Eisträich Éisträichesch Gréng tëschent Koalitiounsräson a Grondwäerter
An Éisträich gi sech déi zwou Regierungsparteien net eens an der Fro, ob d'Land soll Mënschen aus dem ofgebrannte Flüchtlingslager Moria op der griichescher Insel Lesbos ophuelen. Déi konservativ ÖVP vum Bundeskanzler Sebastian Kurz ass géint esou e Schratt a wëllt amplaz Hëllef a Griichenland schécken. De grénge Koalitiounspartner ass fir d'Opnam vu Flüchtlingen, konnt sech bis ewell awer net domat duerchsetzen a muss sech dofir elo vis-à-vis vun der eegener Basis rechtfertegen.
E Samschdeg de Moie schonn hat den éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kurz sech iwwer Facebook un d'Ëffentlechkeet adresséiert. Hie wéisst sech hei schockéiert iwwer d'Situatioun op der griichescher Insel Lesbos - eng Opnam vu Flüchtlingen aus dem ofgebrannte Lager kéim awer net a Fro.
"Und wenn wir diesem Druck jetzt nachgeben, dann riskieren wir, dass wir dieselben Fehler machen, wie im Jahr 2015. Wir riskieren, dass sich Menschen falsche Hoffnungen machen, nach Griechenland aufbrechen - das Schleppergeschäft floriert - und wieder unzählige Menschen im Mittelmeer ertrinken. Dieses menschenunwürdige System aus 2015 kann ich mit meinem Gewissen nicht vereinbaren."
Mëttlerweil hu sech eng Partie EU-Staate bereet erkläert Flüchtlingen aus Moria opzehuelen - Éisträich gehéiert net dozou. Dëst huet bei verschiddene Politiker an der EU fir Erstaune gesuergt - net wéinst dem Sebastian Kurz, dee fir seng haart Linn an der Migratiounspolitik bekannt ass - mee wéinst sengem Koalitiounspartner, deene Gréngen.
Déi Gréng konnte sech bis elo net duerchsetzen
Déi sinn zwar dofir, datt Éisträich Mënschen aus Moria ophëlt, konnte sech bis elo awer net duerchsetzen. Esou och de Constat vun der grénger Fraktiounscheffin Sigrid Maurer am Interview mam ORF.
"Wir sind laufend in Diskussion mit der ÖVP, leider beissen wir da auf Granit."
Déi éisträichesch Gréng verteidegen hir Koalitioun mat de Konservativen dacks domat, datt si eng weider Regierungsbedeelegung vun der riets-nationaler FPÖ verhënneren an doduerch fir eng méi sozial Politik kënne suergen. Datt si sech grad an dëser Fro net kënnen duerchsetzen, bréngt d'Partei a Schwieregkeeten vis-à-vis vun hirer Wielerschaft. Ee grénge Lokalpolitiker ass souwäit gaangen, seng Parteikolleegen opzefuerderen, sech entweder duerchzesetzen oder d'Koalitioun opzeléisen.
Koalitiounsräson am Widdersproch mat den eegene Grondwäerter
De grénge Vize-Kanzler Werner Kogler weist sengersäits an engem Interview op d'Hëllef hin, déi Éisträich elo op d'Plaz schéckt. Et géif een och weider probéieren, mam konservative Koalitiounspartner iwwer eng Opnam vu Flüchtlingen ze diskutéieren.
"Es ist ja ganz offensichtlich, dass immer mehr Menschen, beziehungsweise immer mehr Bürgermeisterinnen und Bürgermeister, etwa von der ÖVP, kirchliche Organisationen, katholische, evangelische, viele Hilforganisationen in diese Richtung arbeiten."
Ob den Drock aus der Zivilgesellschaft um Enn duergeet, fir de Sebastian Kurz ze iwwerzeegen, muss sech nach weisen. Fir déi Gréng an Éisträich ass et op alle Fall déi bis ewell stäerkste Prouf, zanter datt si zu Wien an der Regierung setzen: Nach ni stounge d'Koalitiounsräson an déi eege Grondwäerter esou staark am Widdersproch.