Déi intern Nott läit der franséischer Zeitung Le Monde vir a gouf dës Woch op enger informeller Reunioun mat Vertrieder aus den 28 EU-Länner presentéiert.
Wien geet an deem Pabeier dovun aus, datt d'EU 2015 d'Kontroll iwwer d'Situatioun verluer huet a proposéiert, iwwer een neie "Protektiounssystem" nozedenken, an deem guer keng Asyl-Demandë méi bannen der EU gestallt ginn.
Den australesche Modell fir d'EU?
Dës Propos fält net vum Himmel, well wann et ëm d'Migratiounspolitik geet, huet sech de Sebastian Kurz, deen zanter Dezember zejoert Bundeskanzler an Éisträich ass, och scho virdru positiv op den australesche Modell bezunn. Deen ass Synonym dofir, datt Schëffer mat Refugiéen ëmgedréint ginn.
Datt een, deen Europa op deem Gebitt op een anere Kurs brénge wëllt, elo mat senger Regierung d'Presidence vun der Europäescher Unioun iwwerhëlt, mécht verschidde Leit Suergen. Dat gouf dës Woch däitlech, wéi de Sebastian Kuerz zu Stroossbuerg am Europaparlament d'Prioritéite vun där Presidence presentéiert huet.
All sechs Méint wiesselt d'Presidence vun der EU. En halleft Joer laang ass à Tour de rôle eng aner Regierung dofir zoustänneg d'Reuniounen op europäeschem Niveau ze preparéieren an ze leeden.
Éisträich wëllt Brécke bauen
Den Éisträicher huet do probéiert, aner Téin unzeschloen: "An de leschte Jore sinn an der EU ëmmer méi Tensiounen entstanen, mir als Éisträicher wëllen hei probéiere Brécken ze bauen. Dat ass dat grousst Zil vun eiser Presidence."
Ausgerechent Éisträich als Bréckebauer? Am Debat am Europaparlament bréngt de Kommissiounspresident seng Bedenke verpaakt mat e bësse Lokal-Colorit eriwwer. Éisträich sollt "positiv, vu Verhandlungs-Charme gedriwwe" Léisungsproposen op den Dësch leeën, op den Teller géifen awer net nëmme Wiener Schnitzel gehéieren, esou de Jean-Claude Juncker.
Eng virsiichteg Warnung also vum Kommissiounspresident, deen op europäeschem Niveau ee Parteikolleeg vum Sebastian Kurz ass. Fir Verschiddener an der Europäescher Vollekspartei trëfft den Éisträicher de richtegen Toun.
Bedenken a Bewonnerung am Europaparlament
De Chef vun där Fraktioun am Europaparlament zum Beispill, de Manfred Weber, begréisst et, datt Éisträich als Motto: "een Europa dat protegéiert", gewielt huet an am Migratiounsdossier virun allem op d'Protektioun vun de Baussegrenze setzt. De Sebastian Kurz hätt do déi voll Ënnerstëtzung vun der EVP.
D'Sozialisten hunn hirersäits vun enger "Orbaniséierung" geschwat. Fir hire Chef, den Udo Bullmann, ass de Fait, datt Éisträich Zaldoten op d'Grenz mat Slowenien geschéckt huet, een Zeechen dofir. "D'EU trëtt an eng Politik vun der Angscht an", seet hien.
Um riets extreme Bord ass par konter d'Hoffnung do, datt de Sebastian Kurz d'EU-Geschäfter ënner deem nämmlechte Motto féiert, wéi bis elo seng Kanzlerschaft.
"Vill Leit aus mengem Land setze grouss Hoffnungen op Iech perséinlech, well Dir hutt, zanter datt Dir Kanzler sidd, Är Annoncë vu virdrun och ëmgesat", seet d'Ulrike Trebesius vun der Liberal-Konservativ Reformer-Partei, enger Ofspaltung vun der däitscher AfD.
Mee déi Duerstellung, d'EU géif d'Migranten net Meeschter ginn, trëfft och op Kritik. "Hei gëtt eng politesch Kris um Réck vu Migranten ausgedroen", fënnt de liberale Guy Verhofstadt. Et sollt een Zuele kucken, éier een de Leit Angscht mécht: 2015 koume méi wéi eng Millioun Flüchtlingen iwwer d'Mëttelmier, dëst Joer bis elo 45.000. "Dat sinn 0,07 Prozent vun de Migranten op der ganzer Welt. Vu wat schwätze mir also hei?", freet hien. "Datt eenzegt, bei deem sech d'Staats- a Regierungscheffen eens kënne ginn, ass datt jidderee seet: Net bei mir!"
"Achse der Willigen" ass scho gebrach
Tatsaach ass, datt déi "Achse der Willigen", vun där de Sebastian Kurz nach virun e puer Woche geschwat huet, scho gebrach ass. Hie wollt eng Zesummenaarbecht vu Roum iwwer Wien op Berlin an der Migratioun. Wéi dunn awer Däitschland mat der Demande koum, Refugiéen zeréck an Éisträich ze schécken, war Wien manner begeeschtert.
De Jean-Claude Juncker sot, datt hien e fundamentalen Ënnerscheed gesäit tëscht der aktueller éisträichescher Regierung an där vum Joer 2000. Deemools war och d'FPÖ mam Jörg Haider dobäi. An dat hat am Géigendeel zu haut fir vill Opreegung der EU gesuergt. "Den Ënnerscheed besteet doran, datt d'Regierung Kurz ee Programm virgeluecht huet, dee kloer pro-europäesch ass. Dat war am Joer 2000 anescht". Déi nei Regierung géif awer keen Ulass ginn, sech Suergen ze maachen.
Éisträich kéint Dossiere leie loossen
D'Fro ass, ob Éisträich verschidden Dossiere verhandele wëllt. Um leschten EU-Sommet hat d'Land sech dofir agesat, datt fir d'Reform vum europäeschen Asylsystem an de Konklusioune keen Datum festgehale gëtt - an och datt do déi éisträichesch Presidence net als zoustännegen Negociateur ernimmt gëtt.
Déi néideg Decisiounen iwwer déi Reform missten esou séier wéi méiglech geholl ginn, sot souwuel de Jean-Claude Juncker wéi och de Parlamentspresident Antonio Tajani. De Sebastian Kurz huet dozou guer näischt gesot.