D'Catarina Fernandes, Chefinfirmière um Covid-Stack vum CHL war déi éischt, déi gëschter Mëtteg um Lampertsbierg geimpft gouf. Si hätt d'Pickür guer net gespuert, "elles le font très, très bien", sot si direkt no der Impfung.
D'Impfung wier ee Kaddo fir d'Middegkeet vum Personal an d'Situatioun ënner Kontroll ze halen, mee vläicht wéilt net jiddweree sech impfe loossen: zu Lëtzebuerg gëtt et keng Impfflicht. Fir si selwer wier et awer kloer gewiescht, datt si sech wéilt impfe loossen, och wa si bis elo ëmmer negativ getest gi wier.
Hir Manéier ze schaffe géif elo net changéieren, mee si wier besser op der Aarbecht geschützt, mengt d'Catarina Fernandes.
Gëschter an haut sollen alles an allem ronn 800 Leit aus de Spideeler hir Impfung kréien. E Mëttwoch ass dann d'Personal aus Fleegeheimer drun. Pro Stonn kënnen an all Kabinn jeeweils aacht Leit geimpft ginn.
Dat Ganzt leeft op Invitatioun: iwwer en interne Mail konnt d'Personal aus de Spideeler sech umellen, erkläert ee Professionellen aus dem Departement vun de Rëntge vum CHEM.
Eng logistesch Erausfuerderung
Tëschent 80 an 85 Prozent vu Leit wieren der Invitatioun nokomm, sot de Luc Feller vum Héije Kommissariat fir déi national Protektioun gëschter. Datt déi éischt Impfungen an der Victor-Hugo-Hal stattfonnt hunn, hat ee logistesche Grond: Pfizer konnt aus Zäitdrock net an d'Spideeler liwweren, mee si hunn dat missten op eng zentral Plaz maachen. Dofir hätt een d'Personal aus dem Gesondheetssecteur am Centre de vaccination um Lampertsbierg geimpft.
Et misst den Ament mat reegelméissegen Ännerunge gerechent ginn, esou de Luc Feller weider. Geplangt ass, am Januar och dezentral - a Spideeler a Fleegeheemer - ze impfen. Bannent engem Mount kéint een esou 12.000 Persounen geimpft hunn, dorënner och an eelef Fleegestrukturen.