Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Art Feynman - Desperately Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischt Simulatioune fir de Verlaf vun der Pandemie

Coronavirus

Éischt Simulatioune fir de Verlaf vun der Pandemie

Fuerscher hu berechent, wéi vill Infektiounen, Intensivpatienten an Doudesfäll ze erwaarde sinn - wann een de Lockdown bäibehält oder ophieft, respektiv wa just d'Chantieren nees opginn. Ee séiere Retour an d'Normalitéit géif vill Mënscheliewe kaschten.

auto_stories

6 min

Ee multidisziplinäre Fuerschergrupp schafft aktuell op de statistesche Pandemie-Prognosen. Bedeelegt sinn ënner anerem d'Uni Lëtzebuerg an de Luxembourg Institute of Health. Déi éischt Simulatioune goufen elo publizéiert.

Consideréiert gi fënnef Zeenarioen, iwwer een Zäitraum bis Enn vum Joer 2020:

  1. D'Bäibehale vum Lockdown
  2. D'Enn vum Lockdown op de 4. Mee
  3. D'Ouverture vun de Chantieren op den 20. Abrëll
  4. D'Ouverture vun de Chantieren op den 20. Abrëll mat Tester a 25-prozenteger Effizienz beim Tracing vu Kontaktpersounen
  5. D'Ouverture vun de Chantieren op den 20. Abrëll mat Tester a 50-prozenteger Effizienz beim Tracing vu Kontaktpersounen

Wéi eng Hypothese fir déi jeeweileg Zeenarioe genee gëllen, gëtt net erkläert: D'Date goufen ouni weider Kontextualiséierung publizéiert.

Komplette Lockdown

Wann de Lockdown géif bäibehale ginn, géif d'Zuel vun Neiinfektioune vu Juli u quasi stagnéieren. Am Ganze géife sech - dem Mëttelwäert no - dëst Joer dann eng 70.000 Leit ustiechen. D'Zuel vun den Intensivpatienten an de Spideeler géif vun elo un ëmmer weider zeréckgoen. D'Zuel vun den Doudesaffer géif bei ënner 200 bleiwen. Déi optimisteschst, respektiv pessimisteschst Projektioune léiche bei 95 bis 390 Doudesaffer.

Och an dësem Zeenario ginn et awer nach Nei-Infektiounen, eréischt am Juli kéim et zu enger Stagnatioun. Den Alexander Skupin erkläert:

"Der leichte Anstieg liegt daran, dass wir nach wie vor in den Supermarkt zum Beispiel gehen. Oder dass es innerhalb von Familien dann doch einmal den Besuch bei der Tante gibt, wo man dann den Virus weitergeben kann. Und das ist dann direkt mit diesem wichtigten Reproduktionszahlwert gelinkt. Das heißt, wir sind zwar dabei die Reproduktionszahl zu drücken, aber sie ist eben nicht bei Null. Nach wie vor steckt ein positiver Fall nicht-infizierte Personen an."

Stop vum Lockdown

Wann de 4. Mee all d'Confinementsreegele géifen opgehuewe ginn - an d'Leit och keng aner Precautioune méi géifen huele wéi Distanzhalen oder Maskendroen - da géifen d'Neiinfektioune bis August staark klammen an duerno stagnéieren.

Dëst Joer géife sech dann tëschent 345.000 an 427.000 Mënschen ustiechen. Op den Intensivstatioune léichen dann zum Héichpunkt Enn Juni, Ufank Juli bis zu 200 Patienten. D'Zuel vun de Covid-Doudesaffer léich dëst Joer da bei 1.875. Woubäi déi optimisteschst Schätzung bei ronn 1.470 an déi pessimisteschst Schätzung bei 2.246 Doudesaffer läit. Den Alexander Skupin:

"In diesem Fall würde sozusagen die Epidemie voll durchlaufen. Der Virus würde den Großteil der Bevölkerung befallen und diese Herdenimmunität auftreten und damit die Epidemie zum Stoppen bringen. Was erstmal als ein interessantes Konzept erscheint, was aber leider auch mit einer starken Anzahl der Todesfälle begleitet, weswegen das jetzt nicht unbedingt unser präferiertes Szenario ist."

Um Ufank vun der Epidemie hei am Land war den Epidemiolog vum Staatslabo, Joël Mossong, nach vu bis zu 4.500 Doudesaffer ausgaangen, wann een d'Verbreedung vum Virus net géif bremsen. Mëttlerweil hätt ee besser Donnéeën doriwwer, wéi d'Fallzuelen an d'Doudesfäll korreléieren, esou den Alexander Skupin.

