arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischten Doudesfall zu Lëtzebuerg

Coronavirus

|
reading time

4 min

Éischten Doudesfall zu Lëtzebuerg

Et gëtt en éischten Doudesfall wéinst dem Coronavirus zu Lëtzebuerg. Ee 94-järegen ass un de Suitte vun der Covid-19-Krankheet gestuerwen. D'Zuel vun den Infektiounen ass op 34 geklommen, esou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert um 18 Auer op enger Pressekonferenz.

reading time

4 min

All aktuell Entwécklungen ëm de Coronavirus fannt Dir an eisem Liveticker

Déi Annonce huet d'Paulette Lenert op enger Pressekonferenz, zesumme mat der Familljeministerin Corinne Cahen a mam Transportminister François Bausch gemaach. Beim Verstuerwene géif et sech ëm e 94-järege Patient handelen, deen an engem kriteschen Zoustand war, esou d'Gesondheetsministerin. D'Zuel vun den Infektioune wier iwwerdeems op 34 geklommen.

Op der Pressekonferenz huet d'Familljeministerin Corinne Cahen nach eng Kéier betount, datt et wichteg wier, déi vulnerabel Leit am Land ze schützen. Si seet de Mataarbechter aus dem Gesondheetssecteur Merci. "Déi Leit maachen eng ganz haart Aarbecht." D'Familljeministerin freet Versteesdemech, wann d'Ofleef net esou séier gi wéi gewinnt.

Méi wéi 400 Leit goufe bis elo getest

Stand gëschter goufe 400 Leit op de Coronavirus getest, d'Paulette Lenert geet dovunner aus, datt een haut bei 500 Tester wier. Eng genee Zuel konnt si net nennen. Momentan géifen d'Tester vun der Inspection sanitaire gemaach ginn, mee et wier een a Kontakt mat Privatlaboen, datt déi dës Tester och maache kënnen.

D'Richtlinn wier, wéi gëschter schonn annoncéiert, fir d'Moyene geziilt anzesetzen, also just bei vulnerabele Leit. Gëschter hat d'Paulette Lenert gesot, datt Lëtzebuerg e verhältnisméisseg gudde Stock un Tester hätt, mee et hätt een net onendlech vill Tester.

Ee Minimum u Kontakt mat vulnerabele Leit

Wéi gëschter schonn annoncéiert huet d'Corinne Cahen nach eng Kéier annoncéiert, datt Visitten an Alters- a Fleegeheemer verbuede sinn. D'Personal, dat Symptomer weist, sollen doheem bleiwen. D'Hygièneinstruktioune sollen agehale ginn.

Am Beräich vun de Behënnerte géif vu Fall zu Fall entscheet ginn, wéi ee virgeet, esou d'Corinne Cahen. Net jiddweree mat engem Handicap wier vulnerabel.

De Kontakt mat eeleren a vulnerabele Leit soll ee sou wäit wéi méiglech ënnerbannen. D'Familljeministerin betount awer, datt een déi Leit net sollt eleng loossen, si sollen net isoléiert ginn. "Déi ganz Gesellschaft muss zesummenhalen."

Och d'Sans-abrie wiere vulnerabel Leit, seet d'Corinne Cahen, a "mir wäerten eis weider ëm si këmmeren". An der Wanteraktioun goufen d'Hygiènemoossname eropgesat, et géif méi dacks gebotzt ginn. An den Dortoire solle manner Leit schlofen, d'Leit solle méi opgedeelt ginn, esou d'Familljeministesch.

Call Center gëtt opgestockt

D'Hotline vum Gesondheetsministère wier nach ëmmer iwwerlaf, seet d'Paulette Lenert. De Call Center soll awer méi Personal kréien, seet d'Gesondheetsministerin. Am Laf vum Dag gouf schonn annoncéiert, datt d'Personal vun der Militärmusek d'Hotline wäert ënnerstëtzen.

Et géif iwwerdeems en neie Call Center ageriicht ginn. Muer soll een um Site vum Gesondheetsministère nei Informatioune fannen.

Aschränkungen am ëffentlechen Transport

Den François Bausch huet annoncéiert, datt den ëffentlechen Transport wäert ageschränkt ginn. Déi viischt Dier vun de Busser wäert zoubleiwen an déi éischt Reie wäerten net fir Passagéier disponibel sinn. Den Transportminister seet deene Leit Merci, déi am ëffentlechen Transport schaffen. Och wann d'Frequenz vun de Busser wäert erofgeschrauft ginn, misst een d'Mobilitéit assuréieren.

Den Adapto-Service wäert och weider funktionéieren, och wann ee Bedenken hätt. D'Chauffere wieren an enkem Kontakt mat de Passagéier, déi dacks vulnerabel wieren. Den Adapto-Service wier awer dacks déi eenzeg Méiglechkeet, fir datt déi Leit mobil sinn.

Och d'CFL wäert hire Service zeréckschrauwen, seet de François Bausch. Zich wäerte manner reegelméisseg fueren, an de Spëtzenzäite soll de Service awer assuréiert ginn. Och den Tram wäert manner dacks fueren: all 5-7 Minutte soll en awer fueren.

Fir Informatioune soll een op de Site vun der CFL, vu Luxtram oder vun der Mobilitéit kucken goen. Alternativ kéint een och bei der Hotline vun de verschiddene Servicer uruffen. De François Bausch seet och, datt d'Donnéeë vun den Affichen oder de verschiddenen Appen wéinst der Ausnamesituatioun net ëmmer zu 100 Prozent korrekt kéinte sinn.

D'Guicheten am Transportministère bleiwen op, mee de François Bausch mécht den Opruff, just am Noutfall dohin ze goen. D'Leit sollen hir Demarchen sou wäit et geet iwwer Telefon oder iwwer Internet maachen.

Et feelt u "Manpower" fir d'Regaler opzefëllen

D'Corinne Cahen sot iwwerdeems och, datt de Stock vun de Supermarchéë grouss genuch wier, et géif also kee Grond zur Panik ginn. Et géif just u "Manpower" feelen, fir d'Regaler opzefëllen. De Policeminister François Bausch huet den Appell un d'Leit gemaach, fir sech "u minimal disziplinaresch Reegelen" ze halen. D'Police wier vill am Asaz géif vill gebraucht ginn.