Radioen

On air

Resonanzen  |  Giovanni Battista Sammartini - Sinfonie a La Majeur, JC. 60, III. Allegro Brillante - Accademia d'Arcadia, Alessandra Rossi Lürig (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischt Schëff aus der Ukrain um Wee fir an de Libanon

Nom Kären-Deal

Éischt Schëff aus der Ukrain um Wee fir an de Libanon

Dat éischt Fracht-Schëff mat 26.000 Tonne Mais aus der Ukrain ass ënnerwee an de Libanon. Zur gläicher Zäit dreet Russland op en Neits domat, sech net un den Accord iwwer Käre-Liwwerungen aus der Ukrain ze halen. Moskau behaapt, de russeschen Export vu Kären, Liewensmëttel an Dünger wier duerch westlech Sanktioune massiv behënnert.

auto_stories

2 min

D'Schëff Razoni. Foto: Yulii Zozulia / Avalon

Lauschterenplay_arrow


Vun europäescher Säit war den Depart vum Schëff mam Numm Razoni e Méindeg vum ukraineschen Hafen Odessa ausdrécklech begréisst ginn.

"E gudden éischte Schratt"

Den Depart war annerhallef Woch nodeem Moskau säi Blockage opginn huet, an een Export-Accord fir ee sécheren Transport vun ukrainesche Kären an aneren Agrarproduiten aus der Ukrain eraus fonnt gouf.

De Peter Stano, Spriecher vun der Europäescher Kommissioun, begréisst dës Entwécklung och:

"Dat ass e gudden éischte Schratt - fir déi global Liewensmëttel-Kris ofzeschwächen, déi vun der russescher illegaler Aggressioun ausgeléist gouf, nodeem Russland Häfe blockéiert an en plus Felder oder Siloen an der Ukrain zerstéiert huet."

Elo géif een drop waarden, datt dee ganzen Accord kann ëmgesat ginn, an aner Transporter mat ukrainesche Kären an d'ganz Welt kënnen organiséiert ginn, esou de Peter Stano.

Libanon als Destinatioun fir Kären-Export

Libanon gouf als Zil gewielt, well et eent vun deene Länner ass, dat largement vun Importer aus der Ukrain ofhänkt an den Ament an enger déiwer Kris stécht, déi duerch de Krich an der Ukrain verschäerft gouf.

D'Land hätt d'lescht Woch eng Liwwerung mat Käre refuséiert, déi an der Ukrain geklaut gi waren a mat der Hëllef vu Russland per Schëff an de Libanon transportéiert goufen, erkläert de Spriecher vun der Europäescher Kommissioun. Deemno wier et gutt, datt Libanon elo d'Destinatioun fir ee korrekten Export aus der Ukrain wier.

D'Schëff soll en Dënschdeg spéit zu Istanbul vu Vertrieder vun der Ukrain, Russland, der Tierkei an de Vereenten Natiounen inspizéiert ginn an da viru fueren.

Zukunft vum Kären-Transport nach ongewëss

Et ass net gewosst, wéini déi nächst Liwwerungen op de Wee bruecht ginn.

Onkloer ass och nach, ob sech Moskau un den Accord hale wäert a prett ass, déi Sécherheets-Couloiren effektiv ze respektéieren.

Well dat wackeleg ass gëtt et Stëmmen, notamment vum däitsche Landwirtschaftsminister Cem Özdemir, déi opruffe fir aner Weeër ze sichen, fir déi Millioune Kären, déi nach an der Ukrain lageren, aus dem Land ze kréien.