CSV an LSAP Éischt Kandidature fir Spëtzeposte bei CSV an LSAP

Bei der CSV kandidéiert de Felix Eischen fir de Poste vum neien CSV Generalsekretär. Hie géif seng Kandidatur haut areechen, huet den Député-Maire vu Kielen eis confirméiert. Haut ass dee leschten Delai fir d'Kandidaturen anzereechen. Den CSV Generalsekretär vu bis elo, Laurent Zeimet, muss d'Amt, de Statute no, fräi ginn.

Maurice Molitor / cz / cbi

Franz Fayot a Félix Eischen
Franz Fayot (LSAP) a Felix Eischen (CSV)

Wie neie Generalsekretär an neie President vun der CSV gëtt soll de 26. Januar an engem Vott um Nationalkongress zu Mutfert decidéiert ginn.

Den CSV President vu bis elo, Marc Spautz, hat am Dezember annoncéiert, datt hien net méi fir de Posten zur Verfügung steet. De Frank Engel, CSV Europadeputéierten, hat dem radio 100,7 deemools gesot, hie wier um Posten intresséiert. De Serge Wilmes, Deputéierten a Stater Schäffen, huet sech bis elo nach net festgeluecht.

Franz Fayot wëllt Parteipresident ginn

Bei der LSAP wier den Deputéierte Franz Fayot drun interesséiert, fir Parteipresident ze ginn. Dat schreift haut Mëttwoch d'Wort. De Franz Fayot wier am Gaang eng Equippe zesummenzestellen. Den Delai fir d'Kandidaturen anzereechen ass de 15. Januar. Eng Woch drop, den 22. Januar, soll dann iwwer d'LSAP Parteispëtzten um Kongress zu Käerjeng ofgestëmmt ginn. De President vu bis elo, Claude Haagen, an de Generalsekretär, Yves Cruchten, stinn net méi zur Verfügung.


Update 12:00 Auer

De Felix Eischen, Deputé-Maire vu Kielen, huet iwwerdeems am 100,7-Interview säin Interessi fir de Poste vum Generalsekretär ugekënnegt. Hien hätt eng Zäit intensiv driwwer nogeduecht, wéi hie sech kéint arrangéieren, fir dës Aufgab ze iwwerhuelen. Hien hätt nach aner Aarbechten ze maachen a Generalsekretär ass "eng Aufgab, déi een net einfach esou mécht". Hie weist sech awer zouversiichtlech, datt hie sech zäitlech arrangéiere kann.

Och wann de Frank Engel bis ewell säin Interessi fir de Poste vum Parteipresident ugekënnegt huet, sou géif dat net bedeiten, datt de Felix Eischen sech zesumme mam Frank Engel als Tandem géif presentéieren. "Dat mécht jiddweree selwer. De Fränk presentéiert sech als President, de Serge viraussiichtlech och. Ech presentéiere mech als Generalsekretär.", esou de Felix Eischen. Bis ewell war nach net kloer, ob de Serge Wilmes fir de Poste vum Parteipresident kandidéiere wëllt. Fir de Felix Eischen géif dat awer keen Ënnerscheed maachen: "Ech schwätzen elo keng Preferenz fir deen een oder aneren aus." Hie kéint mat béide gutt, esou den Député-Maire vu Kielen.


De Felix Eischen am Gespréich mam Maurice Molitor:

Lauschteren

Méi zum Thema

Marc Spautz Exklusiv
CSV-Parteispëtzt

Wann et bei der CSV méi Kandidate fir d'Poste vum Parteipresident a vum Generalsekretär ginn, da sollen Hearingen an de véier Bezierker organiséiert ginn. Dat seet de Marc Spautz am 100,7-Interview.

Laurent Zeimet, Marc Spautz, Claude Wiseler, Martine Hansen
Chamberwahlen 2018

Bei der CSV goufen den Dënschdeg den Owend nach keng personell Entscheedungen ugekënnegt. Eréischt wann eng nei Regierung steet, géifen definitiv Personalentscheedunge geholl ginn. Dat sot de Claude Wiseler nom Nationalrot.

Serge Wilmes
Chamberwahlen 2018

De Serge Wilmes ass prett Verantwortung an der CSV ze iwwerhuelen, fir den Erneierungsprozess vun der CSV "aktiv mat an d'Hand ze huelen". D'Martine Hansen soll wëlle Fraktiounscheffin ginn.

Wiseler Spautz.jpg
Chamberwahlen 2018

Wou d'Rees hi geet, dat wëllt de Claude Wiseler dem CSV-Nationalrot den Dënschdeg den Owend soen. Dee Moment géif hien och d'Ëffentlechkeet "net nëmme prinzipiell, mee och ganz am Detail", informéieren.

Jean-Claude Franck
Chamberwahlen 2018

Et gouf Stëmmeverloschter fir d'CSV, d'LSAP an d'DP, zu Gonschte vun déi gréng, de Piraten an och der ADR. Dat ass de Resumé vun de Chamberwahlen. De radio 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck analyséiert.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Noriichten

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen