schonn ongewinnt. Dem Felix Eischen no wier dëst Konzept bei de Leit gutt ukomm. An datt d'Leit hei léiwer eleng géinge wunne géing och net stëmmen.

"A wat och gutt ass, et gouf ni gesot, do kréie mir esou e Quartier fir sech, wou vläicht Leit kommen, déi sech éischter méi ofkapselen an esou weider. D'Inklusiounsphilosophie war bei de Leit mengen ech ëmmer do."

Virurteeler iwwer d'Wunnen am neie Quartier

D'Awunnerin, déi mir am neie Quartier Elmen begéint hunn, huet awer do aner Erfarunge gemaach. Verschidde Leit hätte beim Konzept vun "abordabele" Wunnengen nach ëmmer vill Virurteeler. D'Leit hätten ëmmer nach am Kapp, datt wann een eppes vun der SNHBM keeft, datt dat da mannerwäerteg wier.

"Jo, an de Käpp vun de Leit ass och, lo gi mir mol e Sonndeg op Elmen kucken, wéi dat do ausgesäit. An da Sonndes, da kommen se a Scharen. D'Leit hunn dat am Kapp: "Wéi kanns du an dee Ghetto do wunne goen?", an da kommen se hei kucken..."

D'Leit géingen effektiv och d'Wuert "Ghetto" gebrauchen. Vu sou Leit géing si awer net vill halen, seet eis d'Awunnerin.

Foto: Pierre Reyland