Deconfinement ouni wichteg Begleetmesuren

Zanter dem 20. Abrëll sinn d'Chantieren nees op, wat de Retour vu 63.000 Aarbechter bedeit. D'Fuerscher hunn dësen Zeenario consideréiert, awer mat der Hypothees, et géife keng Tester vu Persoune mat Symptomer a keen Traçage vu Kontaktpersoune vun Infizéierte gemaach ginn - wat d'Quarantän vun ustiechende Mënsche staark erschwéiert.

Esou géif sech déi projezéiert Zuel vun Infektiounen am Verglach zum Bäibehale vum komplette Lockdown verduebelen, op ee Mëttelwäert vun 140.000.

D'Zuel vun Intensivpatiente klëmmt och: Enn Juli wieren da mat bal 90 Patienten op der Intensivstatioun ze rechnen. Eisen Informatiounen no läit dee kritesche Seuil fir d'Belaaschtung vum Gesondheetssystem bei ëm déi 100 Intensivpatienten. Et ginn zwar däitlech méi Better a bis zu 300 Beotmungsmaschinnen, mee d'Personaldecke kéint enk ginn, wa wärend e puer Woche méi wéi 100 Covid-Intensivpatiente musse behandelt ginn.

An et géifen eng 380 Leit stierwen. Och dëst si jeeweils d'Mëttelwäerter an net d'Best- oder Worst-Case-Zeenarioen.

Deconfinement mat Tester an Traçage

Wann awer méiglechst vill gestest gëtt, an och Kontaktpersoune vun enger Covid-positiver-Persoun retraçéiert ginn, fält de Zeenario vun der Reouverture vun de Chantiere besser aus. Wann den Traçage et erlaabt all véiert Ustiechung effektiv ze detektéieren, kéim een op ronn 120.000 Infektiounen, ee Pic vu bal 80 Intensivpatienten Enn Juni an 330 Doudesaffer bis Enn des Joers.

Wann den Traçage et erlaabt d'Hallschent vun den Ustiechungen ze detektéieren, fält d'Prognos nach besser aus: D'Zuel vun den Infektioune géif ënner 100.000 bleiwen, d'Zuel vun Intensivpatiente géif bis Enn Mee op maximal 55 klammen, a bis Enn des Joers wier mat 250 Doudesaffer ze rechnen.

Perfekt ass awer och de System vum Testen a Retracéieren net, sou datt een dovunner ausgeet, datt eleng d'Reouverture vun de Chantiere fir eng Hausse vun den Neiinfektiounen nach bis an de Juli suergt. Den Alexander Skupin:

"Das völlige Ausmaß, inwieweit diese teilweise Öffnung sich niederschlagen wird, wird man sicher erst innerhalb der nächsten Wochen bis Monaten sehen. Aber wir denken schon, dass wir in zwei Wochen erste Ansatzpunkte aus den Daten generieren können, inwieweit sich diese partielle Öffnung in den Fallzahlen niederschlägt."

Donkelziffer: Theoretesch Berechnung

D'Chercheure ginn an hire Modeller dann och dovunner aus, datt sech dem Mëttelwäert no eng 30.000 bis 40.000 Leit hei am Land scho mam neiaartege Coronavirus ugestach hunn. D'Donkelziffer wier also gutt zéng Mol méi héich wéi d'Zuel vun de bis ewell confirméierte Fäll: 3.017 Residente goufe bis de 26. Abrëll positiv op den neie Coronavirus getest. Dëser theoretescher Berechnung no hätte ronn fënnef bis siwe Prozent vun der Populatioun scho Kontakt mam Virus gehat.

Den Alexander Skupin vun der Uni Lëtzebuerg erkläert, wou dës Berechnung hierkënnt:

"Die Annahme beruht darauf, dass wir in anderen Ländern auch gesehen haben, dass der Virus wesentlich verbreiterter ist. Das heißt, dass man Personen hat, die einen asymptomatischen Verlauf haben, die nie die Krankheitsmerkmale aufweisen, aber trotzdem infiziert waren. Und um das in diesem epidemiologischen Modell zu berücksichtigen, haben wir einen Faktor zwischen fünf und zehn angenommen, der jetzt aus Literaturwerten grob abgeschätzt ist. Aber diese Zahl ist auch wesentlich davon abhängig, wie getestet wird. Je mehr man testet, umso größer ist die Wahrscheinlichkeit, dass man auch diese asymptomatischen Verläufe findet. In neueren Simulationen konnten wir diesen Wert jetzt auch leicht nach unten korrigieren."

Wéi geet et weider?

D'Simulatioune gi lafend aktualiséiert, wann d'Datelag sech verbessert.

Nach net publizéiert sinn d'Berechnungen, wéi een Impakt déi annoncéiert Reouverture vun de Schoulen a spéider och de Spillschoulen a Crèchen op de Verlaf vun der Pandemie kéint hunn.

Eng Visualisatioun vun de publizéierten Zeenarioe fannt Dir hei.