Radioen

On air

Resonanzen  |  Giuseppe Maria Fanfani - Sonat fir Gei a Continuo a Ré Majeur, IV. Tempo Giusto - Scaramuccia

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ekonomesch Diversifikatioun an de Wahlprogrammer

Chamberwahlen 2018

Ekonomesch Diversifikatioun an de Wahlprogrammer

Wéi soll d'Wirtschaft weiderentwéckelt ginn a wéi soll de Standuert Lëtzebuerg diversifizéiert ginn? Wéi eng Secteure sollen an Zukunft hei am Land méi eng grouss Roll spillen? E Resumé vun de Virstellunge vun de Parteien zu dësem Thema.

auto_stories

5 min

Wat soen d'Parteien iwwer ekonomesch Diversifikatioun? De Serge Kesseler huet sech informéiert.

Clusteren, Digitaliséierung, Start-Uppen, gréng Technologien, Innovatioun, ICT oder Fintech: Dat si Begrëffer an Ofkierzungen, déi een an de Wahlprogrammer fënnt, wann een op d'Sich no den Iddie vun de Parteie geet, fir de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg virun ze entwéckelen, respektiv ze diversifizéieren.

CSV: Innovatioun als Standuertvirdeel

D'CSV versprécht Innovatioun als Standuertvirdeel an eng Wirtschaftspolitik fir nei Aktivitéiten ze fërderen. Am Wahlprogramm heescht et:

"Luxemburg muss eine Referenzplattform im Bereich von Digitalisierung und 'Robotics', 'Big Data' und 'Digital Storage', 'Coded Money' und 'Cyber Security' werden. Zukunftsträchtige Sparten, wie die Kreislaufwirtschaft und der Aufbau eines anerkannten 'HealthHub' müssen finanziell und fiskalisch gefördert werden."

Zu de Clusteren, op déi weider misst gesat ginn, géifen och d'Weltraumtechnologie gehéieren. Bei de Start-Up-Entreprisë gesäit d'CSV zum Beispill Potential am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz. Donieft wëllt d'Oppositiounspartei den Opbau vun neie Secteuren am Finanzberäich ënnerstëtzen.

DP: Diversifikatioun ausbauen

Ähnleches fënnt een am DP-Programm fir d'Wahlen de 14. Oktober:

"Die DP wird die Diversifikation innerhalb der Finanzwirtschaft ausbauen, beispielsweise durch die gezielte Ansiedlung von Fintech-Unternehmen. Zudem muss die Diversifikation unserer Gesamtwirtschaft konsequent weidergeführt werden. Die DP setzt auf die Entwicklung von Wirtschaftszweigen mit hohem Mehrwert und grosser Innovationskraft."

D'DP wëllt mat den Efforten an der Digital-Wirtschaft virufueren. Den ICT-Standuert soll weider ausgebaut ginn. Gezielt fërdere wëllt d'Demokratesch Partei donieft gréng Technologien.

déi gréng: eng gréng Ekonomie

Déi gréng Ekonomie virubrénge wëllt och eng aner aktuell Majoritéitspartei: déi gréng.

"Die ökologische Modernisierung unserer Wirtschaft birgt das Potential neue Arbeitsplätze zu schaffen. Die Transition zu einer grüneren Ökonomie braucht die Talente von Menschen aus allen Wirtschaftsbereichen: von Ingenieur*innen und Programmierer*innen zu Handwerker*innen und Bauarbeiter*innen."

Als Job-Motor an als wichteg fir d'Diversifizéierung gesinn déi gréng Start-Uppe grad wéi kleng- a mëttelgrouss Betriber.

déi Lénk: Kompetenzpole schafen

Op dës PMEe setzt och déi Lénk an hire wirtschaftspolitesche Prioritéiten.

"Die Wirtschaftspolitik muss Kompetenzpole schaffen, die zu einer breiten Diversifizierung führen und aus dem Potential der kleinen und mittleren Unternehmen aufbauen, sowie auf der Förderung unabhängiger EntwicklerInnen."

ADR: rechtlechen a steierleche Kader verbesseren

Bei der ADR geet de Spektrum vun den Iddien am Wahlprogramm vun enger Prioritéit fir Lëtzebuerger Betriber, iwwer d'Sozial- a Solidarwirtschaft bis hin zu de Start-Up-Entreprisen.

"Nieft den traditionelle Betriber am Handwierk, Commerce an Horesca däerf Lëtzebuerg den Zuch vun der neier Ekonomie net verpassen. Och hei muss de rechtlechen a steierleche Kader verbessert ginn, fir déi vill Start-Up-Entreprisen - déi et et scho gëtt, an déi nach gegrënnt ginn, besser ze ënnerstëtzen."

LSAP: Kompetenz-Clusteren ausbauen

D'LSAP schléit vir, d'Kompetenz-Clusteren, déi et scho ginn, weider auszebauen: Dozou gehéieren d'Logistik, Automobil, d'Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien a Biotech. Méi generell heescht et am LSAP-Programm:

"Luxemburg kann nicht ausschliesslich auf den Dienstleistungsektor setzen. Zu einer breit aufgestellten, stabilen Wirtschaftsstruktur gehören auch Handwerks- und Industriebetriebe, die Arbeitsplätze für unterschiedliche Berufe und Talente anbieten. Luxemburg muss auch ein Industrie- und Produktionsstandort bleiben."

Piratepartei: Wirtschaft op nei Bee stellen

D'Piratepartei huet an hirem Programm d'Iddi stoen, datt aus Lëtzebuerg eng vun den Top-5-Plazen op der Welt soll ginn, wat d'Attraktivitéit vun de Firmegrënnungen ugeet. Donieft soll d'Wirtschaft op nei Bee gestallt ginn, schléit d'Piratepartei vir.

"Nei Secteure wéi Logistik, Kommunikatiounstechnologien oder Biotechnologie mussen erschloss ginn. (...) De Potential am Gesondheetsberäich ass enorm an d'Piratepartei mengt, datt weider Efforte mussen ënnerholl gi fir dee Beräich als Innovatiounsberäich ze fërderen."

KPL: Anescht wirtschaften

An eng ganz aner Richtung, wéi d'Virschléi vun deenen anere Parteie geet et bei der Kommunistescher Partei. Der KPL no misst "anescht gewirtschaft" ginn, mat enger Verstaatlechung vu grousse Betriber a Banken. D'Wirtschaft soll sech un de Besoine vun de Mënschen orientéieren, heescht et am kommunistesche Wahlprogramm.

"Um dieses Ziel zu erreichen, muss die Macht des Gross- und Finanzkapitals, die sich aus den bestehenden Besitzverhältnissen ergibt, gebrochen und durch kollektives Eigentum und demokratische Kontrolle der Wirtschaft und des Staates durch die Schaffenden ersetzt werden."

Nieft der CSV an der DP wëllen och d'LSAP an déi gréng de Finanzsecteur weiderentwéckelen, respektiv weider diversifizéieren. D'ADR versprécht d'Finanzplaz um internationale Plang konsequent ze verdeedegen. déi Lénk wëlle sech dogéint fir eng Exit-Strategie aus de besonnesch schiedleche Steiernische vum Secteur asetzen, ouni awer een direkten a brutalen Ofbau vun der Finanzplaz ze fuerderen, wéi et am Programm fir d'Chamberwahlen de 14. Oktober heescht.