Et hätt een sech laang Gedanken doriwwer gemaach, esou d'Presidentin vum Ethikrot, d'Julie-Suzanne Bausch, wien als éischt eng Impfung kréie soll: d'vulnerabel Populatioun oder d'Leit aus dem Gesondheetssecteur?
Fir net bannent enger Populatiounspart ze prioriséieren, hätt de Rot sech fir déi méi kleng Unzuel vu ronn 1.000 Leit aus dem Gesondheetssecteur decidéiert, déi direkt mat Covid-19-Patienten a Kontakt sinn.
Allerdéngs wier den Avis, deen den Ethikrot am Optrag vun der Regierung gemaach huet, just eng Momentopnam. D'Diskussioune ronderëm d'Priorisatioun géifen an Zukunft nach vill méi komplizéiert gi, mengt d'Presidentin. No de Vulnerabele géif et nach ganz vill aner Kategorië ginn.
Datt de Vaccin gratis an net obligatoresch gëtt, wier dem Ethikrot wichteg. Et misst een d'Leit elo op eng pedagogesch Manéier iwwerzeegen, sech impfen ze loossen, fënnt d'Julie-Suzanne Bausch. Hei hätt den Ethikrot sech op de Prinzip vun der Autonomie baséiert.