Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Éischte Joresdag-Krich vun der Ukrain

Lukraine asbl

Éischte Joresdag-Krich vun der Ukrain

Un den éischte Joresdag vum Ufank vum russeschen Ugrëffskrich géint d'Ukrain gouf (haut) och an der polnescher Ambassade um Lampertsbierg erënnert. An de Riede goung et ëm d'Solidaritéit mat der Ukrain, russesch Krichsverbriechen an dësem Krich an ëm d'Hoffnung op eng Victoire vun der Ukrain.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Fir d'Hëllef a fir déi militäresch Ënnerstëtzung fir d'Ukrain, huet d'Natalia Anoshyna vun der ukrainescher Ambassade zu Bréissel Lëtzebuerg bei dëser Geleeënheet Merci gesot. Donieft huet si d'Hoffnung zum Ausdrock bruecht, datt d'Ukrainer dru gleewen, datt hiert Land de Krich wäert gewannen.

Ukrain laangfristeg ënnerstëtzen

Et wéisst een, datt et net just e Krich vu Russland géint d'Ukrain wier, mee och géint Europa, seng Stabilitéit a seng Wäerter, esou d'Vertriederin vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg Anne Calteux. Et géif dorëm goen, d'Ukrain laangfristeg ze ënnerstëtzen.

"Wann ech soe laangfristeg Basis, denken ech dorun der Ukrain d'Mëttel ze gi fir dës Natioun erëm opzebauen, fir eng laangfristeg Perspektiv ze hunn, och fir EU-Memberstaat ze ginn."

Un d'Verdéngschter vu sengem Land, mee och un déi vun den USA, der NATO an ë.a. der Europäescher Unioun wéinst dem Krich, huet de polneschen Ambassadeur Piotr Wojtczak erënnert. Si wieren all fest dovun iwwerzeegt, datt dank enger staarker euroatlantescher an aktiver Solidaritéit déi gesamt Ukrain geschwë wäert fräi sinn.

Krichsverbriechen als Genoziden unerkennen

An der polnescher Ambassade hate sech weider Ambassadeure versammelt, dorënner dee vun den USA a vun enger Rei europäesche Staaten. De President vun der asbl. LUkraine Nicolas Zharov huet verlaangt:

"Mir drängen d'Frënn vun der Ukrain, ech adresséiere mech un är Regierungen, fir Russland als ee Staat ze bezeechnen, deen Terrorismus sponsert, a fir déi russesch Krichsverbriechen an der Ukrain als ee Genozide um ukrainesche Vollek unzëerkennen."

Donieft war et um Joresdag vum Krichs-Ufank dësen Appell vum President vu LUkraine fir zesummen ze halen, staark ze bleiwen an zu der Ukrain ze stoen.